E Stärebild ass eng Grupp vu Stären, déi en opfällegt Muster weisen. Stärebiller loosse sech bal an alle Kulture bis zeréck an déi fréier Héichkulture mat Sécherheet feststellen. Déi haiteg Stärebiller gi vun den zwielef babyloneschen Déierekreeszeechen aus, a goufen am antike Griicheland op 48 vergréissert. Tëscht 1600 an 1800 koumen der nach derbäi. Am Joer 1922 gouf d'Zuel op déi haiteg 88 Stärebiller festgeluecht.

D'Stärebild Orion ass e Stärebild wat een am Wanter um südlechen Himmel kucke kann

Begrëffsofgrenzung Stärebild – Asterismus änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Asterismus  

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Stärebiller – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. (siehe engl. Wikipedia)