Charles de Plakkapp
De Charles II. oder Karl II., bekannt als Charles (Karl) de Plakkapp, gebuer den 13. Juni 823 zu Frankfurt am Main, a gestuerwen de 6. Oktober 877 zu Avrieux (bei Modane) aus der Famill vun de Karolenger, war e westfränkesche Kinnek (843-877) a Keeser vun 875-877.
Charles de Plakkapp | |
---|---|
Gebuer |
13. Juni 823 jul. Frankfurt am Main |
Gestuerwen |
6. Oktober 877 jul. Avrieux |
Doudesursaach | Malaria |
Aktivitéit | Monarch, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Irmentrud vun Orléans |
Papp | Louis de Frommen |
Mamm | Judith vu Bayern |
Geschwëster | Lothaire I., Ludwig den Däitschen, Pippin I., Arnulf vu Sens, Gisela, Rotrude, Berthaid, Hildegard |
Kanner | Judith vu Flandern, Louis II. vu Frankräich, Charles III. vun der Aquitaine, Karlmann, Lothat de Schlammen, Rothilde, Irmentrud, Hildegard, Gisla, Rotrude, Drogo, Pippin |
Säi Liewen
ännerenDe Charles war de jéngste Jong vum Louis de Frommen aus deem sengem zweete Bestietnes mat der Judith vu Bayern.
Mat nëmme 6 Joer gouf de Charles 829 zum Dux Alemanniae ernannt. 838 gouf en zum Ënnerkinnek vun Neustrien (haut dat nërdlecht Frankräich) gekréint. Nom Doud vum Keeser Louis dem Frommen 840 an der zesumme mam Ludwig dem Däitschen errongener Victoire iwwer hiren eelste Brudder Lothaire I. an der Schluecht vu Fontenoy 841 ass am Traité vu Verdun 843 dee westlechen Drëttel vum Räich, vun de Pyrenäen bis bei d'Schelde un de Charles gefall. 848, nodeem säin Neveu Pippin II. ofgesat gi war, huet e sengem Westfrankeräich och déi direkt Herrschaft iwwer d'Aquitaine iwwerdroen.
869, nom Doud vum Lothaire II., deen Herrscher vum nërdlechen Drëttel vum Mëttelräich war, dat 855 vum Lothaire I. gedeelt gi war a Lotharingien genannt gouf, huet e probéiert, deem säi ganzt Gebitt z'annexéieren, huet et awer 870 am Traité vu Meerssen misse mam Ludwig dem Däitschen deelen.
Nom Doud vu sengem Neveu Louis II. vun Italien 875, dee keng Kanner hat, huet en deem säin italieenescht Kinnekräich geierft. Dozou huet och e groussen Deel vun der Bourgogne gehéiert, déi 863 nom Doud vu sengem Neveu Charles un de Louis gaange war. Hie gouf de 25. Dezember 875 zu Roum zum Keeser gekréint.
Dem Charles seng Ierwe waren am Westfrankeräich de Louis den Tuddeler, an Italie säin ostfränkeschen Neveu Karlmann an an der Bourgogne huet de Boso vu Vienne sech selbststänneg gemaach, deen 880 zum Kinnek vun der Ënneschter Bourgogne gewielt gouf.
De Charles de Plakkapp gouf fir d'éischt zu Nantua begruewen, méi spéit awer an d'Basilika Saint-Denis transferéiert.
Nokommen
ännerenDe Charles war zweemol bestuet:
- de 14. Dezember 842 mam Irmentrud (* 27. September wuel 830; † 6. Oktober 869, Duechter vum Grof Odo vun Orléans
- den 22. November 870 mam Richildis († 2. Juni 910), Duechter vum Grof Buvinus vu Metz an der Richeut vun Arles (Buviniden)
Vum Irmentrud hat en néng Kanner:
- Judith (* wuel 844 † no 870), ∞ 1. Oktober 856 Æthelwulf, Kinnek vu Wessex, † 858; ∞ II 858 Kinnek Æthelbald, Kinnek vu Wessex, † 860, ∞ III no enger Entféierung 862 Enn 863 zu Auxerre BaudouinI., Grof vu Flandern, † 879
- Louis II. den Tuddeler (* 846; † 879), Kinnek 877
- Charles d'Kand (* 847/848; † 866), Kinnek (vun der Aquitaine) 855
- Karlmann († 876) 854, Tonsur, 860 Abt vu St. Médard zu Soissons, 870 ofgesat, 873 blann gemaach, 874 Abt vun Iechternach
- Lothaire († 865 virum 25. Dezember), 861 Pater, spéider Abt vu Saint-Germain d'Auxerre
- Ermentrud († nom 11. Juli 877), Äbtissin vu Hasnon bei Valenciennes
- Hildegard
- Gisela
- Rotrud († o 889, wuel nom 3. Februar 912), wuel Äbtissin vun Andlau
Vum Richildis hat e fënnef Kanner:
- Rothild (* wuel 871; † 928/929), ∞ géint 890 Grof Rotger (wuel identesch mam Roger, 897 Grof vu Maine; † 31. Oktober 900)
- Drogo (* 872/873; † 873/874), Zwilling
- Pippin (* 872/873; † 873/874), Zwilling
- Kand (* 23. Mäerz 875; † geschwënn no der Gebuert)
- Charles (* 10. Oktober 876; † 877 virum 7. Abrëll)
Literatur
änneren- Janet L. Nelson: Charles le Chauve. Aubier Montaigne 2001, ISBN 2-7007-2261-2.
- Reinhard Lebe: War Karl der Kahle wirklich kahl? Historische Beinamen – und was dahintersteckt. dtv 2003, ISBN 3-423-30876-1.
Um Spaweck
ännerenCommons: Charles de Plakkapp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Louis de Frommen |
Kinnek vum Westfrankeräich 843- 877 |
Nofollger: Louis den Tuddeler |
Virgänger: Pippin II. (Aquitaine) |
Kinnek vun de Franken / Deelräich Aquitaine 848- 855 |
Nofollger: Karel III. (Aquitaine) |
Virgänger: Louis II. (Italien) |
Kinnek vun den Italieener/Langobarden a Burgunder 875- 877 |
Nofollger: Karlmann (Italien) Boso vu Vienne (Nidderburgund) |
Virgänger: Louis II. (Italien) |
Réimesche Keeser 875- 877 |
Nofollger: Karel den Décken |