D'Schlass vu Chambord ass dat gréisst vun de Schlässer vun der Loire. D'Haaptbauperiod war vu 1519 bis 1547 ënner dem franséische Kinnek François I. Et läit eng 5 Kilometer südëstlech vun der Loire an engem Domaine vu 5 440 ha am Dall vum Cosson, engem Niewefloss vum Beuvron dee selwer an d'Loire leeft, an ongeféier 14 Kilometer vun der Stad Blois, am Departement Loir-et-Cher (41), a Frankräich. D'Mauer ronderëm den Domän ass 32 km laang, déi längst a Frankräich. D'Schlass ass fir d'Ëffentlechkeet op, all Joer kommen iwwer 700.000 Visiteuren.

Schlass vu Chambord

Land Frankräich
Plaz 47° 36’ 58.27’’ N 01° 31’ 00.41’’ O
Bauzäit vu 1519 un
Architekt(en) ënner dem François I.:
François de Pontibriand
Pierre Nepveu genannt Trinqueau
ënner dem Henri II.:
Jacques Coqueau (maçon du Roi)
ënner dem Louis XIV.:
Jules Hardouin-Mansart

Geschicht

änneren

An enger Supp déi e puer Méint am Joer vum Cosson iwwerschwemmt gouf stoung zënter dem 10. Joerhonnert eng Buerg vun de Grofe vu Blois, déi 1498 an de Besëtz vun der Kroun iwwergaangen ass, déi et als Amusements- a Juegdschlass benotzt huet. 1516 ass de frëschgekréinte Kinnek François I. wuel bei enger Juegdpartie do laanschtkomm an en huet decidéiert, am Geescht vun der Renaissance e Schlass amplaz vun der Buerg bauen ze loossen, als Zort Annex vum Schlass vu Blois. D'Joren drop ass sech mat sëllegen Avant-Projete beschäftegt ginn, ier de 6. September 1519 den Uerder fir de Bau erausgaangen ass.

D'Archive vum Bau sinn am 17. Joerhonnert wéi de Rechnungshaff vu Blois mat deem vu Paräis zesummegeluecht gouf, auszortéiert ginn, soudatt rose wéineg aus där Zäit geséchert ass. D'Grondiddi geet wuel op Skizze vum Leonardo da Vinci zeréck, dee seng lescht dräi Joer bis 1519 op Invitatioun vum François Ier am Loireschlass Clos Lucé gewunnt huet. Mä et war wuel den Architekt Domenico Bernabei da Cortona deen eng Rei pragmatesch Upassunge gemaach huet an de Projet realiséiert huet. De Plang entsprécht deem vun enger Buerg, e grousse Rechteck mat engem Véiereck dran, a jiddweree mat Tierm op sengen Ecken. Uganks sollt just de Carré an der Mëtt gebaut ginn, deen nostalgescherweis Donjon genannt gouf, obschonn en näischt mat sou engem gemeinsam hat, mat véier ronnen Ecktierm déi genee d'selwecht sollte sinn, mä allkéiers ëm e Véirel an der Ausriichtung gedréint, op all Stack véier Appartementer ugeluecht wéi e griichescht Kräiz, an eng zentral Trap mat véier Leef déi sech vis-à-vis gesi mä ni begéinen. D'Wendeltrap ass aus praktesche Grënn op eng Duebelhelix reduzéiert ginn. Kuerz nom Ufank vum Bau wollt de Kinnek en eegenen Tuerm fir sech, deen nërdlech bäigebaut gouf, an d'Ausriichtung vum Nordtuerm vum Donjon huet missen op d'Kopp gedréit gi fir e Passage an deen Deel z'erméiglechen, dozou koum spéider och nach e weideren Tuerm westlech als Kapell an e Rez-de-chaussée op der hënneschter Säit vum Donjon fir d'Personal. Ëm dat Ganzt ware breet Waassergrief vun deen haut e grouusen Deel verschwonnen ass.

Wéi de François Ier an der Schluecht bei Pavia (1525) a Gefaangenschaft vum Keeser Karel V. koum, bis zum Fridde vu Madrid am Joer drop, do huet och d'Aarbecht um Schantjen zu Chambord gerout. Knapps erëm zu Land huet de François I. de Bau awer nees virugedriwwen. Den Donjon war fäerdeg wéi de François I. säi Rival Karel V. bei deem senger Duerchrees vu Spuenien op Gent do opgeholl huet fir en architektonesch ze beandrocken. 1542 gouf ugefaangen eng Mauer vun 32 km an de Bësch ze setze fir d'Wëld ze schützen a fir d'Juegd do ze halen. 1544 gouf de Kinneksflillek am Norde fäerdeg. Wéi de François I. 1547 gestuerwen ass, do hat e grad emol 72 Nuechten am Schlass vu Chambord verbruecht, meeschtens wéinst der Juegd. D'Schlass war dowéinst zu där Zäit guer net miwweléiert, all Miwwel, Wandteppecher, Iessgeschier asw. huet fir all Juegdausfluch extra misse matbruecht ginn.

Nom Doud vum Kinnek gouf sech net terribel ëm d'Schlass gekëmmert, a sou huet et de Sonnekinnek gebraucht, dee sech bewosst gouf datt Chambord en Ausdrock vu kinneklecher Muecht ass, fir datt den Daach vum Westflillek an d'hënnescht Enceinte da 1686 fäerdeg goufen. Um éischte Stack vum Donjon gouf an d'Nord-West Face en eenzegt Appartement agezunn, an de Cosson deen och d'Waassergrief ëm d'Schlass fiddert, gouf op enger Längt vu ronn 6 km beim Schlass kanaliséiert, fir datt et do keng Iwwerschwemmunge mé sollt ginn.

Duerno war d'Schlass vu verschiddene Leit bewunnt, z'ernimme wiere virun allem vu 1725 bis 1733 den exiléierte polnesche Kinnek Stanislaus I. Leszczyński, Schwéierpapp vum deemolege Kinnek Louis XV., a vu 1748 bis zu sengem Doud 1750 de franséische Marschall Moritz vu Sachsen, deen d'Schlass vum Louis XV. als Gouverneur op Liewenszäit krut, an deen d'Supp ronderëm drécheleeë gelooss huet als Moossnam géint Epidemien, de plakege Steen a sengem Appartement mat Holzverkleedungen a Parquet verstoppt huet, a virun allem véier grouss Fayence-Kacheliewe vu Danzeg komme gelooss huet fir datt déi bei deenen héije Raim iwwerfuerdert Kamäiner eng effektiv Hëllef kruten.

An der franséischer Revolutioun gouf d'Schlass vun den Awunner vun den Nopeschdierfer zolidd geplëmmt, an eréischt 1804 am Premier Empire ass nees e bëssen dono gekuckt ginn, bis datt et verkaaft gouf an un d'Bourbonen an herno un d'Haus Bourbon-Parma gaangen ass.

Am Éischte Weltkrich ass d'Schlass als Besëtz vum Feind konfiszéiert an 1930 no engem Rechtssträit vum franséische Staat valabel kaaft ginn. Am Zweete Weltkrich ware verschidde Konschtwierker do ausgelagert, dorënner der aus dem Louvre. An den 1950er an 1960er Jore stounge gréisser Restauratiounsaarbechten un. 1981 ass et als Weltierwe vun der UNESCO klasséiert ginn.

Dokumentatioun

änneren
  • Chambord. Le château, le roi et l'architecte. Dokumentarfilm, Frankräich 2015, 91 Min., Buch a Regie: Marc Jampolsky, Produktioun: arte France, Gédéon Programmes, Inrap, CNRS Images, Éischtsendung 5. Dezember 2015, Video a Filmtext vun arte
  • Chambord – Ein Luftschloss aus Stein. Dokumentarfilm, Däitschland 1999, 14:50 Min., Buch a Regie: Thomas Uhlmann, Produktioun: SWR, Rei: Schätze der Welt, Éischtsendung 19. Dezember 1999, Video a Filmtext vum SWR

Um Spaweck

änneren
Commons: Château de Chambord – Biller, Videoen oder Audiodateien