Provënz Limburg (Holland)

holännesch Provënz
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der hollännescher Provënz Limburg. Fir aner Bedeitunge vu "Limburg", kuckt wgl. Limburg.

D'Provënz Limburg (limburg.: Lèmburg, Limburg) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit am Südoste vum Land.

Provënz Limburg
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Maastricht
Fläch


Total: 2.210 km²
Land: 2.145 km²
Waasser: 65 km²

Awunner 1.128.000 (2023)
Bevëlkerungsdicht 526/km² Land
Reliounen Kathoulesch: 65 %
Islamesch: 3 %
Protestantesch: 2 %
ISO 3166-2 NL - LI
Websäit Provënz Limburg
Lag

Si ass dat, wat vun der Provënz Limburg op der hollännescher Säit Rescht ass, déi 1815 zesumme mat den aneren 16 Provënze vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlande gegrënnt gouf, a vun där dann 1839, duerch den Traité vu London, en Deel der Belsch zougeschloe gouf.

D'Haaptstad ass Maastricht.

D'Provënz Limburg grenzt am Osten un Däitschland, am Süden un déi belsch Provënzen Limburg a Léck, am Westen an Nordwesten un d'Provënz Nordbrabant, an am Norden un d'Provënz Gelderland.

Sproochen

änneren

Nieft der offizieller Amtssprooch Hollännesch gëtt an der Provënz Limburg nach Limburgesch geschwat, eng nidderfränkesch Sprooch déi zanter 1997 vun der hollännescher Regierung als Regionalsprooch vu Limburg unerkannt ass. Uechter d'Provënz gi verschidden Dialekter geschwat. Ausserdeem gëtt zu Kerkrade Kerkraads geschwat, eng Dialektvariant vum Ripuareschen.

Flëss an der Provënz mat hiren hollänneschen Nimm

änneren

Gemengen

änneren

Zanter 2019 ass d'Provënz a follgend 31 Gemengen opgedeelt:

(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Limburg (Netherlands) – Biller, Videoen oder Audiodateien