Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Abrëllsgeck ass een, deen den 1. Abrëll mat Hëllef vun engem Abrëllswitz ugeschmiert gëtt. Et besteet de Brauch, den 1. Abrëll ee vun der Famill oder e Bekannten unzeschmieren, doduerch datt een him eng ophänkt: entweeder, datt een him eng Onwourecht erzielt oder him en Optrag gëtt, mat deem hie sech blaméiert. De Liichtgleewege kritt dann ze héieren: Abrëllsgeck, stiech deng Nues an de Kéidreck.

Et ass och Usus, dat deen Dag d'Medien, wéi d'Zeitungen, de Radio an d'Televisioun, probéieren, hir Lieser, Nolauschterer oder Telespectateure kollektiv unzeschmieren, zum Beispill, andeems se mat enger zimmlech gleefbarer Geschicht d'Leit invitéieren, op eng Manifestatioun ze kommen, déi net ass.

Dëse Brauch gëtt et net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä a ville Länner. An Däitschland geet vun engem Aprilscherz rieds, a Frankräich vum poisson d'avril, an England vum April Fool's Day.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Abrëllsgeck – Biller, Videoen oder Audiodateien