Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg

D'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen huet duerch Gemengefusiounen, awer och duerch Entstoe vun neie Gemengen, am Laf vun de Joerzéngten ëmmer nees geännert. Zanter dem 1. Januar 2018 läit dës Zuel bei 102.

Déi 102 Gemengen, wéi se zanter 2018 bestinn.
Evolutioun an der Zäit.

GeschichtÄnneren

Virun 1900Änneren

Zanter der Schafung vun de Gemengen ënner dem franséische Regime Enn vum 18. Joerhonnert (de facto den 1. Oktober 1795, wéi mat der Aglidderung als Bëscherdepartement och déi franséisch Gemengegesetzgebung applikabel gouf, och wann nach bis no 1824 un den definitive Pläng vun de Gemenge gezeechent ginn ass) gouf et ëmmer nees nei Gemengen, an anerer goufen opgeléist oder hu fusionéiert. Sou goungen d'Gemenge Bëschdref a Béiwen-Atert wéi och d'Gemenge Kaalmes a Sëll am Joer 1822 zesummen. Och gouf am Joer 1823 d'Gemeng Wäicherdang opgeléist a mat der Gemeng Klierf fusionéiert, bis op d'Sektioun Draufelt, déi bei d'Gemeng Munzen komm ass, d'Gemeng Bur gouf opgeléist a gouf bei d'Gemeng Mompech geprafft. Am selwechte Joer gouf d'Gemeng Hënsdref mat Luerenzweiler fusionéiert. D'Gemeng Hesper ass 1823 ëm déi fréier Gemeng Alzeng méi grouss ginn. Am Joer 1824 hunn d'Gemenge Gräisch a Simmer fusionéiert.

1826 gouf d'Gemeng Stolzebuerg opgeléist, a mat Laaschent zur Gemeng Pëtschent fusionéiert. 1827 gouf d'Gemeng Eschduerf opgeléist. Eschduerf selwer koum an d'Gemeng Heischent, an déi aner Uertschaften hunn d'Gemeng Néngsen gebilt.

No der spezieller politescher Situatioun wärend der belscher Revolutioun tëscht 1830 an 1839 gouf et 120 Lëtzebuerger Gemengen am Joer 1830.

Duerch Gesetz vum 25. Juli 1846[1] ass d'Gemeng Uewerpallen opgeléist ginn. Déi dräi Sektiounen Uewerpallen, Liewel an Dideling (haut um Diggel genannt), aus deene se bestanen hat, si bei d'Gemeng Biekerech komm. D'Zuel vun de Gemengen ass op 119 erofgaangen.

Duerno koum eng Zäit, wou d'Zuel vun de Gemenge bestänneg an d'Luucht goung. Den 1. Juli 1849[2] ass d'Gemeng Eech opgedeelt ginn an d'Gemeng Rollengergronn ass entstanen; d'Zuel vun de Gemenge goung op 120 erop.

Den 1. Januar 1850[3] ass d'Gemeng Bartreng opgedeelt gi fir d'Gemeng Stroossen ze schafen (121 Gemengen). Den 1. Juli 1850[4] gouf d'Gemeng Ettelbréck opgedeelt, an direkt zwou nei Gemenge sinn entstanen fir op en Total vun 123 ze kommen: Schieren an Ierpeldeng.

Den 1. Januar 1851[5] ass d'Gemeng Walfer aus engem Deel vun der Gemeng Steesel erausgaangen, an aus Deeler vun der Gemeng Steesel an der Gemeng Kielen ass den 1. Juli 1853[6] d'Gemeng Koplescht entstanen. Den 1. Juli 1856[7] ass d'Gemeng Reckeng op der Mess opgedeelt ginn, an d'Gemeng Leideleng ass entstanen. Domat war d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen a knapps 7 Joer vun 119 op 126 eropgaangen.

Den 1. Januar 1874[8] ass d'Gemeng Sandweiler opgedeelt gi fir d'Gemeng Hamm ze grënnen. Den 1. Januar 1875[9] ass d'Gemeng Mäerzeg aus engem Deel vun der Gemeng Feelen entstanen. Den Total louch du bei 128 Gemengen.

Den 31. August 1876[10] gouf d'Uertschaft Schëffleng vun der Gemeng Esch-Uelzecht ofgetrennt fir eng eegestänneg Gemeng ze ginn, an de 25. September 1891[11] gouf d'Sektioun Rëmeleng vun der Gemeng Keel ofgetrennt fir d'Gemeng Rëmeleng ze ginn. Domat war den Héchststand vun 130 Lëtzebuerger Gemengen erreecht.

1900 - 2010Änneren

Mä net nëmmen d'Zuel vun de Gemengen huet geännert, och d'Nimm vu verschidde Gemenge goufen am Laf vun der Zäit geännert. Sou ass aus der Gemeng Kierchen den 28. Dezember 1908[12] d'Gemeng Ëlwen ginn, an de 17. Abrëll 1914[13] huet déi deemoleg Gemeng Alschent sech a Kautebaach ëmgenannt.

Nom Éischte Weltkrich sinn eng Rei Gemengefusiounen um Gebitt vun der haiteger Stad Lëtzebuerg ënnerholl ginn. Den 1. Juni 1920[14] hunn d'Gemengen Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert, a kuerz drop, den 1. Juli 1920[15], war et d'Gemeng Eech, déi mat der Haaptstad fusionéiert huet. Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen op 126 erofgaangen.

An den 1970er Jore koumen nees Bestriewungen op fir Gemengen ze fusionéieren. Den 1. Januar 1978[16] ass d'Gemeng Wëntger aus deene 4 Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen. Déi éischt 3 Gemengen hunn zum Kanton Klierf gehéiert, Uewerwampech war am Kanton Wolz, an déi nei Gemeng Wëntger gehéiert zum Kanton Klierf. Den Total vun de Gemenge louch du bei 123.

Den 1. Januar 1979 sinn dräi nei Fusiounsgemengen entstanen. D'Gemeng Rammerech[17] duerch d'Fusioun vun de Gemengen Ueschdref, Bungeref, Folscht a Pärel, d'Stauséigemeng[18] duerch d'Fusioun vun de Gemenge Meecher an Harel an d'Gemeng Jonglënster[19] duerch d'Fusioun vun der Gemeng Roudemer mat der vireger Gemeng Jonglënster. Domat ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger Gemengen op 118 erofgaangen.

Mam Gesetz vum 25. Mäerz 1991[20] gouf d'Gemeng Bierg op Colmer-Bierg ëmgedeeft, fir Verwiesslunge mat aneren Uertschafte mam Numm Bierg auszeschléissen.

De 17. Juli 2001[21] huet d'Gemeng Biebereg sech a Gemeng Préizerdaul ëmbenenne gelooss.

Méi spéit, op den 1. Januar 2006, gouf et nach eng Kéier zwou Gemengefusiounen: d'Gemeng Tandel[22] ass duerch d'Fusioun vun de Gemenge Baastenduerf aus dem Kanton Dikrech a Furen aus dem Kanton Veianen entstanen, an déi nei Gemeng Kiischpelt[23] gouf aus der Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach gebuer. Aus den 118 gouf et dunn 116 Gemengen.

Duerch e Gesetz vum 24. Juli 2006[24] huet d'Gemeng Remerschen hiren Numm mat Effet op den 3. September 2006 a Gemeng Schengen ëmgeännert.

Fusiounen, déi spéitstens den 1.1.2012 a Kraaft getruede sinnÄnneren

Am Kader IVL, deen eng "Masse critique" vun 3000 Awunner fir Gemengen als néideg ugesäit, fir datt se déi néideg Infrastrukture kënnen organiséieren, huet den Inneministère eng Rei Hëllefen a finanziell Subventioune fir déi ländlech Gemenge virgesinn, déi wëlle fusionéiere fir déi "Masse critique" z'erreechen. Sou sollen all d'Awunner am Land vu wichtegen Infrastrukture wéi Maison-relaisen, Sportsinfrastrukturen, Kläranlagen, etc. profitéiere kënnen.

  • Als Konsequenz dovun hunn an de Gemenge Klierf, Munzen an Hengescht d'Awunner den 12. Oktober 2008 an engem Gemengereferendum enger Fusioun ënner dem Numm "Gemeng Klierf" mat grousser Majoritéit zougestëmmt. D'Gemengeréit vun deenen dräi Gemengen hu sech Enn 2008 och fir déi geplangt Fusioun ausgeschwat. De 16. Januar 2009 gouf eng Konventioun vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen. De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangt Fusioun an der Chamber deposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn[25]. D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm "Gemeng Klierf" gouf de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vereedegt gouf.
  • D'Gemeng Miedernach fir hiren Deel huet mat der Nopeschgemeng Iermsdref fusionéiert. Dofir hunn d'Bierger vun deenen zwou Gemengen den 21. Mäerz 2010 an engem Referendum enger Fusioun zougestëmmt, soudatt déi den 1. Januar 2012 a Kraaft triede konnt[26]. D'Fusiounsgemeng krut den Numm "Ärenzdallgemeng".
  • Och d'Gemengen Esch-Sauer, Heischent an Néngsen hunn zanter 2006 dru geschafft, eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng mam Numm "Esch-Sauer" duerchzeféieren. Si ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden[27].
  • Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, de selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt[28]. Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg)[29]. Deemno konnt d'Fusioun den 1. Januar 2012 rechtsgülteg ginn. Den Numm vun der fusionéierter Gemeng ass "Gemeng Käerjeng"[30].
  • Den 2. Juli 2010 hunn an de Gemenge Konstem, Housen an Houschent an engem Referendum d'Awunner mat bal 77 % vun de Stëmme gréng Luucht gi fir eng Fusioun zu enger eenzeger mam Numm Gemeng Parc Housen[31]. D'Fusioun gouf mam Gesetz vum 24. Mee 2011 offizialiséiert[32].
  • Den 10. Oktober 2010 hunn an de Gemenge Schengen, Biermereng a Welleschten an engem Gemengereferendum d'Majoritéit vun de Bierger fir eng Fusioun zu enger vergréisserter Gemeng "Schengen" gestëmmt[33], déi mam Gesetz vum 30. Mee 2011 offizialiséiert gouf[34].

Den 10. Mee 2011 huet d'Chamber dëse 5 Fusiounen zougestëmmt[35] an déi eenzel Fusiounsgesetzer goufen de 24. Mee 2011 vum Grand-Duc ënnerschriwwen[36].

Deemno louch d'Gemengenzuel zu Lëtzebuerg vum 1. Januar 2012 bis den 31. Dezember 2014 bei 106.

Eng geplangt Fusioun gouf an engem Referendum net ugeholl: De 24. Oktober 2010 hu 56 % vun den Awunner vu Käerch géint d'Fusioun vun hirer Gemeng mat der Gemeng Simmer gestëmmt (Zu Simmer waren 79 % dofir). D'Gemengeréit hate schonn hiren Accord ginn[37].

Fusioun 2015Änneren

Den 1. Januar 2015[38] hunn d'Gemenge Wolz an Eschweiler zu enger vergréisserter "Gemeng Wolz" fusionéiert. De 24. Februar 2014 haten déi zwéi Gemengeréit dozou gréng Luucht ginn. De 25. Mee 2014 gouf an deenen zwou Gemengen e Gemengereferendum doriwwer ofgehalen. Zu Wolz hu sech ronn 80 Prozent vun de Leit fir eng Fusioun ausgeschwat, zu Eschweiler ware just eng 54% fir eng Fusioun[39]. D'Gemengenzuel louch duerno bei 105.

Fusiounen den 1. Januar 2018Änneren

D'Pläng vun der Fusioun vun de Gemenge Béiwen-Atert an Tënten goufen de 25. Mee 2014 an engem Referendum mat 69,5 % zu Béiwen a mat 64,5 zu Tënten guttgeheescht[40]. De 24. Februar 2016 huet d'Chamber eestëmmeg dem Gesetz fir déi Fusioun, zum 1. Januar 2018, zougestëmmt. Déi nei Gemeng krut den Numm "Gemeng Helperknapp"[41][42].

An enger éischter Phas war geplangt gewiescht, datt och d'Gemeng Sëll sollt mat fusionéieren, déi schlussendlech awer een anere Wee gaangen ass[43].

D'Fusioun vun de Gemengen Habscht a Simmer gouf de 25. Mee 2014 an engem Referendum an der Gemeng Simmer zu 59,75 Prozent guttgeheescht[44], an den 9. November 2014 an der Gemeng Habscht vun 59,73 % vun de Wieler[45]. Och hei huet d'Chamber de 24. Februar 2016 enger Fusioun op den 1. Januar 2018 zougestëmmt. Déi nei Gemeng heescht (och offiziell am Franséischen) "Habscht"[46].

2012 wollt Simmer scho mat der Gemeng Käerch fusionéieren; an der leschtgenannter hate sech awer deemools 56% géint eng Fusioun mat Simmer ausgeschwat[47].

D'Gemenge Rouspert a Mompech haten hir Fusiounspläng am Oktober 2015 bekannt gemaach[48]. De 24. Abrëll 2016 hunn d'Bierger aus den zwou Gemengen an engem Gemengereferendum mat grousser Majoritéit dofir gestëmmt (80,07 Prozent zu Rouspert a 65,18 Prozent zu Mompech). Déi nei Gemeng krut den Numm "Gemeng Rouspert-Mompech"[49][50].

Anescht an de Gemengen Noumer, Fiels a Fëschbech: Do waren d'Awunner den 9. November 2014 zu enger méiglecher Fusioun zu enger neier Gemeng Meesebuerg gefrot ginn[51]. Zwar waren an der Fiels 66,53 % vun de Wieler fir sou eng Fusioun, mä zu Noumer ware 70,05 % dogéint, an zu Fëschbech souguer 76,02 %[52][53].

Deemno läit d'Zuel vun de Gemengen zanter dem 1. Januar 2018 bei 102 (virdrun: 105).

AusbléckÄnneren

Fir d'Zukunft gëtt et Iwwerleeungen fir weider Fusiounen. Den Inneministère hat 2018 Diskussioune mat dem Syvicol an deene Gemengen, déi manner wéi 3000 Awunner hunn. Doropshin hunn d'Schäfferéit vu follgende Gemengen hir prinzipiell Bereetschaft erkläert, iwwer Fusiounen ze diskutéieren (Stand: August 2018):

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Gemengen zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. (fr)Loi du 25 juillet 1846, N° 1525, portant modification de l'ordonnance Royale Grand-Ducale, du 12 octobre 1841, relative à la circonscription judiciaire et administrative. legilux.public.lu (21.08.1846). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  2. (fr)Loi du 8 mai 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund. legilux.public.lu (18.05.1849). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  3. (fr)Loi du 6 août 1849 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Strassen. legilux.public.lu (18.08.1849). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  4. (fr)Loi du 22 janvier 1850 qui érige deux nouvelles communes, l'une sous le nom de Schieren et l'autre sous le nom d'Erpeldange. legilux.public.lu (31.01.1850). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  5. (fr)Loi du 25 novembre 1850 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Walferdange. legilux.public.lu (11.12.1850). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  6. (fr)Loi du 22 février 1853 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Kopstal. legilux.public.lu (23.03.1853). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  7. (fr)Loi du 3 mars 1856 qui érige une nouvelle commune sous le nom de Leudelange. legilux.public.lu (19.03.1856). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  8. (fr)Loi du 20 décembre 1873, créant une nouvelle commune du nom de Hamm. legilux.public.lu (20.12.1873). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  9. (fr)Loi du 20 novembre 1874 détachant de la commune de Feulen les deux sections de Mertzig-haut et Mertzig-bas et les érigeant en commune séparée sous le nom de Mertzig. legilux.public.lu (21.11.1874). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  10. (fr)Loi du 6 juillet 1876 concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Schifflange. legilux.public.lu (22.07.1876). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  11. (fr)Loi du 27 juin 1891 concernant la création d'une nouvelle commune sous le nom de Rumelange. legilux.public.lu (02.07.1891). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  12. (fr)Loi du 28 décembre 1908 transférant le chef-lieu de la commune de Basbellain à Troisvierges. legilux.public.lu (19.12.1908). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  13. (fr)Loi du 17 avril 1914 transférant le chef-lieu de la commune d'Alscheid à Kautenbach. legilux.public.lu (24.04.1914). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  14. (fr)Loi du 26 mars 1920 concernant la fusion des communes de Hollerich, Rollingergrund et Hamm avec la ville de Luxembourg. legilux.public.lu (27.03.1920). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  15. (fr)Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembour. legilux.public.lu (30.06.1920). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  16. (fr)Loi du 31 octobre 1977 portant fusion des communes de Asselborn, Boevange/Clervaux, Hachiville et Oberwampach. legilux.public.lu (01.12.1977). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  17. (fr)Loi du 27 juillet 1978 portant fusion des communes de Arsdorf, Bigonville, Folschette et Perlé. legilux.public.lu (01.08.1978). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  18. (fr)Loi du 23 décembre 1978 portant fusion des communes de Harlange et de Mecher. legilux.public.lu (29.12.1978). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  19. (fr)Loi du 23 décembre 1978 portant fusion des communes de Junglinster et de Rodenbourg. legilux.public.lu (29.123.1978). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  20. (fr)Loi du 25 mars 1991 portant modification du nom de la commune de Berg en celui de Colmar-Berg. legilux.public.lu (30.04.1991). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  21. (fr)Loi du 17 juillet 2001 relatif au changement de nom de la commune de Bettborn en celui de Préizerdaul. legilux.public.lu (06.08.2001). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  22. (fr)Loi du 21 décembre 2004 portant fusion des communes de Bastendorf et de Fouhren. legilux.public.lu (31.12.2004). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  23. (fr)Loi du 14 juillet 2005 portant fusion des communes de Kautenbach et de Wilwerwiltz. legilux.public.lu (29.07.2005). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  24. (fr)Loi du 24 juillet 2006 portant changement du nom de la commune de Remerschen en celui de Schengen. legilux.public.lu (30.08.2006). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  25. (fr)Loi du 28 mai 2009 portant fusion des communes de Clervaux, de Heinerscheid et de Munshausen. legilux.public.lu (05.06.2009). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  26. (fr)Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d'Ermsdorf et de Medernach. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  27. (fr)Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes d'Esch-sur-Sûre, de Heiderscheid et de Neunhausen. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  28. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  29. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  30. (fr)Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  31. "Referendum iwwert Gemengefusioun Konstem, Housen, Houschent." RTL - 02.07.2010, 07:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2010, 07:58.
  32. (fr)Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Consthum, de Hoscheid et de Hosingen. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  33. Zu Schengen ware 55 % vun de Leit dofir, zu Biermereng 76 % an zu Welleschten hu 69 % mat Jo gestëmmt. Vgl: "Referendum: Fir Fusioun vu Schengen, Welleschten, Biirmereng." RTL.lu 10.10.2010, 08:40 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.10.2010, 17:54.
  34. (fr)Loi du 24 mai 2011 portant fusion des communes de Burmerange, de Schengen et de Wellenstein. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  35. "Fünf Fusionen auf einen Schlag: Die Zahl der Gemeinden schrumpft von 116 auf 106." wort.lu, 11.05.2011 07:46, aktualiséiert 11.05.2011 09:18.
  36. (fr)Memorial A - N° 110. legilux.public.lu (30.05.2011). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  37. "Iwwerraschende Vote: Keng Fusioun vu Käerch a Simmer." rtl.lu, RTL - 24.10.2010, 08:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 24.10.2010, 16:26.
  38. (fr)Loi du 19 décembre 2014 portant fusion des communes d'Eschweiler et de Wiltz. legilux.public.lu (23.12.2014). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  39. "Wolz kloer, Eeschwëller knapps fir Fusioun" rtl.lu, 25.05.2014, 16:13:01.
  40. "Fusioun begréisst: Béiwen mat 69,5 an Téinten mat 64,5 % Jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:33:23.
  41. "Béiwen an Tënten fusionéieren an Habscht a Simmer och." rtl.lu, 24.02.2016, 17:44:16.
  42. (fr)Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Boevange-sur-Attert et de Tuntange. legilux.public.lu (29.04.2016). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  43. "Referendum um Sonndeg zu Béiwen un der Attert an Téinten." rtl.lu, 23.05.2014, 12:30:38.
  44. "Fusioun mat Habscht? Simmer seet jo!" rtl.lu, 25.05.2014, 16:26:52.
  45. "Habscht: 59,73% fir eng Fusioun mat der Gemeng Simmer." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 10:43:15.
  46. (fr)Loi du 15 avril 2016 portant fusion des communes de Hobscheid et de Septfontaines. legilux.public.lu (29.04.2016). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  47. "Fusioun Simmer/Habscht: Buergermeeschtere hoffen op positive Referendum zu Simmer." rtl.lu, 24.05.2014, 10:00:51.
  48. "Referendum geplangt: Rouspert a Mompech kéinte fusionéieren." rtl.lu, Update: 28.10.2015, 13:26:52.
  49. "Referendum in Rosport und Mompach - Ein klares Ja!" op wort.lu vum 24 Abrëll 2016
  50. (fr)Loi du 16 juin 2017 portant fusion des communes de Mompach et de Rosport. legilux.public.lu (08.10.2017). Gekuckt de(n) 19.07.2020.
  51. "Referendum iwwer Fusioun tëscht Noumer, Fiels a Fëschbech." rtl.lu, 12.06.2014, 09:48:50.
  52. "Noumer a Fëschbech soen Neen, nëmmen d'Fiels wielt Jo." rtl.lu, Leschten Update: 10.11.2014, 07:09:09.
  53. "Fusion des communes: Il n’y aura pas de commune « Meesebuerg »." wort.lu, 09.11.2014.
  54. Maximilian Rischard: "Neue Fusionen in Sicht." wort.lu,27.08.2018.