Philippe d'Arenberg

(Virugeleet vu(n) Philipp de Croy)
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Philippe d'Arenberg, Grof vu Beaumont gebuer 8. Mee 1619 zu Bréissel a gestuerwen den 12. Januar 1675 zu Lëtzebuerg, war vu 1654 bis 1675 Gouverneur vu Lëtzebuerg. Hie war och eng Zäit Gouverneur vum Hainaut.

Philippe d'Arenberg
Gebuer 8. Mee 1619 jul.
Bréissel
Gestuerwen 12. Januar 1675 jul.
Bréissel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Ernest-Dominique d'Arenberg

Hie war den zweete Bouf vum Alexandre d'Arenberg an deem senger Fra der Madeleine d'Egmont. Nom Doud vu sengem Brudder Albert am Joer 1648, war hien den Haushär vun den Arenbergs a krut dunn och d'Titelen Herzog vu Croï, Prënz vu Chimay, an Här vun Avesnes.

Hien hat sech am Mäerz 1642 mat der Théodore-Maximilienne-Jossine de Gavre, Gräfin vu Frezin bestuet. D'Koppel krut ee Bouf, den Ernest Dominique, deen de 26. Dezember 1643 op d'Welt koum a kuerz nom Doud vu sengem Papp och Gouverneur vu Lëtzebuerg gouf.

Vum Philippe d'Arenberg staamt den offiziellen Numm vun der Dräikinneksgaass, d'rue Chimay.

An där Zäit wéi hie Gouverneur vu Lëtzebuerg war, goufen d'Haiser am Pafendaller Bierg opgerappt an d'Leit kruten neier am Zentrum vun der Stad ë. a. an der Dräikinneksgaass, där hiren Numm op eng Bäckerei zeréckgeet, déi iwwer dem Buttek eng Figuregrupp mat den Dräi Kinneken hänken hat.