Nicolas Kinsch
lëtzebuergesche Geeschtlechen, Erzbëschof vu Kisangani
Den Nicolas Kinsch, gebuer den 31. Oktober 1904 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen den 23. Mäerz 1973 zu Lëtzebuerg[1], war Äerzbëschof vu Kisangani, dem fréiere Stanleyville am Belsche Kongo (spéider Zaïre, haut Demokratesch Republik Kongo).
Nicolas Kinsch | |
---|---|
De Monseigneur Kinsch an Afrika | |
Gebuer |
31. Oktober 1904 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
23. Mäerz 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof |
Den Nicolas Kinsch huet säig Secondaire an der deemoleger École apostolique vu Clairefontaine zu Badebuerg an der Belsch gemaach. Den 12. Juli 1931 gouf hien zum Priister an der Kongregatioun vun den Häerz-Jesu-Patere geweit.[2]
Hie war vum 7. Mee 1958 bis den 10. November 1959 Apostolesche Vikar vu Stanleyville, an duerno, bis de 26. September 1967, Äerzbëschof vu Kisangani.
Säi Liewensowend huet en am Häerz-Jesu-Retraiten-Haus um Houwald verbruecht.
Hie war de Monni vum Joseph Kinsch.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ Doudesannonce vum Nicoals Kinsch am Luxemburger Wort vum 24. Mäerz 1973 op der Säit 7 op eluxemburgensia.lu gekuck den 2. Januar 023
- ↑ Biographie op catholic-hierarchy.org
- Am Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht war vum 08. Abrëll bis de 6.November 2022 eng Ausstellung iwwer d'kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg ze gesinn.