Stater Tram

Tramsreseau an der Stad Lëtzebuerg an a verschiddenen Nopeschgemengen

De Stater Tram ass eng Tramslinn, déi vun der Firma LuxTram S.A. bedriwwe gëtt an där hiert éischt Deelstéck den 10. Dezember 2017 opgoung. Si markéiert en neit Kapitel vum Tram an der Stad, nodeems et schonn tëscht 1875 an 1964 ee gouf, deem um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg a verschiddenen Nopeschgemenge gefuer ass.

Luxtram T1 2020.png
Luxembourg, tram tronçon C – 07-2022 (103).jpg
Bedreiwer LuxTram
Trajet (Fluchhafe Findel -) Kierchbierg - Stäreplaz - Gare - Bouneweg (- Stadion)
Terminus 1
Numm Luxexpo (provisoresch)
Koordinaten 49° 38’ 07’’ N 06° 10’ 33’’ O
Terminus 2
Numm Lycée Bouneweg (provisoresch)
Koordinaten 49° 35’ 25,3’’ N 06° 08’ 18,8’’ O
Aller
Längt 8,9 km
Fuerzäit 27 Min.
Halten 17
Retour
Längt 8,9 km
Fuerzäit 27 Min.
Halten 17
Takt
Méindes-Freides 05h45 bis 20h00: 5, soss 8 bis 15 Min.
Samschdeg 11h25 bis 18h45: 10, soss 15 Min.
Sonndeg 11h25 bis 18h45: 10, soss 15 Min.
Tracé vun der Tramslinn T1 (hellmof: geplangt).

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fréiere Stater Tram.

D'Streck besteet einstweilen aus enger eenzeger Linn, der T1, a féiert virleefeg op enger Längt vu 8,6 Kilometer vun der Luxexpo iwwer de Kierchbierg, de Glacis, den Hamilius an d'Stater Gare bis bei de Lycée Bouneweg. Den Trajet huet 17 Halten, déi an der Moyenne 500 Meter ausernee leien. Eng Faart dauert 27 Minutten. Enn 2024 soll déi definitiv Streck tëscht dem Fluchhafe Findel an dem Stadion vu Lëtzebuerg fäerdeg sinn. Deen Ament huet d'Linn da 24 Statiounen op ronn 16 Kilometer.

Wéi se opgoung, goung d'Linn vum T1 vun der Luxexpo nëmme bis bei de Funiculaire bei der Rouder Bréck. De 27. Juli 2018 gouf se bis op d'Stäreplaz verlängert, an den 13. Dezember 2020 viru bis op d'Stater Gare. Den 11. September 2022 gouf e weidert Deelstéck bis bei de Bouneweger Lycée offiziell a Betrib geholl.[1]

GeschichtÄnneren

ChronologieÄnneren

  • 7. Mäerz 1991: Grënnung vun der TRAM A.s.b.l.[2]. D'Iddi vum Retour vum Tram kënnt eng éischt Kéier op;
  • 1994: Verëffentlechung vun der Luxtraffic Etüd;
  • 1995 Presentatioun vum Projet BTB (Bus-Tram-Bunn), mat enger “Tram-Bunn” (tram-train);
  • 1999: Wéinst ze vill staarker Oppositioun gëtt de BTB begruewen ;
  • 2002: Presentatioun vum Projet mobiliteit.lu, als Evolutioun vum BTB;
  • 2003: De Projet gëtt am Detail presentéiert;
  • 2005: D'Iddi vum “Tram-Zuch” gëtt definitiv opginn;
  • 2006: D'Iddi vun engem klasseschen Tram kënnt op a gëtt vum Staat an der Stad Lëtzebuerg ugeholl;
  • 20. Juni 2007: Grënnung vum GIE LuxTram (Groupement d'intérêt économique)[3];
  • 2007 an 2008: D'Streck gëtt festgeluecht (Gare - Luxexpo);
  • 2010: wéinst der Finanzkris gëtt de Projet op Äis geluecht;
  • Mäerz 2012: D'Géigner vum Tram fuerderen e Referendum;
  • Januar 2014: Op en Neits fuerderen d'Géigner e Referendum;
  • Abrëll 2014: Ukënnegung vun der Extensioun vun der Linn (op d'Cloche d'or an op de Fluchhafen);
  • Mee 2014: Eng drëtt a lescht Fuerderung fir e Referendum gëtt vun der Chamber verworf
  • 4. Juni 2014: D'Chamber stëmmt fir en Tram ze realiséieren[4];
  • 17. Oktober 2014: Den Numm vum GIE LuxTram gëtt an GIE Tramway Luxembourg[5] geännert
  • 21. Oktober 2014: LuxTram gëtt als Société anonyme gegrënnt[6];
  • 15. Januar 2015: GIE Tramway Luxembourg gëtt vu LuxTram S.A. iwwerholl[7];
  • 2015 Januar: D'Viraarbechte vum neien Tramsschapp fänken un;
  • 18. September 2015: De Grondstee vum neien Tramsschapp gëtt geluecht;
  • Februar 2016: D'Viraarbechte vun der Linn fänken un;
  • Juli 2016: Déi éischt Schinne gi geluecht;
  • 24. August 2016: Déi éischt Schinne ginn zesummegeschweesst;
  • 8. Februar 2017: Den éischten Tram gëtt geliwwert;
  • 12. Juli 2017: Déi éischt Tester gi lass;
  • 23. / 24. September 2017: Den Tram an den Neien Tramsschapp ginn dem Publikum op enger „Porte ouverte“ virgestallt;
  • 2. November 2017: Testfaarten am normale Verkéier, awer ouni Passagéier;
  • 10. Dezember 2017: Den éischten Deel vun der Streck geet op;
  • 14. Dezember 2017: D'Chamber stëmmt fir den Ausbau vun der Linn op d'Cloche d'or an de Fluchhafen;
  • 21. Mee 2018: Éischt Testfaarten um Deelstéck Rout Bréck-Stäreplaz.[8]
  • 27. Juli 2018: Verlängerung vun der Linn bis op d'Stäreplaz[9] ;
  • 29. Oktober 2018: Ufank vun den Aarbechten un der 3. Phas (Stäreplaz - Gare)
  • 5. Oktober 2020: Éischt Testfaarten op der Verlängerung vun der Linn bis op d'Gare[10];
  • 13. Dezember 2020: Ouverture vun der Verlängerung bis op d'Gare;
  • 11. Juli 2022: Éischt Testfaarten op der Verlängerung vun der Linn bis bei de Lycée Bouneweg[11]
  • 11. September 2022: Verlängerung bis op Bouneweg[11]
  • Enn 2023 (geplangt): Verlängerung vun der Linn bis op d'Cloche d'or[12].
  • Enn 2024 (geplangt): Verlängerung bis op de Fluchhafen[11];

Den ale ReseauÄnneren

 
Eng Motrice vum Alen Tram, déi am Tramsmusée ausgestallt ass.

An der Stad Lëtzebuerg gouf et vun 1875 un en éischten Tramsreseau[13]. Am Ufank waren et Trammen déi vu Päerd gezu goufen (Päerdstram) a vun 1908 u gouf de Reseau elektrifizéiert. 1930 hat de Reseau 30 Kilometer. 1926 sinn déi éischt Bussen agesat ginn a lues a lues ass dunn den Tramsreseau zugonschte vun de Bussen ofgerappt ginn. De leschten Tram ass de 5. September 1964 gefuer.

Mëssgléckte Projet vun enger "Tram-Bunn"...Änneren

 
D'Saarbahn zu Saarbrécken; eng Maquette dervu war 1995 zu Lëtzebuerg ausgestallt ginn.

Zanter 1990 gouf et an der Stad Lëtzebuerg Bestriewungen, nees en Tram anzeféieren. Am Mäerz 1991 ass d'TRAM A.s.b.l. gegrënnt ginn, mam Zil fir z'ënnersichen ob dëst méiglech an ubruecht wier. Am Dezember 1991 ass d'TRAM A.s.b.l. den Tramsreseau op Düsseldorf besiche gaangen[14]; an den zwee Joerzéngten duerno, stoungen nach aner Visitte vun Tramsreseauen uechter Europa um Programm. Zesumme mam Mouvement écologique a mam Oekofonds huet d'TRAM A.s.b.l. am Joer 1992 d'Etüd "E modernen Tram fir Lëtzebuerg" virgestallt[14]. Virun de Gemengewale gouf eng Table-ronde mat de politesche Parteien organiséiert[14].

Am Joer 1994 sollt dunn - duerch eng Initiativ vum Transportministère zesumme mat der Stad Lëtzebuerg - mat der Luxtraffic Etüd erausfonnt ginn, wat fir e Verkéiersmëttel am beschte gëeegent wier fir den ëffentleche Verkéier am Land ze verbesseren. Als Konklusioun aus der Etüd ass de Projet BTB (Bus-Tram-Bunn) ervirgaangen[15].

1995 ass dunn de Projet BTB vun der Regierung un d'Rulle bruecht ginn, mat deem et haaptsächlech drëm goung fir eng sougenannt "Tram-Bunn" an d'Liewen ze ruffen. Eng Maquette vu sou enger Bunn wéi se zu Saarbrécken fiert (Saarbahn) gouf am September an der Stad ausgestallt[14]. Déi éischt Kriticke géint en Tram koumen am Joer 1998 op, absënns duerch d'Aktioun vum Automobile-Club am Auto-Moto-Magazine (¿¿¿)[16]. Doropshin hu sech eng Rëtsch Politiker[Wien?] schwéier gedoe fir sech fir den Tram anzesetzen, wat mat sech bruecht huet, datt de Projet BTB schlussendlech gestuerwen ass[14]. De Budget fir de BTB gouf sengerzäit op 760 Milliounen Euro geschat[17].

Am Januar 2002 huet den Transportminister Henri Grethen en neie Projet „mobilitéit.lu“ presentéiert. Dëse Projet huet dat wesentlecht aus dem BTB iwwerholl, goung awer méi wäit, andeem och eng nei Verbindung vun der Stad bis op Esch-Uelzecht proposéiert gouf. Et goung awer net am Detail riets vum schwieregen Tracé duerch d'Stad[14]. E Joer méi spéit, de 14. Januar 2003, huet de Minister dunn den Uschloss vum Kierchbierg un den Eisebunnsreseau virgestallt[18]. Zwou Verbindunge ware virgesinn:

  • eng éischt sollt op der Héicht vun der Rouder Bréck vun der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen aus iwwer e gekréngelten Tracé op de Kierchbierg an da weider iwwer d'Avenue John. F. Kennedy bis bei d'Luxexpo féieren. Dësen Deel sollt am Tram-Bunn-Modus gefuer ginn;
  • eng zweet sollt vun der Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg aus duerch en Tunnel bis op de Findel an duerno iwwerierdesch weider bis op de Fluchhafe féieren. Dësen Deel vun der Streck hätt solle mat Tram-Bunnen a klasseschen Zich gefuer ginn.

Dëse Projet mat enger Längt vu 14 km, gouf op 389,68 Milliounen Euro geschat. Als Optioun war och nach eng Verlängerung bis op de Lampertsbierg virgesinn. De Projet de loi gouf de 14. Januar 2003 virgestallt[18] an d'Gesetz den 18. Dezember 2003 vun der Chamber gestëmmt[19]. D'Aarbechte sollten an e puer Phase gemaach ginn. Den éischten Deel (Dummeldeng - Kierchbierg) hätt sollen Enn 2006 / uganks 2007 fäerdeg sinn an duerno hätt den zweeten Deel (Iergäertchen - Findel) ufänke kënnen. Dësen Deel wier dann 2012 / 2013 fäerdeg gewiescht.

2004 gouf et du vun der A.s.b.l. RER Luxembourg eng nei Initiativ géint d'Konzept vun der Tram-Bunn [20], déi dofir agetrueden ass den ëffentlechen Transport deelweis bis ronn 60 Meter ënnert dem Buedem duerch d'Stad ze féieren. Dëse Projet ass méi spéit och ënner dem Numm „City-Tunnel“ vun der ADR opgegraff ginn[21]. Zesumme confirméieren awer de Staat an d'Stad Lëtzebuerg am Joer 2005, datt si weiderhin hannert dem Projet Tram-Bunn stinn.

De Projet ass awer definitiv den 10. November 2005 gestuerwen, wéi d'CFL erklären, datt si net capabel sinn en Tram-Bunn-Reseau ze bedreiwen[14].

... zu Gonschte vun engem klasseschen TramÄnneren

 
Den Tram ersetzt verschidde Buslinnen, dorënner déi vill benotzt Linn 16.

D'Iddi fir en Tram ze baue fir domat d'Stad z'entlaaschten, ass am Juni 2005 opkomm an et gouf en Aarbechtsgrupp « Extension du réseau ferré dans la Ville de Luxembourg » gegrënnt. Den neie Projet gouf den 10. Mäerz 2006 am Regierungsrot an de 27. Mäerz am Stater Gemengerot presentéiert[22]. D'Regierung grad ewéi d'Stad Lëtzebuerg stoungen allebéid hannert deem neie Projet an e gouf am Abrëll vun der Chamber validéiert[23]. Domat konnt de Projet du konkreet ulafen[22]. Déi ursprénglech Iddi vun der Tram-Bunn gëtt deemno opginn zu Gonschte vun der Realiséierung vun engem klasseschen Tram, kombinéiert mat enger Verbesserung vum Schinnennetz[14][23].

Den Tracé vum Tram gouf 2007 definéiert. De Prinzip vun enger Verbindung vum Kierchbierg iwwer d'Avenue Kennedy gouf bäibehalen, et gouf awer eng Verlängerung duerch d'Uewerstad bis op d'Gare virgeschloen. D'Oppositioun aus dem Camp vun de Aktivisten déi fir den Tunnel agetruede sinn, war hefteg. Si sinn esou wäit gaange fir den Tram als eng „folkloristesch Variante vum Bus“[24] ze qualifizéieren a fir d'Kritiker vum Tunnelprojet ze diskreditéieren. D'Regierung war gezwongen ze reagéieren an huet widderholl, datt si géint de „Bus-Bunn-Projet“ wier.

Den 21. Juni 2007 gouf de GIE LuxTram gegrënnt, dee Pläng ausschaffe sollt, fir en Tram duerch d'Stad fueren ze loossen. De GIE besteet zu gläichen Deeler aus Vertrieder vum Staat an der Stad Lëtzebuerg. Den „Avant-projet sommaire“ gesouch eng Tramslinn vir, déi vun der Gare Houwald iwwer d'Gare Zéisseng - d'Gare Centrale an d'Uewerstad op de Kierchbierg bis bei d'Luxexpo féiere sollt. Se sollt kombinéiert gi mat enger Eisebunnsverbindung vun der CFL-Linn 3 iwwer de Fluchhafe Findel mat enger Endstatioun bei der Luxexpo[23].

Am Mee 2008 gouf eng Maquette vun engem Tram (vun der Linn 1 vum Tram vun Nice) an der Stad ausgestallt fir der Bevëlkerung esou de Projet vum Tram virzestellen[25]. Den Tracé tëscht der Stater Gare an der Uewerstad gouf 2008 festgehalen, nodeems et dräi Variante goufen: eng iwwer d'Nei Avenue (déi och duerno zeréckbehale gouf), eng aner iwwer d'Al Avenue an eng drëtt iwwer déi zwou Avenuen, awer allkéiers nëmmen an enger Richtung[26].

Wéi am Joer 2010 Lëtzebuerg d'Finanzkris ze spiere krut, war d'Regierung verflicht, eng Rëtsch Spuermoossnamen z'ergräifen a verschidde Projeten hu missen op Äis geluecht ginn. Dorënner och de Projet vum Tram. De Premier Jean-Claude Juncker huet a senger Ried zur Lag vun der Natioun de 4. Mee 2010 ugekënnegt, datt den Tram net virun 2014 kéint realiséiert ginn[14],[27]. Ursprénglech war virgesinn, datt d'Aarbechten uganks 2011 sollten ufänken, soudatt d'Linn 2014 hätt kënnen opgoen[28]. Am August goufen am Zentrum vun der Stad geotechnesche Buerunge fir de Bau vum Tracé gemaach, fir déi genee Positioun vun de Statioune kënne festzeleeën[29].

Oppositioun an alternativ ProjetenÄnneren

Am Mäerz 2012 hu verschidde Volleksvertrieder vum ADR a besonnesch den Deputéierte Jacques-Yves Henckes - déi vu vir era géint den Tram an éischter fir de „City-Tunnel“ agetruede sinn - verlaangt, datt e Referendum sollt organiséiert ginn, mat deem d'Bevëlkerung sech fir déi eng oder aner Iddi kéint ausschwätzen[30],[31]. Déi aner Parteien hunn de Virschlag vum ADR kritiséiert, mat der Begrënnung, datt en nationale Referendum iwwer e lokale Sujet géint d'Gesetz verstousse géif. D'Iddi vum Referendum ass am Mee vun der Regierung verworf ginn, well de „City-Tunnel“ nëmme schwéier realiséierbar wier, souwuel a Bezuch op d'Käschten, wéi och op déi technesche Machbarkeet[32].

Am Juni huet den deemolege Minister fir nohalteg Entwécklung, Claude Wiseler, confirméiert, datt den Tram en Deel vun der Regierung hirem Plang fir eng nohalteg Mobilitéit wier an datt de Schantje fir den Tram ze bauen 2014 ufänke géif. Déi geschate Käschte fir déi éischt Phas géife bei 320 Milliounen Euro leien. Et gouf awer och nach preziséiert, datt de Schantje fir déi éischt Phas eréischt kéint ufänken nodeems eng Ëmwelt-Impaktstudie gemaach gi wier[33]. D'Géigner vum Projet hunn en ze deier an net néideg fonnt[34]. De Projet géif et erlaben déi 270 Bussen déi pro Stonn iwwer d'Nei Avenue fueren do erauszehalen. Haaptsächlech déi regional Buslinnen solle ronderëm der Stad op Statiounen nieft der Tramslinn gekappt ginn wou een dann ëmklamme kann[35]. Am September 2013 huet de Regierungsrot gréng Luucht gi fir datt de Staat sech finanziell um Bau vun der Tramslinn bedeelege kann[36].

De Projet stoung am Januar 2014 erëm am Vierdergrond. De Staatsrot war nämlech der Opfaassung - entgéint der Meenung vun der Regierung zwee Joer virdrun - datt den Tram tëscht dem Kierchbierg an der Gare d'Problematik déi duerch de staarke Voyageursverkéier entsteet, net léise kann[37]. Fir effikass ze sinn, misst den Tram capabel si fir och op der Schinneninfrastruktur vum Zuch ze fueren. De François Bausch - Nofollger vum Claude Wiseler - huet dem Conseil d'état erkläert, datt dëse Projet eleng d'Verkéiersproblemer net léise kéint, ma datt een en als Deel vun engem ganze Pak vu Léisunge betruechte misst, deen d'Regierung am Kader vun engem nohaltege Mobilitéitsplang (MoDu) virgesäit[38]. Den ADR huet nach eng Kéier e Referendum gefuerdert[39].

Am Mäerz 2014 gouf d'Nei Bréck fir de Verkéier zou gemaach well se - fir datt den Tram driwwer fuere kann - komplett restauréiert a méi breet gemaach muss ginn. De Schantjen huet dräi Joer gedauert. Wärend där Zäit gouf niewendrun eng provisoresch Bréck gebaut déi - wéinst hirer Faarf - am Volleksnumm d'„Blo Bréck“ genannt gouf[40]. D'Nei Bréck ass am Mäerz 2017 erëm opgaangen[41].

Am Abrëll 2014 haten de François Bausch an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer informéiert, datt den Tram um Tracé duerch d'Stad ouni Catenaire fuere géif. Dëst war drop zeréckzeféieren, well d'Géigner vum Tram sech ëmmer drop behaapt hunn, datt d'Catenairen d'Vue vun der Stad verschampeléiere géifen. Den Ufank vun den Aarbechte gouf fir 2015 ugekënnegt[42]. Si hunn och matgedeelt, datt d'Linn am Endausbau bis op den Houwald an op de Fluchhafe Findel verlängert géif ginn. Dës zwou Verlängerunge géifen deemno zousätzlech zum urspréngleche Projet (Kierchbierg-Gare) gebaut ginn[43]. Dës Ukënnegung huet d'Buergermeeschtere vun Hesper, Nidderaanwen a Sandweiler op de Plang bruecht, déi gemengt hunn, se wiere vum Nohaltegkeetsminister beduckst ginn[44]. De Projet fir eng Verbindung vun der Eisebunnslinn vun Dummeldeng op de Kierchbierg ze baue schéngt definitiv net méi aktuell ze sinn.

Tëscht November an Dezember 2013 hat LuxTram eng Meenungsëmfro organiséiert an där hir Resultater goufen am Mee 2014 virgestallt. Dobäi koum eraus, datt nëmmen 23 % vun de Befrote géint de Projet waren, 7 % waren nach onentschloss[45]. Dës Resultater hu gewëssermoossen iwwerrascht, well grad an där Zäit eng ëffentlech Petitioun um Internet am Gaang war, déi e Referendum géint den Tram gefuerdert huet. Well d'Petitioun déi néideg 4500 Ënnerschrëften zesumme kritt hat, huet de Sujet missen an der Chamber diskutéiert ginn[46]. No der Debatt tëscht den Deputéierten an de Petitionären ass de Referendum majoritär vun den Deputéierte refuséiert ginn, aus Angscht datt d'Organiséiere vun engem Referendum de Projet nach weider verspéide géif. Den Deputéierte Claude Adam huet dobäi bemierkt, datt bei de Parlamentswalen 2013 90 % vun de Wieler fir eng Partei gestëmmt haten, déi fir den Tram war[47]. De 4. Juni 2014 huet d'Chamber mat 56 vu 60 Stëmmen de Gesetzprojet 6626 gestëmmt, mat deem 230 Milliounen Euro bewëllegt goufen, fir en Tram vun der Luxexpo op d'Stater Gare ze bauen[48]. Dobäi kommen eng 124 Millioune vun der Stad Lëtzebuerg, soudatt d'Gesamtkäschten (inklusiv den Ënnerhalt fir 4 Joer) bei 354 Milliounen Euro leie géifen.

En alternative Projet fir de Bau vun enger Seelbunn déi tëscht der Stater Gare an dem Kierchbierg fuere kéint, an deen och vun der Handwierkerkummer ënnerstëtzt gouf, ass awer vum Minister François Bausch ofgeleent ginn, well hien en als onrealistesch ugesinn huet[49]. D'Gesetz iwwer de Bau vun der Tramslinn tëscht der Stater Gare an der Luxexpo um Kierchbierg ass de 24. Juli 2014 ënnerschriwwen[48] an de 6. August publizéiert ginn[4].

Den 21. Oktober 2014 hunn de Minister fir Nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, François Bausch, fir de Lëtzebuerger Staat, souwéi d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer an déi Éischt Schäffin Sam Tanson fir d'Stad Lëtzebuerg den Akt ënnerschriwwen, fir aus dem Groupement d'intérêt économique (GIE) eng Aktiegesellschaft ze maachen[5][6][50].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: LuxTram.

De Choix fir aus dem GIE eng privat a keng ëffentlech Gesellschaft ze maachen ass - den Autoritéiten no - drop zeréckzeféieren datt et mat enger ëffentlecher Gesellschaft méi deier a méi komplizéiert gi wier, absënns wat d'Prozedure vun den ëffentlechen Aarbechten ugaange wier. Dës Entscheedung gouf besonnesch vum Landesverband, der gréisster Gewerkschaft vun den Eisebunner bedauert[51].

Bau an Ouverture vun der 1. Phas (Tronçon A)Änneren

D'Ramm 106 mécht Nuetstester an der Avenue John F. Kennedy (August 2017).

D'Viraarbechte fir en neien Tramsschapp hunn am Januar 2015 ugefaangen, mat den archeologeschen Ausgruewungen an dem Ofholze vu 4,4 ha Bësch un, do wou herno d'Rangéiergare hi kënnt. Als Kompensatiounsmoossnam ginn op enger anerer Plaz am Gréngewald 6,8 ha Bësch nei ugeluecht. De 15. Januar gouf de GIE vun der LuxTram S.A. iwwerholl. Am Februar ass d'Leedung vum Bau vun enger Association momentanée iwwerholl ginn, déi aus de Lëtzebuerger Firme Paul Wurth Geprolux, Luxplan SA, Beng architectes associés, Felgen et associés an der franséischer Firma Egis mat hirer Filial Atelier Villes et Paysages besteet[52]. Schliisslech hunn d'Aarbechte fir d'Verleeë vun den ënnerierdesche Leitungen am Mee ugefaangen[53]. Mam Zil fir LuxTram bei der Exploitatioun vun der éischter moderner Tramslinn vum Land ze hëllefen, gouf den 2. Juli 2015 e Kontrakt iwwer dräi Joer mat enger Grupp vun dräi franséischen Entreprisen ofgeschloss. Et handelt sech dobäi ëm Transdev, der Société d'économie mixte des transports en commun de l'agglomération nantaise (Semitan) an Transamo.

Den 18. September 2015 ass mam Bau vun der Linn ugefaange ginn. Als éischt gouf den Tramsschapp hannert der Luxexpo gebaut[54][55]. D'Renovéierung vun der Rouder Bréck huet dunn am Oktober ugefaangen, virun allem fir d'Bréck 2 Meter méi breet ze maachen, fir datt den Tram herno driwwer fuere kann. D'Aarbechte konnten dunn am Juli 2017 ofgeschloss ginn[56],[57],[58]. Bei de Viraarbechten um Kierchbierg an um Lampertsbierg déi am Februar 2016 ugefaangen hunn, goufe ronn 50 Beem ewechgeholl an deelweis an eng Bamschoul ëmgeplanzt fir dann 2022/2023 nees lanscht d'Tramsstreck gesat ze ginn[59],[60].

D'Leedung fir de Bau vum éischten Deel vun der Linn ass am Mäerz 2016 engem Gruppement vu Firmen zougewise ginn an zwar: déi franséisch Firmen TSO, Muller TP an NGE GC an déi Lëtzebuerger Sopinor a Costantini. De Bau vun der Plattform, also do wou d'Schinne geluecht ginn, huet de Mount duerno ugefaangen. Zu deem Ament sinn d'Archeologe bei de Viraarbechten um Tracé duerch d'Stad op d'Grondmauere vun der Neipuertskapell gestouss.

Déi éischt Schinne goufen am Juli 2016 an der Avenue John F. Kennedy geluecht, do wou scho beim Neibau vun der Strooss eng Verkéiersspuer fir den Tram prett gehale gi war. Vum 24. August u goufen d'Schinnen zesummegeschweesst.[61][62],[63]

De Schantjen ass schëtzeg virugaangen, verschidden Aarbechte konnten - op Grond vun enger Derogatioun - och wärend dem Kollektivcongé am Bausecteur realiséiert ginn.[64] Just laanscht dem Glacis hunn d'Aarbechte wéinst der Schueberfouer misse rouen[65]. Ob wärend den Aarbechten oder am Definitiven, den Tram hëlt der Fouer 10 % vun de 45000 m2 Ausstellungsfläch ewech[66].

D'Aschalte vum Stroum an d'Catenaire war den 10. Juli 2017[67]. Domat konnte vum 12. Juli un déi éischt Tester op der Linn gefuer ginn. Mat den Tester ass et dunn ëmmer nuets tëscht 21.00 a 5.00 Auer virugaangen, mam Zil, datt all eenzel Ramm 150 km fiert, fir esou d'Materialausdauer ze préiwen[68]. Den 23. a 24. September 2017 war eng „Porte ouverte“ organiséiert ginn, wou déi Intresséiert sech e Bild vum neien Tram an dem Tramsschapp maache konnten. Bei der éischter Faart mat Passagéier ronderëm den Tramsschapp koum et zu engem klengen Accident, well e provisoresche Quai ze vill no bei d'Schinne gebaut gi war[69].

D'ëffentlech Beliichtung an d'Miwwele laanscht d'Streck goufen am September montéiert an d'Tramshaisercher am November. Vum 2. November u goufen och Testfaarten am normale Verkéier, awer ouni Passagéier gemaach, an et goufe verschidden Übunge mat de Rettungsdéngschter duerchgefouert, bei deenen Accidenter simuléiert goufen[70],[71]. Den éischte "richtegen" Accident mam Tram ass den 1. Dezember 2017 geschitt, wéi en Automobilist, deen duerch rout gefuer war, mam Tram kollidéiert ass[72].

A Presenz vum Groussherzog Henri goung den 10. Dezember 2017 den éischten Deel vun der Streck op, zesumme mat der neier CFL-Halt Kierchbierg-Pafendall op der Nordstreck an der Pafendaller Seelbunn, déi dës mam Tramsarrêt bei der Rouder Bréck verbënnt[73].

2. PhasÄnneren

D'Linn krut de 27. Juli 2018 eng éischt Verlängerung, iwwer d'Rout Bréck, laanscht de Groussen Theater, laanscht de Glacis duerch d'Allée Scheffer, an da via d'Allée des Résistants et des Déportés an d'Rue Jean-Pierre Probst op d'Stäreplaz.[64]

D'Tester op deem Deelstéck haten den 21. Mee 2018, nuets, ugefaangen, den 31. Mee 2018 koum eng éischt Ramm am Testbetrib op der Stäreplaz un.[74]

An der Scheffer-Allee ass just eng Spuer mat Wues beplanzt, déi aner gëtt, wa Schueberfouer ass, fir dës abezunn. Den Tram zirkuléiert dann an ofwiesselende Richtungen op enger Spuer.

3. Phas (Tronçon B)Änneren

Den 29. Oktober 2018 hunn d'Aarbechte fir déi 3. Phas, vun der Stäreplaz op d'Stater Gare, mat enger liichter Verspéidung, ugefaangen. Fir d'éischt goufen d'Virbereedungsaarbechten an der Avenue Émile-Reuter an an der Neier Avenue ausgefouert (Beem ewechgeholl, ënnerierdesch Leitungen a Kanalisatioune verluecht, asw.)[75]. Am August 2019 goufen déi éischt Schinne verluecht, woubäi mat de Kräizungen ugefaange gouf, fir vum reduzéierten Autostrafic an der Summervakanz ze profitéieren. Dono koum de Boulevard Royal drun, wou wéinst zwéi grousse Schantercher, déi vum Royal-Hamilius a vum Zenit Royal, huet misse gewaart ginn, bis een do bäikéim fir déi vum Tram[76][77].

Op der Neier Bréck goufen d'Schinne fir den Tram scho bei de Renovatiounsaarbechten, déi am Mäerz 2017 ofgeschloss waren, geluecht. Si hunn awer 2020 nees missen erausgerappt ginn, well d'Deen- a Beweegungsfouen ufanks net mat verluecht gi waren.[78]

Déi éischt Testfaarten op dem neien Deelstéck goufen de 5. Oktober 2020 gemaach. Vum 30. November 2020 gouf mam Betrib ouni Passagéier bis op d'Stater Gare ugefaangen, an den 13. Dezember 2020 um 10 Auer gouf d'Linn mat hirem neie provisoreschen Terminus op der Garer Plaz a Betrib geholl. Bei der Aweiung derbäi waren de Groussherzog Henri, de Bauten- an Transportminister François Bausch an d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer.[79].

D'Aarbechten ronderëm, an der Avenue de la Liberté an op der Garer Plaz goufen iwwerdeeems am Fréijoer 2021, an déi op der Paräisser Plaz an der Place de Metz, am Summer 2021 ofgeschloss.[10],[80]

4. Phas (Tronçon C)Änneren

Tëscht 2021 an Hierscht 2023[81] geet et da successiv weider iwwer Bouneweg, laanscht de Lycée technique de Bonnevoie bis op d'Cloche d'or bei den neie Stadion vu Lëtzebuerg.

Dofir gouf tëscht Januar 2019 a Summer 2021 d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck erneiert an duebel sou breet gemaach, fir datt den Tram driwwer fuere kann. D'Schinnen dofir goufen am November 2021 verluecht[82]. Des Weidere gouf op der Bouneweger Säit, op Terrainen déi brooch louchen, 2021-2022 déi nei Plattform fir den Tram an eng nei Strooss (N40) als Ersatz fir d'N3 (Diddenuewener Strooss) gebaut[83].

Zanter dem 11. September 2022 geet d'Linn vun der Gare aus virun, iwwert d'Statioun Leschte Steiwer - Dernier Sol bis op den deen nächste provisoreschen Terminus, d'Halt Lycée Bouneweg an der Rue de Houffalize[11][84].

Tronçon DÄnneren

Vum Bouneweger Lycée geet den Tracé dann no riets an de Rangwee a béit dann an d'Rue des Scillas of, déi 34 Meter breet gemaach gëtt, sou datt nieft dem Gleisbett fir den Tram 2x2 Spuere fir de Stroossentrafic an eng Vëlospist Plaz fannen.

Op der Héicht vun der Gare Houwald fiert den Tram dann iwwer d'Eisebunnsgleiser a kuerz dono iwwer d'Autobunn A3 ewech an de Quartier Cloche d'or. Déi éischt Bréck gëtt, zesumme mat engem Pole d'échange fir Bussen, direkt iwwer d'Gare gebaut. Déi iwwer d'Autobunn gëtt vun 2021 un opgeriicht. Se huet d'Form vun engem Y, well vun hir och eng Ofzweigung bei den zukünftege Lycée technique du Centre féiert, deem säin Neibau dohinner kënnt[85].

Am Gaasperecher Bann fiert den Tram da via d'Rue Albert-Einstein weider iwwer de Boulevard de Kockelscheuer bis op säi südlechen Terminus, beim Stadion vu Lëtzebuerg. Kuerz virdru geet et nach eng Kéier iwwer d'A6[86]. Dës Bréck, iwwer déi och de Stroosseverkéier an 2x2 Spuere féiert, gouf tëscht Summer 2018 an Hierscht 2019 gebaut[87].

D'Aarbechten dofir ginn op zwee parallelle Schantercher gemaach: Ee vum Lycée Vauban bis bei de Stadion, deen am September 2022 lassgoung; an ee fir dat Stéck vum Bouneweger Lycée bis dohinner. Dëse fänkt eng Grëtz méi spéit un an hänkt och vum Fortgank vum Bau vun zwou Brécken of.

Déi éischt Schinnen um Tronçon D goufe Mëtt Oktober 2022 um Boulevard de Kockelscheuer, op der Héicht vum zoukünftegen Arrêt Waassertuerm, geluecht.[88]

Wéinst dem Neibau vun der Jean-Pierre-Buchler-Bréck (dee bis 2021 gedauert huet), an dee vun der N40 soll d'Streck bis bei de Stadion Enn 2023 fäerdeg ginn, an net wéi ufanks geplangt, schonns 2021.

Beim südlechen Terminus hunn d'Terrassementsaarbechte fir de P+R Stade de Luxembourg an den neie Foussballstadion am Mäerz 2017 ugefaangen[89]; e provisoresche Parking ass am Abrëll 2021 opgaangen, de Stadion am September dat Joer; bis Enn 2022 kënnt nach e Parkhaus bäi.

Tronçon EÄnneren

Am Norde gëtt, viraussiichtlech bis Enn 2024[11], d'Streck ëm 4,5 km vun der Luxexpo bis op de Fluchhafe Findel verlängert. Den Tracé féiert laanscht de Rond-point Serra, an da laanscht den Tramsschapp a laanscht d'Brëtell vun der Autobunn A1. 150 Meter virum Autobunnskräiz mat der A7 geet en dann iwwer eng nei Bréck (OA 894), eriwwer op déi südlech Säit vun der A1. Do verleeft d'Streck bis op d'Sortie Héienhaff parallel mat der A1. Um Héienhaff geet et dann ënner der Nationalstrooss 1 erduerch, wou en Arrêt bei engem zukünftege Park & Ride wäert sinn. Dat lescht Stéck Wee bis bei den Terminus virun der ëstlecher Entrée vum Fluchhafen - eng 850 Meter - geet iwwer en neie Boulevard[86], fir deen d'Terrassementsaarbechten am Hierscht 2022 ugefaangen hunn.

Den Tram kann op der ganzer Streck tëscht Schapp a Fluchhafe mat bis zu 70 km/h fueren a brauch dofir ronn 7 Minutten[90].

Vun Enn Oktober 2021 bis uganks 2022 goufen als Virbereedung op am Ganzen 3,2 Hektar d'Beem déi am Wee stoungen ewechgeholl; fir si ginn, als Kompensatioun, op am Ganzen 8,6 Hektar nei Eechen a Bichen an de Gemenge Jonglënster, Luerenzweiler an Nidderaanwen ugeplanzt.

Enn Januar 2022 hunn d'Virbereedungsarbechte fir déi nei Bréck iwwer d'A1 ugefaangen[91]. D'Bauaarbechte fir d'Bréck selwer hunn am Summer 2022 ugefaang. Den Tablier, deen nieft der Autobunn zesummegesat gouf, gouf an de Weekender vum 29. Abrëll a vum 6. Mee 2023 op 3 Stäiler geréckelt. Vum Hierscht 2023 u sollen dann d'Schinne kënne geluecht ginn[92].

Am Fréijoer 2023 goufen och d'Aarbechten an Ugrëff geholl un den Ënnerféierunge vun der Autobunnsoffaart Sennengerbierg an vun der N1. Och d'Aarbechten um neie Boulevard Höhenhof tëscht dem Rond-point beim Cargocenter an deem virum Fluchhafen sinn zanter 2023 am Gaang; do fiert den Tram laanscht déi ëstlech Säit.[93]

Den definitiven Tracé vum Tram féiert iwwer 16 km an huet 24 Statiounen[64],[94]. An enger méi spéider Phas kéint d'Streck bis op d'Kalchesbréck verlängert ginn[86].

Käschten a Finanzement vum ProjetÄnneren

  00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.

Fir den Tracé vum Kierchbierg bis op d'Gare gëtt de Käschtepunkt op 565 Milliounen Euro geschat. De Staat iwwerhëlt ⅔ vun de Käschten an ⅓ gëtt vun der Stad Lëtzebuerg gedroen. Bis ewell[Wéini ?] sinn awer nëmmen 230,52 Milliounen Euro vun der Chamber gestëmmt ginn.[22][95],[96]

Am Oktober 2017 goufen d'Käschte fir den Tracé Luxexpo - Findel op 114,9 Milliounen Euro fir d'Streck vun der Gare op d'Cloche d'or, an op 99,1 Milliounen Euro vun der Luxexpo op de Fluchhafe Findel geschat. Dofir kommen dann eng weider 12 Rammen an den Asaz. De Regierungsrot hat dësem Ausbau den 20. September 2017 gréng Luucht ginn.[97]

AusbauplängÄnneren

Den 22. Abrëll 2022 huet den Transportminister François Bausch den neien Nationale Mobilitéitsplang 2035 virgestallt. Wat den Tramsreseau ugeet, sou gesäit de Plang vir, dass et bis dohi 4 Linne soll ginn:[98]

  • d'Linn T1, Fluchafe Findel - Stadion, déi et scho (bal ganz) gëtt;
  • d'Linn Luxexpo - P+R West, via Boulevard Adenauer, Gare, Hollerech a P+R Bouillon;
  • d'Linn Luxexpo - Stadion, via Stäreplaz, CHL, iwwer nei Boulevarden am Weste vun der Stad (Boulevard de Merl, Boulevard de Cessange);
  • d'Linn Luxexpo - Stadhaus Bieles, via Boulevard Adenauer, Gare, Escher Strooss, Stadion, an dann an héijer Vitesse via Leideleng, Féiz, Esch-Schëffleng, Esch-Rämerech. Belval op Bieles.

Do derbäi kéint no 2035 nach eng weider Linn kommen:

  • d'Linn Gare - Mamer, via Stäreplaz an Areler Strooss.

Luxexpo - P+R WestÄnneren

Vun der geplangter Linn Luxexpo - P+R West gouf den 10. Mäerz 2023 de Bau vun den zwee éischten Deelstécker virgestallt, déi vum Regierungsrot gestëmmt gi waren[99]:

  • Dat éischt geet vun der Stater Gare op Hollerech. Den Tracé huet 1,1 Kilometer, geet duerch de Quartier Nei Hollerech, an et komme fir den Ufank zwéin Arrêten dohin.
  • Dat zweet béit beim Arrêt Rout Bréck-Pafendall op de Boulevard Konrad Adenauer of a geet bis an déi geplangt nei Quartiere Laangfur a Kuebebierg.

D’Aarbechten um Kierchbierg solle vun 2025 bis 2027 goen, déi zu Hollerech vu 2026 bis 2028. Am grousse Ganze wäert de Projet ëm déi 135 Milliounen Euro ouni TVA kaschten, vun deenen de Staat der 90 an d'Stad Lëtzebuerg 45 Milliounen iwwerhëlt.

Luxexpo - Stadhaus BielesÄnneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Tram Stad Lëtzebuerg - Esch-Uelzecht.

Fréier PlängÄnneren

An de Jore virdru gouf et schonn déi eng oder aner Propos fir en Ausbau: Am Joer 2016 waren ufanks dräi Extensiounen a Betruecht gezu ginn: eng éischt op Leideleng, eng zweet op Bartreng an eng drëtt bei de Mediapark um Kierchbierg, an der Géigend vum Wunnquartier Domaine du Kiem. D'Linn kéint gespléckt ginn, soudatt eng Faart iwwer déi aner vun der Luxexpo aus bei de Mediapark fuere géif an déi aner op de Fluchhafen[100],[101]. Am Juni 2017 gouf d'Prioritéit dunn awer vum Nohaltegkeetsminister éischter op eng zweet Linn geluecht, déi op enger Längt vu 16 km iwwer Mamer bis op de Wandhaff fuere kéint[102].

En iwwerschaffte Projet gouf Enn 2020 virgestallt: Ewell soll eng nei Linn vun der Gare iwwer Hollerech (duerch de Quartier Nei Hollerech), bis bei de P+R Bouillon goen; eng weider vun der Cloche d'Or no Norden iwwer Zéisseng a Märel bis op d'Areler Strooss, wou s'op déi nei Linn trëfft, déi vun der Stäreplaz laanscht den CHL weider no Weste goe soll; an och d'Pläng fir eng 2. Linn um Kierchbierg, iwwer de Boulevard Konrad-Adenauer a laanscht den neie Quartier Laangfur bis bei den Tramsschapp goufe reaktivéiert.[103]

D'2020er Projete goufen da gréisstendeels an där Form an de Mobilitéitsplang 2035 iwwerholl.

Streck a StatiounenÄnneren

Wa se bis fäerdeg gebaut ass, huet d'Linn eng Längt vu 16 km. Se gëtt mat 750 Volt Gläichstroum alimentéiert[104]. Op der 3,6 km laanger Streck tëscht der Rouder Bréck an der Gare kritt den Tram de Stroum aus Superkondensatoren, et brauchen also keng Pottoen a Catenairen opgeriicht ze ginn, déi den architektoneschen an historesche Patrimoine vun der Stad verschampeléiere géifen[105][106]. Um Kierchbierg, zu Bouneweeg an deelweis um Glacis gouf op der Plattform vum Tram Wues geséint. Um ganzen Trajet vun der Linn ass d'Plattform exklusiv fir den Tram reservéiert[106][107]. Laanscht den Tracé vun der Linn ginn nei Vëlosweeër ugeluecht an et kommen och nei Vel'oH-Statioune bäi[107]. Op der kompletter Streck - tëscht dem Findel an der Cloche d'or - gëtt et herno néng sougenannt intermodal Pôle d'échanges fir do wou déi meescht Leit an d'Stad fueren, tëscht dem Tram, dem Bus, dem Auto (Park-and-ride) an dem Vëlo ëmklammen ze kënnen[107].

StreckeféierungÄnneren

 
Provisoreschen Terminus Luxexpo.
 
Vun Dez. 2017 bis Juli 2018 provisoreschen Terminus Rout Bréck-Pafendall; Iwwergang op de Funiculaire.
 
Vu Juli 2018 bis Dez. 2020 provisoreschen Terminus op der Stäreplaz.
 
Vun Dez. 2020 bis Sept. 2022 provisoreschen Terminus op der Gare.
 
Provisoreschen Terminus Lycée Bouneweg.

D'Linn ass vun Norden a Richtung Süde beschriwwen, mat der ganzer Streck, sou wéi se bis 2023-2024 geplangt ass[108].

D'Linn fänkt ëstlech vum Fluchhafen-Terminal um Findel un a verleeft dann a Richtung vum Park-and-Ride deen um Héienhaff, nieft dem Verdeeler Sennengerbierg vun der Autobunn gebaut gëtt. Se geet dann ënnert der Nationalstrooss erduerch a verleeft da parallel mat der Autobunn, laanscht de Verdeeler Gréngewald (Kräizung mat der Nordstrooss), féiert dann iwwer eng Bréck iwwer d'Autobunn a laanscht den neien Tramsschapp, der Rangéiergare vun der Linn.

D'Linn kënnt da beim Rond-point Serra am Quartier Kierchbierg un, wou den zweete Park-and-Ride vun der Linn ass, bei der Luxexpo. Hei ass och provisoresch den nërdlechen Terminus vun der Linn, fir d'Zäitspan vun 2017 bis 2024. D'Linn féiert dann iwwer d'ganzt Längt vun der Avenue John F. Kennedy Virun der Rouder Bréck, wou bis 2018 provisoresch deen éischten Terminus war, kann een an d'Seelbunn Pafendall-Kierchbierg ëmklamme fir op der CFL-Halt Kierchbierg-Pafendall den Zuch ze huelen. Dës CFL Halt goung de selwechten Dag wéi den Tram, den 10. Dezember 2017, op.

Den Tram fiert da weider iwwer d'Rout Bréck an dréint um Rond-point Schuman no riets virun de Groussen Theater, dann no lénks iwwer d'Allée Scheffer laanscht de Glacis an den Nikloskierfecht bis op d'Stäreplaz, wou tëscht dem 27. Juli 2018 an dem 13. Dezember 2020 deen zweete provisoreschen Terminus war.

Vun der Stäreplaz geet d'Linn weider iwwer d'Arsenalstrooss an d'Uewerstad, dann no riets iwwer de Boulevard Royal, laanscht den Hamilius an iwwer d'Nei Bréck an de Garer Quartier. Duerch d'Nei Avenue fiert d'Linn weider bis virun d'Stater Gare, wou vum 13. Dezember 2020 bis den 11. September 2022 den nächste provisoreschen Terminus war.

D’Linn geet a Richtung Bouneweg queesch iwwer d'Eisebunnsschinnen iwwer d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck, féiert da parallel zum neien Tracé vun der N40 ëstlech laanscht d'CFL-Ateliere bis an d'Géigend vum Lycée Bouneweg, wou zanter dem 11. September 2022 deen aktuelle provisoreschen Terminus ass.

Südwestlech geet et - iwwer den Territoire vun der Gemeng Hesper - laanscht den Houwald viru bis iwwer d'Gare Houwald, nieft dem Verdeeler Hesper vun der Autobunn A3. Hei ass dann den drëtte Park-and-Ride vun der Linn.

Iwwer eng nei Bréck fiert d'Linn dann a westlecher Richtung iwwer d'A3 an de Gaasperecher Bann. Se fiert do duerch d'Rue Albert Einstein laanscht de Lycée Vauban a béit dann no Süden an de Boulevard de Kockelscheuer. Iwwer eng weider nei Bréck geet et dann op déi südlech Säit vun der A6. Do dréint d'Streck dann an engem grousse Bou Richtung Weste bis op de südlechen Terminus vun der Linn. Hei gëtt nieft dem neien Nationalstadion um Bord vum Quartier Zéisseng a südlech vun der Kräizung tëscht der N4 an dem CR186 de véierte Park-and-Ride gebaut[109].

Fir den Tram hunn eng Rei Bauwierker misse renovéiert oder nei gebaut ginn:

Lëscht vun de Statiounen / Tramslinn T1Änneren

Dës Tabell gëtt en Iwwerbléck iwwer déi 24 Statioune vun der Linn (opgelëscht vun Norden a Richtung Süden), wéi se - nom aktuellen Informatiounsstand(Januar 2023) - bis 2024 virgesi sinn. D'Statioune mat engem roude Symbol   sinn tëscht dem 10. Dezember 2017 an dem 11. September 2022 opgaangen. Déi, déi méi spéit opginn, si rosa gezeechent  .

Lëscht vun de Statiounen / Tramslinn T1
Halt Koordinaten Uertschaft,
Quartier (Lieu-dit)
Korrespondenz Bemierkung
  Findel Aéroport 49° 38’ 07’’ N 06° 13’ 02’’ O Nidderaanwen geet Enn 2024 op[11][12]
  Héienhaff 49° 38’ 28’’ N 06° 13’ 05’’ O Nidderaanwen, Héienhaff   geet Enn 2024 op[11]
  Luxexpo 49° 38’ 07’’ N 06° 10’ 33’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg  
AVL: 6, 7, 16, 21, 25

RGTR: 201, 211, 212, 222, 301, 303, 304, 305, 309, 311, 321, 322, 323, 324, 325, 326, 401, 403, 405, 406, 410, 455, 456, 501, 502, 507, 811, 812

goung den
10. Dezember 2017 op
  Alphonse Weicker 49° 37’ 56’’ N 06° 10’ 16’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg AVL: 12, 21, CN4

RGTR: 503, 505

  Nationalbibliothéik -
Bibliothèque nationale
49° 37’ 46’’ N 06° 10’ 00’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Universitéit 49° 37’ 34’’ N 06° 09’ 39’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Coque 49° 37’ 23’’ N 06° 09’ 17’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Europaparlament /
Parlement européen
49° 37’ 15’’ N 06° 08’ 55’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg
  Philharmonie - Mudam 49° 37’ 10’’ N 06° 08’ 31’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg AVL: 12, 32, CN4
  Rout Bréck - Pafendall 49° 37’ 07’’ N 06° 08’ 11’’ O Lëtzebuerg, Kierchbierg Funiculaire Pafendall-Kierchbierg
  Linn 1
AVL: 6, 12, 16, 18, 21, 32, CN4, CN5

RGTR: 111, 112, 201, 211, 221, 811, 812

  Theater 49° 37’ 03’’ N 06° 07’ 32’’ O Lëtzebuerg, Lampertsbierg AVL: 2, 3, 4, 19, 33, CN1, CN7

RGTR: 201, 211

goung de 27. Juli 2018 op
  Faïencerie 49° 36’ 58’’ N 06° 07’ 17’’ O Lëtzebuerg, Lampertsbierg AVL: 8, 30, CN7
  Stäreplaz - Étoile 49° 36’ 50’’ N 06° 07’ 10’’ O Lëtzebuerg,

Rollengergronn / Belair

AVL: 8, 11, 12, 16, 21, 22, 31, CN5, CN7

RGTR: 801, 802, 811, 812, 821, 822, 823, 824, 901, 902, 903, 904, 911, 921

  Hamilius 49° 36’ 40’’ N 06° 07’ 34’’ O Lëtzebuerg, Uewerstad AVL: 2, 3, 4, 6, 8, 9, 10, 11, 14, 15, 16, 18, 19, 21, 22, 31, CN1, CN2, CN3, CN4, CN5, CN6, CN7 goung den 13. Dezember 2020 op
  Place de Metz 49° 36’ 24’’ N 06° 07’ 42’’ O Lëtzebuerg, Gare
  Paräisser Plaz -
Place de Paris
49° 36’ 13’’ N 06° 07’ 52’’ O Lëtzebuerg, Gare
  Gare Centrale 49° 35’ 58’’ N 06° 07’ 58’’ O Lëtzebuerg, Gare  

AVL: 4, 7, 10, 13, 14, 18, 19, 20, 23, 27, 28, 29, CN1, CN3

RGTR: 412, 413, 414, 423, 424, 602, 603, 611, 612, 622, 623

  Leschte Steiwer - Dernier Sol[84] 49° 35’ 40’’ N 06° 08’ 11’’ O Lëtzebuerg, Bouneweg-Süd AVL: 29, CN3

RGTR: 412, 413, 414, 423, 424

goung den 11. September 2022 op[11]
  Lycée Bouneweg 49° 35’ 21’’ N 06° 08’ 21’’ O Lëtzebuerg, Bouneweg-Süd AVL: 2, 3, 5, 23, 28, 29

RGTR: 223, 402, 411, 412, 413, 414, 421, 422, 423, 455, 456,461, 461, 511, 512, 513

  Scillas 49° 34’ 58’’ N 06° 08’ 12’’ O Hesper, Houwald fir Hierscht 2023 geplangt[12]
  Howald Gare 49° 34’ 52’’ N 06° 07’ 57’’ O Hesper, Houwald    
  Lycée Vauban 49° 35’ 02’’ N 06° 07’ 30’’ O Lëtzebuerg, Gaasperech
  Waassertuerm 49° 34’ 49’’ N 06° 07’ 15’’ O Lëtzebuerg, Gaasperech
  Stadion 49° 34’ 35’’ N 06° 06’ 43’’ O Lëtzebuerg, Zéisseng  

Ekipement vun de StatiounenÄnneren

All d'Statioune si mat Informatiounssaile fir d'Passagéier ekipéiert, wou ee gesäit wéini den nächsten Tram kënnt oder wa Stéierungen op der Linn sinn. D'Statioune sinn all accessibel fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, och fir Leit am Rollstull. Se hu meeschtens säitlech Quaie mat enger Längt vu 45 Meter déi vis-a-vis ee vun deem aneren ugeluecht sinn.

D'Tramshaisercher op de Statioune goufe vun der franséischer Gesellschaft MobilConcepts, am Kader vun engem Kontrakt vun 2 Milliounen Euro installéiert[110]. Se goufe vum Designer Marc Aurel entworf a si stolgro fir sech gutt an d'stättescht Ëmfeld z'integréieren[110]. Just op der Statioun Place de Metz sti keng Tramshaisercher. Den Entretien an d'Gestioun vun de Reklamme gëtt fir 10 Joer vun IP Luxembourg Broadcasting Center Europe, enger Filial vum RTL Grupp assuréiert[110].

Uganks war am Februar 2009 en internationalen Architekteconcours organiséiert gi wou et drëm goung fir e personaliséierte Mobilier (Haisercher, Vëlosstänner, Dreckskëschten, asw.) ze definéieren. De Concours war deemools vum Londoner Büro Lifschutz Davidson Sandilands Island Studios gewonne ginn[111]. Schlussendlech gouf awer decidéiert kee personaliséierte Mobilier ze huelen, ma dees vun der Staang, absënns fir mam existente Mobilier an der Stad ze harmoniséieren[112].

Vereenzelt ginn et och zousätzlech Installatiounen:

  • Bei der Halt Luxexpo gouf e 60 Meter laangen a 95 Tonne schwéieren Daach aus Glas gebaut, dee queesch driwwer geet, an dee vum Peter Latz an der Julie Conrad entworf gouf[113].
  • Bei der Halt Theater gouf eng Installatioun vum Michel Leonardi opgeriicht, déi aus enger Zort Maste mat uewendrop faarwegen, duerchsiichtege Diecher, déi um Buedem faarweg Flecke maachen, wann d'Sonn duerch schéint (änlech wéi déi vun him bei der Kräizung beim Pont d'Avroy zu Léck).

Am Februar 2017 goufen déi offiziell Nimm vun 11 Statioune bekannt gemaach: vun den 8 déi vun 2017 un ugefuer ginn a vun deenen dräi bis op d'Stäreplaz. D'Nimm bezéie sech op Plazen déi ugefuer ginn a sinn deels op Franséisch, op Lëtzebuergesch oder an deenen zwou Sproochen[114].

BetribÄnneren

 
De Logo vum Bedreiwer LuxTram

De Betrib vun der Linn gëtt vu LuxTram S.A. assuréiert. Den Tram fiert wiertes an de Spëtzestonnen all dräi a baussent de Spëtzestonnen all 5 Minutten[115]. D'kommerziell Vitess läit bei ongeféier 20 km/h[115]. Fir d'Streck vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck brauch den Tram 11 Minutten[116].

RullmaterialÄnneren

 
Viischt Vue vun enger Ramm.

D'Linn gëtt mat Urbos 3-Rammen exploitéiert, vun deenen déi éischt néng am Laf vun 2017 geliwwert goufen[50]. Déi zéngt gouf am Mäerz 2019 am Tramsschapp ofginn.[117] Bis Enn 2020, wann d'Linn bis op d'Gare verlängert ass, solle 27 Rammen a Betrib sinn, a wann déi ganz Streck bis op ass sollen et der 33 sinn[118].

Se gi vun der spuenescher Firma CAF (Construcciones y auxiliar de ferrocarriles) gebaut, déi hire Sëtz zu Beasain am Spuenesche Baskeland huet[119]. Déi éischt néng Ramme goufen zu Zaragoza gebaut, déi dono an der CAF-Fabrick zu Bagnères-de-Bigorre, a Frankräich.[120] A priori ginn d'Ramme vun 101 bis 133 nummeréiert[121],[122].

Géint de Konkurrent Alstom huet CAF den 18. Mee 2015 den Zouschlag kritt fir d'Rullmaterial vum neien Tram ze liwweren an domat eng Commande am Wäert vun 83 Milliounen Euro. Den Optrag ëmfaasst 21 Ramme vun allkéiers 45 Meter Längt (déi awer nach - wann néideg - 10 Meter méi laang gemaach kënne ginn[62]) an enger Breet vun 2,65 Meter. Pro Ramm kënne 450 Leit transportéiert ginn.

Eng technesch Eegenaart ass, datt d'Zich sou ekipéiert sinn, datt se deen Deel vun der Streck, deen duerch de Stadzentrum féiert (3,6 km), ouni Catenaire fuere kënnen. Dobäi gi se mat Stroum aus Superkondensatore vum Typ Rapid Charge Accumulator ugedriwwen, déi déi spuenesch Firma schonn an den Tramsreseauen zu Saragossa an zu Sevilla am Gebrauch huet. Den Tram gëtt dann iwwer e System opgelueden deen an der Plattform vun der Statioun agebaut ass[105],[123]. D'Ramme sinn all klimatiséiert, hunn USB-Steckeren an eng tramstypesch Schell fir d'Foussgänger ze warnen. Dës Schell kléngt esou, wéi déi vum fréieren Tram[124].

De spezifeschen Design vun de Ramme gouf vum Erich Rhinn mat der Agence Avant-première entworf. Owes sinn d'Diere faarweg beliicht, mat allkéiers enger anerer Faarf pro Module. Déi Beliichtung gouf vun de Kënschtler Michel Léonardi an Isabelle Corten entworf. Den Eric Rhinn huet virdrun den Design vun de Ramme vum Tram vu Besançon, wou de selwechte Modell vun CAF fiert, entwéckelt[125][126]. Den Design fir Lëtzebuerg gouf zeréckbehale well en d'Architektur vun den eenzele Stater Quartiere respektéiert[127]. Eng Maquette am Moossstaf 1:1 gouf der Ëffentlechkeet tëscht Enn 2015 an Ufank 2016 virgestallt[126],[128]. D'Awunner konnten deemools déi bannenzeg Amenagementer entdecken a verschidden Doleance konnten nach berécksiichtegt ginn (Sëtzer, Plaz vun de Staange fir sech unzehalen, asw.)[129].

Déi éischt Ramm (2 Kabinnen a 7 Modullen) gouf den 8. Februar 2017 an der Nuecht geliwwert[121],[130]. De Rescht vun der Serie gouf progressiv duerno geliwwert. Fir den éischten Deel vun der Streck waren néng Rammen néideg[50]. RTL Radio Lëtzebuerg hat am Mäerz 2017 e Concours lancéiert fir en Spëtznumm fir den Tram ze sichen; de Choix war op "Siggi" gefall[131].

LuxTram huet och e puer Streckegefierer ugeschaaft, dorënner e Mercedes-Unimog fir Stroossen- a Schinneverkéier. D'Gefier ass eng Zort Leederwon, kann awer och eng Ramm ofschleefen[132].

Lëscht vun de Rammen
(Stand: August 2019)[133]
Nummer Liwwerdatum Nummer Liwwerdatum Nummer Liwwerdatum
101 Februar 2017 102 Mäerz 2017 103 Abrëll 2017
104 Mee 2017 105 Juli 2017 106 August 2017
107 September 2017 108 Oktober 2017 109 November 2017
110 Mäerz 2019[134] 111 Mee 2019[135] 112 Juli 2019
113 bis 116 bis Dezember 2019 117 bis 121 bis Dezember 2020 122 bis 133 dono

TramsschappÄnneren

 
Vue vum Neien Tramsschapp: d'Verwaltungsgebai an am Hannergrond den Depot (lénks) an d'Atelieren (riets).

Den Entretien vun den Tramme gëtt am Neien Tramsschapp (offiziell: Centre de remisage et de maintenance, gekierzt CRM) gemaach. Den Tramsschapp läit nordëstlech vun der Halt Luxexpo an ass vun do aus iwwer en Accès un d'Linn ugeschloss iwwer dee méi spéit och d'Verlängerung a Richtung Findel gebaut gëtt.

Wann déi Linn am Joer 2024 bis fäerdeg gebaut ass, ginn am Tramsschapp déi 32 Ramme geparkt déi fir de Betrib gebraucht ginn. Hei gëtt och den Entretien vun de Gefierer gemaach an et gëtt eng zentral Kontrollstatioun vun der Linn installéiert. Den Neien Tramsschapp läit op enger Fläch vun 3,3 ha (dovun 1,39 ha Verwaltungsgebaier) tëscht der Luxexpo an der Autobunn, am Gréngewald, op der Grenz vun der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Nidderaanwen[54].

De Komplex begräift dräi Gebaier, déi - fir sech gutt an d'Ëmfeld vum Gréngewald unzepassen - Fassaden aus net-traitéiertem Holz hunn. D'Diech gi begréngt a mat Sonnekollekteren ekipéiert[55][136],[137]. Dat éischt Gebai ass den iwwerdaachten Depot mat aachte Gleiser wou déi 45 Meter laang Rammen ofgestallt kënne ginn[136][138][139]. Am zweete Gebai ass den Entretiensatelier[139], deen am Fong an zwéin Deeler opgedeelt ass[138]: en éischten Deel mat zwéi Gleiser mat enger Wäschmaschinn fir d'Rammen. Dräi Véierel vum Waasser wat an dëser Wäschmaschinn gebraucht gëtt, gëtt nees recycléiert[62]. Hei ginn d'Ramme bannen a bausse gebotzt, op enger Fosse kënne s'inspizéiert a gefléckt ginn, d'Sandkëschte kënnen opgefëllt[136][138] an d'Rieder reprofiléiert ginn. Am zweeten Deel sinn dräi Entretiensgleiser wou et och en Accès op den Daach vun de Ramme gëtt. Eent vun de Gleiser ass mat engem mobillen Hydraulikzylinder ekipéiert fir d'Dréigesteller wiesselen ze kënnen[138]. Am drëtte Gebai ass d'Verwaltung, d'Iwwerwaachungszentral vun der Linn an zënter Januar 2017 de Siège vu LuxTram SA, dee virdrun an der Arsenalstrooss war[136][138][139]. De ganze Komplex, deen 2015 ugefaangen ze baue gouf, ass zënter dem Fréijoer 2017 a Betrib[136][139]. Uganks 2020 goung eng Solaranlag um Daach un d'Netz; si produzéiert am Joer den Equivalent u Stroum, deen den Tram bannent engem Mount Betrib verbraucht.[140]

Fueren a SignalisatiounÄnneren

Op der Tramslinn gëtt „op Siicht“ gefuer, dat heescht, datt et op der Streck just Schëlter fit d'Vitess-Limitatioun, fir d'Sécherung vun der Streck oder fir d'Iwwerfuere vu Kräizunge gëtt.

Wat d'Verkéiersluuchte fir d'Iwwerfuere vu Kräizungen ugeet, sou gëlle fir den Tram dem Lëtzebuerger Code de la route no déi speziell Verkéiersluuchte wéi se och op de Busspuere gebraucht ginn:

  • En horizontale Stréch heescht, datt een obligatoresch stallhale muss;
  • E vertikale Stréch heescht, datt ee fräi fuere kann; weist de Stréch no uewe riets oder uewe lénks, da kann een nëmmen an déi Richtung fräi fuere wou de Stréch hiweist. Wann de Buschauffer deenen anere Chaufferen d'Virfaart iwwerloosse muss, da gëtt dëst mat engem wäissen Dräieck ugewisen, deen d'Spëtzt no ënnen huet;
  • E Rondel weist un, datt et drop an drun ass, datt d'Richtung wiesselt an där de Verkéier fléisst an datt et verbueden ass weider ze fueren. Dëse Verbuet gëllt net fir déi Chaufferen déi - am Ament wou de Rondel opliicht – sou no derbäi sinn, datt se net méi an den néidege Sécherheetskonditioune stoe bleiwe kënnen. De Rondel weist awer och nach deene Chaufferen, déi an der Kräizung stinn, un datt se d'Kräizung fräi maache mussen;
  • En Dräieck mat der Spëtz no ënnen ersetzt de vertikale Stréch am Fall wou ee fuere kann, awer dem anere Verkéier d'Virfaart iwwerloosse muss.

Dës speziell Luuchte liichte wäiss oder hellgiel.

Zwéin aner Signaler déi spezifesch fir den Tram sinn, bestinn aus Buschtawen a si vun der däitscher Tramssignalisatioun iwwerholl ginn:

  • „A“ (angemeldet): gëtt iwwer dem horizontale Stréch ubruecht a weist un, datt jee nodeem, den Tram vum Prioritéitssystem fir d'Verkéiersluuchten erkannt gouf;
  • „T“ (Türen schließen): kann tëscht dem horizontalen a vertikale Stréch ubruecht ginn a weist - op de Statiounen déi direkt virun enger Kräizung leien - am Luuchtenzyklus den idealen Ament un fir d'Diere vum Tram zou ze maachen, fir gläich kënne fort ze fueren.

Fir d'Signaler virun de Weiche gëllen dës Aspekter: rout fir stoen ze bleiwen, gréng fir eng fräi Streck an orange, wann d'Streck fräi ass, d'Weich awer an eng aner Richtung gestallt ass. D'Signaler weisen eng giel Zuel „750 “un, wann d'Catenairen ënner Stroum stinn a blénke giel wa kee Stroum dran ass.

Annonce vun de StatiounenÄnneren

An de Gefierer gëtt all Statioun mat engem eegenen Jingel ugekënnegt. Dës goufe vum Pianist Michel Reis komponéiert. All Jingel dauert 15 Sekonnen (ausser op den Terminussen) an den Numm gëtt zweemol hannereneen, allkéiers vun enger anerer Persoun, gesot[141].

PersonalÄnneren

Fir d'Bedreiwe vun der Linn sinn an enger éischter Phas 30 Tramschauffere am Asaz, déi aus 900 Kandidaturen eraus gesicht goufen[124]. Anescht wéi zum Beispill bei de Stater Bussen oder beim TICE wou d'Buschauffere Fonctionnaire sinn, ass d'Fuerpersonal vum Tram als Salarié agestallt well LuxTram eng Gesellschaft ënner privatem Recht ass. D'Tramschauffere mussen awer capabel sinn am Tram Matdeelungen an den dräi Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ze maachen[142].

Bei enger Protestaktioun, bei der Aweiung vum 2. Deelstéck, hunn d'Gewerkschaften OGBL an FNCTTFEL den ënnerschiddleche Status vis-à-vis zu Chauffeuren am ëffentlechen Déngscht kritiséiert; d'Paie léich 30 % bis 50% méi déif bei Luxtram, an et géif manner Congésdeeg[143].

Tarifikatioun a FinanzementÄnneren

Wéi de Rescht vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass d'Fuere mam Tram zanter dem 1. Mäerz 2020 gratis.

Virdrun huet am Tram déi selwecht Tarifikatioun gezielt wéi och soss am ëffentlechen Transport am Land, deemno dee sougenannten Eenheetstarif, deen et zënter dem 1. Januar 1991 gouf[144]. Fir d'Ouverture vun der Streck waren d'Faarte mam Tram bis den 31. Januar 2018 gratis[145].

De Finanzement vun der Linn (Entretien, Material, Personalkäschten) gëtt vu LuxTram assuréiert. Wéi een nach huet misse bezuelen, goungen d'Recette vum Billjeesverkaf laang net duer, fir d'Käschten ze decken an de Staat huet d'Differenz iwwerholl.

TraficÄnneren

Mat engem 3-Minutten-Takt kritt d'Linn eng Capacitéit vu knapps 10.000 Passagéier pro Stonn a Richtung, géintiwwer vu ronn 2.500 Passagéier fir de Bus. D'Benotzung vun der Linn gëtt op 110.000 Passagéier pro Dag geschat[146]. Tëscht Dezember 2017 a Februar 2018 goufen an der Moyenne 17.000 Passagéier den Dag gezielt, duebel esou vill wéi sech erwaart goufen[81]. Dës Zuel ass 2019 op eng Moyenne vun iwwer 20.000 op Wiertes eropgaangen.[118]

Besonnesch wärend der Schueberfouer gëtt d'Linn vill benotzt: 2018 si bannent deenen 3 Wochen am ganze 490.000 Leit mam Tram gefuer, mat Spëtzte vu 40.000 Reesender den Dag.[147].

Den Transportministère huet am Hierscht 2019 ugekënnegt, wann de Betrib bis op d'Gare verlängert wier, déi 24 Rammen, déi dann am Asaz sinn, zu Spëtzestonne bis zu 20.000 Persounen an der Stonn kéinten transportéieren. Wann d'Rammen op 56 Meter verlängert géife ginn, kéinte spéider souguer bis zu 26.000 Persounen d'Stonn befërdert ginn.[118].

Bannent deem éischte Betribsjoer huet d'Linn T1 4,6 Millioune Passagéier transportéiert[148].

Uganks 2020, virum Ausbroch vun der COVID-19-Pandemie louch d'Zuel vun de Passagéier bei ronn 30.000 den Dag. Wärend dem Lockdown goung dës op 1.200 Passagéier den Dag erof. Am Summer 2020 ass d'Passagéierzuel nees op bis zu 13.000 den Dag eropgaangen, an zanter September 2020 ass se (Stand: Enn September 2020) bei 18.000 bis 20.000[10].

Héi ass den Fuerplang vum 11.09.2022:

Fuerplang vum Tram (Stand 11.09.2022)
Wochendag Frequenz

Haaptzäit

Frequenz

Niewenzäit

éischten Depart

Luxexpo / Lycée Bouneweg

leschten Depart

Luxexpo / Lycée Bouneweg

Méindeg - Freideg 06h30-19h30

all 3-5 Minutten

soss

all 10-15 Minutten

04h22 / 04h53 00h05 / 00h39
Samschdeg 08h00-19h30

all 10 Minutten

soss

all 15 Minutten

04h22 / 04h54 00h05 / 00h40
Sonndeg/Feierdag all 15 Minutten 05h05 / 05h37 00h05 / 00h40

Am Juni 2019 goufen d'Capacitéiten ëm 20% eropgesat: Zënterhier kënnt am Dag all 5 Minutten en Tram an net méi all 6 Minutten.[118]

Ronderëm den TramÄnneren

Wann d'Linn 2024 bis fäerdeg ass, fiert se (vum Nordosten a Richtung Südwesten) dës markant Gebaier a Plazen un:

LiteraturÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Stater Tram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. "Vom 11. September an: In drei Minuten und 40 Sekunden mit der Tram nach Bonneweg." wort.lu, 03.06.2022.
  2. Memorial C, Nr 120/2001, S. 5721
  3. Memorial C, Nr 2458/2007, S. 117458
  4. 4,0 4,1 Loi du 24 juillet 2014 portant sur la construction d'une ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et le Circuit de la Foire Internationale au Kirchberg Memorial A, 154/2014, S. 2348 op legilux.lu (gekuckt den 12. August 2014)
  5. 5,0 5,1 Memorial C, 3450/2014, S. 165599
  6. 6,0 6,1 Memorial C. 3544/2014, S.170072 Memorial C. 3544/2014, S.170072
  7. Memorial C, 393/2015, S. 18836
  8. "Le tram a déjà franchi le Pont rouge." lessentiel.lu, 22 mai 2018 18:44; Act: 23.05.2018 09:52.
  9. "Den Tram fiert vum 27. Juli u bis op d'Stäreplaz." rtl.lu, 04.06.2018, 11:08:48.
  10. 10,0 10,1 10,2 "Tram: Am 13. Dezember bis zum Hauptbahnhof." wort.lu, 01.10.2020.
  11. 11,0 11,1 11,2 11,3 11,4 11,5 11,6 11,7 "D'Erweiderunge vun der Tramsstreck lafen op Héichtouren." rtl.lu, 03.06.2022.
  12. 12,0 12,1 12,2 Diane Lecorsais: "Bonneweg, Cloche d'Or, Findel: Die nächste Station im Blick." wort.lu, 22.12.2020; och als "Auf den Bahnhof folgt Bonneweg", Luxemburger Wort, 22.12.2020, S. 22-23.
  13. Il y a cinquante ans disparaissait le dernier tram op wort.lu de 4. Juli 2014 (gekuckt den 31. Juli 2017)
  14. 14,0 14,1 14,2 14,3 14,4 14,5 14,6 14,7 14,8 "Historique" op der Websäit vun der TRAM A.s.b.l. (gekuckt den 3. August 2017)
  15. E modernen Tram fir Lëtzebuerg - eng Investitioun an d'Zukunft op rail.lu (gekuckt den 3. August 2017)
  16. Vorsicht! Tram am Lëtzebuerger Land, de 5. Juni 1998, Säit 3 (gekuckt de 7. August 2017)
  17. Ville de Luxembourg: le tram léger sur de bonnes voies op Paperjam.lu de 24. Mäerz 2006 (gekuckt den 3. August 2017)
  18. 18,0 18,1 Raccordement ferroviaire de Kirchberg et de Findel op gouvernement.lu den 13. Januar 2003 (gekuckt de 5. August 2017)
  19. Loi du 18 décembre 2003 modifiant la loi du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire. am Memorial A 195 vum 31/12/2003 (gekuckt de 5. August 2017)
  20. Memorial C 1093/2004, S. 52418
  21. Der City-Tunnel ist DIE Lösung op adr.lu (gekuckt de 5. August 2017)
  22. 22,0 22,1 22,2 Dossier Luxtram: Ce que l'on sait, ce que l'on ne sait pas op 5minutes.lu de 6. Februar 2017 (gekuckt de 6. August 2017)
  23. 23,0 23,1 23,2 La constitution du GIE « LuxTram » Dossier de presse op mt.public.lu (gekuckt de 6. August 2017)
  24. « Le tram n'est rien d'autre qu'une variante folklorique du bus! » "Historique" op der Websäit vun der TRAM A.s.b.l. (gekuckt den 3. August 2017)
  25. Projet de tramways de la Ville de Luxembourg, op rail.lu (gekuckt de 6. August 2017)
  26. Luxtram: le futur tram de Luxembourg, op gtf.be, Websäit vum Groupement belge pour la promotion et l'exploitation Touristique du transport ferroviaire (gekuckt de 6. August 2017t
  27. Patrick Théry, On a beau dire, le tram est bel et bien sur les rails op lessentiel.lu de 26. September 2010 (gekuckt de 6. August 2017)
  28. Le tram va redessiner les artères de Luxembourg op lessentiel.lu de 15. September 2009 (gekuckt de 6. August 2017)
  29. Des forages sur le futur tracé du tram op lessentiel.lu den 23. August 2010 (gekuckt de 6. August 2017)
  30. Référendum sur le tram: il faudra attendre l'avis du gouvernement op wort.lu de 14. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  31. L'ADR veut un référendum sur le tram op wort.lu de 14. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  32. City-tunnel vs tram: il n'y aura pas de référendum op wort.lu de 25. Mäerz 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  33. 320 millions d'euros pour la première phase du tram op wort.lu de 15. Juni 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  34. Parfois jugé trop cher ou inutile, le tram circulera à Luxembourg en 2017 op wort.lu de 27. Juni 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  35. Un réseau de bus adapté à la future ligne de tram op lessentiel.lu de 24 Abrëll 2012 (gekuckt de 6. August 2017)
  36. Feu vert pour le tram qui reliera la gare centrale à Luxexpo op wort.lu den 28. September 2013 (gekuckt de 6. August 2017)
  37. Le tram n'est pas une solution, selon le Conseil d'Etat op www.wort.lu den 22. Januar 2014 (gekuckt den 10. August 2017)
  38. Tram à Luxembourg: le Conseil d'Etat pinaille, le Ministre lui répond den 30. Januar 2014 op wort.lu (gekuckt den 10. August 2017
  39. L'ADR veut un référendum sur le tram, op www.wort.lu de 25. Februar 2014 (gekuckt den 10. August 2017)
  40. Le pont Adolphe au chômage technique à partir du premier week-end de mars op wort.lu den 11. Februar 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  41. Prett fir weider 100 Joer: Reouverture de 25. Mäerz op rtl.lu am Mäerz 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  42. Luxembourg: le tram enlève le haut op wort.lu den 30. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  43. Tram à Luxembourg: le tracé initial doit être prolongé op wort.lu den 30. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  44. Tram: trois bourgmestres ont l'impression d'avoir été dupés op wort.lu de 4. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  45. Sept personnes sur dix se disent favorables au tram op lessentiel.lu de 15. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  46. Le référendum sur le tram obtient 4 500 signatures op lessentiel.lu den 2. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  47. Laurence Bervard, Les députés rejettent l'idée d'un référendum op lessentiel.lu de 27. Mee 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  48. 48,0 48,1 [1] „Projet de loi portant sur la construction d'une ligne de tramway à Luxembourg entre la Gare Centrale et le Circuit de la Foire Internationale au Kirchberg“ op chd.lu, der Websäit vun der Chambre des députés (gekuckt den 12. August 2017)
  49. La Chambre des métiers défend le téléphérique op lessentiel.lu den 2. Abrëll 2014 (gekuckt den 12. August 2017)
  50. 50,0 50,1 50,2 Maurice Fick, "Premier tronçon du Tram mis en service au second semestre 2017" op wort.lu den 21. Oktober 2014 (gekuckt de 17. August 2017)
  51. Tram: le syndicat des cheminots prépare déjà son implantation auprès des futurs conducteurs op lequotidien.lu den 9. Juli 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  52. 9 entreprises pour la conception du tram op wort.lu de 15. Februar 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  53. Transports urbains: les premiers travaux se trament (Vidéo) op lequotidien.lu de 6. Februar 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  54. 54,0 54,1 Tram: place au futur centre de maintenance op wort.lu den 18. September 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  55. 55,0 55,1 John Chalmers, LuxTram Infrastructure Work to Start in 2015 op chronicle.lu de 16. Februar 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  56. Le Pont Rouge va être élargi de 2 mètres op wort.lu de 17. September 2015 (gekuckt den 12. August 2017)
  57. Rénovation du Pont Rouge: léger retard dans les travaux op wort.lu den 20. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  58. Luxembourg: deux week-ends de travaux sur le pont rouge op lequotidien.lu den 12. Juli 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  59. Une cinquantaine d'arbres déménagent pour faire place au tram op wort.lu den 12. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  60. Jean-Michel Hennebert, Le chantier du tram de part et d'autre du Pont Rouge op paperjam.lu den 1. Februar 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  61. Les premiers rails du tram sont posés op wort.lu den 21. Juli 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  62. 62,0 62,1 62,2 A quoi ressemble le centre de maintenance du tram? op wort.lu den 29. August 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  63. Significant Milestone Reached as First LuxTram Tracks Laid op chronicle.lu de 25. August 2016 (gekuckt den 12. August 2017)
  64. 64,0 64,1 64,2 Jean-Michel Hennebert, Un pas de plus vers un premier tronçon plus long op paperjam.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  65. Luxembourg: pendant l'été, rien n’arrête le tram op lequotidien.lu den 2. August 20156 (gekuckt den 12. August 2017)
  66. Le tram au Glacis: champ libre pour la Schueberfouer op wort.lu den 8. Mee 2017 (gekuckt den 12. August 2017)
  67. Tramway de Luxembourg: les premiers tests auront lieu mercredi prochain op lequotidien.lu de 7. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  68. La première sortie du tram sous la pluie op lessentiel.lu den 12. Juli 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  69. Unglück am Tag der offenen Tür - Tram bleibt auf der Strecke, op wort.lu den 23. September 2017, gekuckt de 24. September 2017
  70. Jörg Tschürtz: "Les pompiers sont prêts pour un accident de tram." lessentiel.lu, 15 novembre 2017.
  71. "Eeschtfall simuléiert: Wat maachen, wann den Tram entgleist." rtl.lu, 01.12.2017, 12:10:29.
  72. Kirchberg - Auto kollidiert mit Tram op wort.lu den 2. Dezember 2017; gekuckt den 3. Dezember 2017
  73. "Trotz Schnéi konnt alles wéi geplangt ageweit ginn." rtl.lu, 10.12.2017, 13:35:12.
  74. Diane Lecorsais: "Tram sur la place de l'Etoile: la phase test commence dans un mois". wort.lu, 25 avril 2018.
  75. Nicolas Léonard: "Le chantier du tram reprend lundi." paerjam.lu, 26 oct. 2018.
  76. Jean-Michel Hennebert: "Le tronçon vers la gare sera un peu plus complexe." paperjam.lu, 10 nov. 2017
  77. "Le tram sur l'avenue de la Liberté fin 2020." lessentiel.lu, 23. Februar 2018.
  78. "Gleise am Pont Adolphe: Was lange währt ..." wort.lu, 18.08.2020.
  79. «On peut enfin profiter après tous ces travaux». lessentiel.lu, 13.12.2020.
  80. "Vum 13. Dezember u fiert den Tram op d'Gare." rtl.lu, 01.10.2020 11:35.
  81. 81,0 81,1 Diane Lercorsais, Wie die Tram das Stadtbild verändert op wort.lu den 23. Februar 2018 an „Nächster Halt Stadtzentrum“ am Luxemburger Wort vum 24./25. Februar 2018, S. 25
  82. "Pont Buchler: Verlängerung des Tramnetzes schreitet voran." wort.lu, 13.11.2021.
  83. Jean-Michel Hennebert, Mettre fin à «un véritable gâchis de terrains» op paperjam.lu den 9. Mee 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  84. 84,0 84,1 "Conférence de Presse, 19 avril 2021: Prochaine étape du tramway et nouveaux arrêts." op luxtram.lu (gekuckt den 19. Abrëll 2021).
  85. "Die Brücke zum Ban: Baubeginn Anfang 2021." wort.lu, 24. August 2020.
  86. 86,0 86,1 86,2 "Hier fährt die Tram entlang." reporter.lu, 9. August 2019.
  87. "Neue Brücke in Kockelscheuer." wort.lu, 11.11.2019.
  88. "Tram op der Cloche d'or: Déi éischt Schinne leien." rtl.lu, 18.10.2022.
  89. Le nouveau stade et son P&R se préparent déjà op lessentiel.lu den 1. Mäerz 2017 (gekuckt de 14. August 2017)
  90. Mathieu Vacon, Sept minutes pour aller du Kirchberg au Findel op lessentiel.lu den 18. Januar 2017 (gekuckt de 14. August 2017)
  91. "Tram op de Findel: Vill Beem mussen de Schinne wäichen, Bau dauert 3 Joer." rtl.lu, 23.10.2021.
  92. "Dësen an nächste Weekend gouf déi nei Tramsbréck iwwert der A1 installéiert." rtl.lu, 30.04.2023.
  93. Frank Weyrich: "Bis Ende 2024: Mit der Tram zum Flughafen." wort.lu [w+], 03.05.2023.
  94. [Vidéo] De la Cloche d'or au Findel: le parcours du tram dévoilé en intégralité op lequotidien.lu de 27. Oktober 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  95. Grands dossiers - Tram um „Portail du Développement durable et des Infrastructures“ (gekuckt den 13. August 2017)
  96. Grand-Duché: tram, élections et chantiers tous azimuts en 2017 op lequotidien.lu de 6. Januar 2017 (gekuckt den 13. August 2017)
  97. "Présentation des prolongements de la ligne de tramway." Pressecoommuniqué op gouvernement.lu, 13.10.2017 (14:01).
  98. Ministère de la Mobilité et des Travaux publics: "PNM 2035 - Plan national de mobilité", 22/04/2022.
  99. Sabrina Backes: "Vun der Gare op Hollerech, vun der rouder Bréck an de Quartier "Laangfur". rtl.lu, 10.03.2022..
  100. Erwan Nonet, Tram: trois extensions sont déjà envisagées op lequotidien.lu de 27. Oktober 2016 (gekuckt den 20. August 2017)
  101. Vierte Tram-Erweiterung geplant op wort.lu den 23. Mäerz 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  102. Le tram ira à Mamer après 2021 op lessentiel.lu den 20. Juni 2017 (gekuckt den 20. August 2017)
  103. Christophe Lemaire: "Les projets d'extension du tram de Luxembourg." paperjam.lu, 13.12.2020 • Édité le 14.12.2020.
  104. LuxTram Trial Phase Commences between LuxExpo and Coque op chronicle.lu den 13. Juli 2017 (gekuckt de 14. August 2017)
  105. 105,0 105,1 Marc Fressoz, Luxembourg fait le choix du tram de CAF à alimentation mixte op mobilicites.com den 19. Mee 2015 (gekuckt de 14. August 2017)
  106. 106,0 106,1 Luxtram: l'élément structurant d'une nouvelle mobilité urbaine op jeudi.lu den 10. Abrëll 2015 (gekuckt de 14. August 2017)
  107. 107,0 107,1 107,2 Sophie Wiessler, Tram de Luxembourg - tous les détails op wort.lu de 26. Oktober 2016 (gekuckt de 14. August 2017)
  108. Un tracé multimodal op www.luxtram.lu (gekuckt de 15. August 2017)
  109. On en sait (un peu) plus sur le futur stade national op lessentiel.lu de 17. Juli 2015 (gekuckt de 15. August 2017)
  110. 110,0 110,1 110,2 "Quel mobilier urbain pour le tram du Luxembourg ?" constructioncayola.com, 7. Mäerz 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  111. Concours d'architecte de la ligne de tram: deux projets à égalité op paperjam.lu de 6. Februar 2009
  112. Jean-Michel Hennebert, «Nous avons quitté la logique du sur-mesure» op paperjam.lu den 28. Juli 2016 (gekuckt de 15. August 2017)
  113. "Un auvent de 60 m pour le tram au Kirchberg." lessentiel.lu, 11. oct. 2017
  114. Les noms des stations de tram sont connus op lessentiel.lu den 20. Februar 2017 (gekuckt de 15. August 2017)
  115. 115,0 115,1 Un tram toutes les 5 minutes vers le Kirchberg op lessentiel.lu den 13. Juni 2012 (gekuckt de 15. August 2017)
  116. Changement d'horaire décembre 2017 op cfl.lu (gekuckt de 15. August 2017)
  117. "Un nouveau tram est arrivé au Luxembourg." rtl.lu/fr, 29.03.2019 15:18.
  118. 118,0 118,1 118,2 118,3 "An der Woch fuere méi wéi 20.000 Leit pro Dag mam Tram." rtl.lu, 13.09.2019 11:12.
  119. Ateliers et bureaux op caf.net (gekuckt de 17. August 2017)
  120. "Les rames du tram en balade sur l'autoroute A6." lessentiel.lu, 04-12-2019.
  121. 121,0 121,1 Keith Barrow, CAF delivers first Luxembourg tram op railjournal.com den 10. Februar 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  122. Fuhrpark Luxtram op bus-an-zuch.de (gekuckt de 17. August 2017)
  123. Michel Chlastacz, Luxembourg: le "Luxtram" sera à la fois espagnol et sans fil ! op busetcar.com den 22. Mee 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  124. 124,0 124,1 Jörg Tschürtz, Un «ding, ding» rétro et des ports USB pour le tram op lessentiel.lu de 14. Juni 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  125. Avant Première et CAF conçoivent le tramway de Luxembourg op constructioncayola.com den 3. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  126. 126,0 126,1 Robert Viennet, Luxembourg dévoile la maquette grandeur nature de son futur tramway op mobilicites.com de 7. Dezember 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  127. Les premières images du nouveau tram op wort.lu den 1. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  128. Présentation des rames de tramway de Luxembourg: une nouvelle identité visuelle pour Luxtram op corporatenews.lu den 2. Juli 2015 (gekuckt de 17. August 2017)
  129. Le chantier du tram passe la vitesse supérieure op lessentiel.lu den 19. Februar 2016 (gekuckt de 17. August 2017)
  130. Den Tram ass do! 1. Rame ass zu Lëtzebuerg ukomm op rtl.lu den 10. Februar 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  131. Siggi: le futur tram a enfin un nom op 5minutes.rtl.lu den 28. Mäerz 2017 (gekuckt de 17. August 2017)
  132. Eng Foto vun dësem Gefier op rail.lu (gekuckt de 17. August 2017)
  133. "Fuhrpark" op bus-an-zuch.de
  134. "Un nouveau tram est arrivé au Luxembourg."| 5minutes.rtl.lu, 28 mars 2019
  135. |"Arrivée de la rame 111."| 14. Mee 2019 op luxtram.lu
  136. 136,0 136,1 136,2 136,3 136,4 CRM - Centre de Remisage et de Maintenance à Luxembourg-Kirchberg op aucarre.lu (gekuckt den 20. August 2017)
  137. Erwan Nonet, Voilà le futur Tramsschapp ! op lequotidien.lu den 13. Februar 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  138. 138,0 138,1 138,2 138,3 138,4 Christelle Brucker, Neien Tramsschapp: le chantier va bon train op wort.lu den 13. Oktober 2016 (gekuckt den 20. August 2017)
  139. 139,0 139,1 139,2 139,3 LUXTRAM - Centre de remisage et de maintenance du tramway. op perrard.lu (gekuckt den 20. August 2017)
  140. "Visitt vum neien Tramsschapp um Kierchbierg." rtl.lu, 25.09.2020 09:53.
  141. Joseph Gaulier: "|titre=Le public va pouvoir embarquer dans le tram." lessentiel.lu, 19. sept. 2017
  142. Jean-Michel Hennebert, Les futurs «traminots» ne seront pas fonctionnaires op paperjam.lu den 2. Juli 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  143. " 'Unzumutbare Arbeitsbedingungen'." Luxemburger Wort, 27. Juli 2018.
  144. Chambre des députés, [2]« Dossier thématique tram régional » S. 119 op rail.lu am Mee 1999 (gekuckt den 20. August 2017)
  145. Journée d'inauguration op mobiliteit.lu, der Websäit vum Verkéiersverbond; gekuckt den 3. Dezember 2017
  146. Luxtram: l'élément structurant d'une nouvelle mobilité urbaine op lejeudi.lu den 10. Abrëll 2015 (gekuckt den 20. August 2017)
  147. "490.000 personnes ont pris le tram pendant la Schueberfouer." wort.lu, 17 septembre 2018
  148. "Tram à Luxembourg : ça fait déjà un an." lequotidien.lu, 11 décembre 2018