Flag Germany template.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Äifel ass eng hiwweleg Regioun a Westdäitschland, an Nordrhein-Westfalen an a Rheinland-Pfalz, südëstlech an ëstlech vun de belschen Ostkantonen, an nordëstlech vu Lëtzebuerg. Si stéisst also un d'Belsch an un de Grand-Duché. Uertschafte wéi Bitburg, Neierbuerg, Manderscheid, Krounebuerg a Schleiden hu bis 1794/95 zum Lëtzebuerger Land gehéiert, duerno zu den Departementer Forêts respektiv Ourthe, an 1815 sinn se u Preisen annektéiert ginn.

Vue vun der Héicht vun Düttling aus no Südosten. Um Horizont ze gesinn de Wandpark vun Dottel (lénks) a riets op der Kopp d'Uertschaft Kall. Distanz zum Fotograf 8 Kilometer. Plaz vum Fotograf 50° 36’ 38’’ N 06° 33’ 08’’ O.

D'Äifel gëtt am Süde vun der Musel begrenzt, an am Oste vum Rhäin. Se huet Ausleefer: am Nordwesten, d'Héicht Venn ( fr. "Hautes Fagnes" an der Belsch), an am Westen d'Éislek an d'Ardennë bis a Frankräich eran. D'Äifel, d'Éislek an d'Ardennë gehéieren zur selwechter geologescher Formatioun. Wat d'Äifel vum Éislek a vun den Ardennen ënnerscheet ass hire vulkaneschen Ursprong (kuckt: Vulkanäifel). Dat ass an Däitschland nach däitlech un de Maaren a Kraterséien z'erkennen.

Stied an der ÄifelÄnneren

Héich PlazenÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eifel – Biller, Videoen oder Audiodateien