Den Tornado vu Péiteng war e Wierbelstuerm, deen den Owend vum 9. August 2019 iwwert dat franséisch-lëtzebuergescht Grenzgebitt gezunn ass.

No Aschätzunge vum Schuedbild huet den Tornado Wandspëtzte vun 241 km/h erreecht,[1] entspriechend enger Stäerkt vun F2 op der Fujita-Skala oder T5 op der TORRO-Skala.

Well de Wierbelstuerm iwwer dicht besidelt Gebitt gezunn ass gouf et grouss Materialschied op béide Säite vun der Grenz an op der lëtzebuergescher Säit deels schwéier Blesséierter.[2]

Verlaf änneren

Den Tornado huet tëscht 10 a 15 Minutte gedauert an huet dobäi eng Streck vun ca. 18 bis 20 km zeréckgeluecht. D'Schneis hat eng Breet vun duerchschnëttlech 350 m, mä huet plazeweis eouguer eng Breet vu 750 m erreecht.

Nodeems de Wolléckerüssel bei der franséischer Uertschaft Lexy fir d'éischt de Buedem erreecht huet, ass en a Richtung Nordoste weidergezunn an ass bei Rodange op Kéier lëtzebuergescht Gebitt komm. Vu Péiteng un huet en du seng stäerkst Intensitéit entwéckelt an et huet sech e Multivortex entwéckelt, e Wierbelstuerm, deen aus méi Eenzelwierbele besteet, déi rondrëm ee gemeinsamen Zentrum kreesen. Dëst huet och zu enger Verbreedung vun der Schneis op bis zu 750 m gefouert.

Hanner Nidderkaerjeng hu sech d'Wierbelen schlussendlech opgeléist.[3][4]

Betraffen Uertschaften änneren

Land Gemeng Uertschaft
  Frankräich Lexy Lexy
  Frankräich Longwy Longwy
  Frankräich Herserange Herserange
  Frankräich Longlaville Longlaville
  Frankräich Saulnes Saulnes
  Lëtzebuerg   Péiteng Rodange
  Lëtzebuerg   Péiteng Rolleng
  Lëtzebuerg   Péiteng Péiteng
  Lëtzebuerg Käerjeng Nidderkäerjeng

Chronologie änneren

9. August 2019 änneren

MeteoLux huet eng Warnung vun der Stuf Giel ("Danger potentiel") erausginn. Et goufen Donnerwiederen tëscht 17 an 21 Auer owes gemellt, mat staarkem Wand, vill Reen a Knëppelsteng.

13:30 änneren

MeteoLux stuft d'Wiederwarnung vun der Stuf Giel op Orange ("Danger") erop.[5]

16:05:27 änneren

Éischt Blëtzaktivitéit gëtt registréiert südlech vu Sugny (Département Ardennes). D'Donnerwieder befënnt sech ongeféier op hallwem Wee tëscht Reims a Verdun a bewegt sech a Richtung Nordosten.[6]

17:35 änneren

Éischt Rotatioun gouf an der Donnerwiederzell registréiert.[7] D'Donnerwieder huet sech mëttlerweil zur Superzell entwéckelt a befënnt sech kuerz virun der Lëtzebuerger Grenz.

ca. 17:40 änneren

Den Tornado entsteet an de Wierbel beréiert de Buedem.

ca. 17:50 änneren

Den Tornado léist sech op.

19:30 änneren

MeteoLux hieft d'Warnstuf Orange op.

21:00 änneren

De Staatsminister Xavier Bettel berifft eng Krisenzell an. Dës besteet ënner aanerem aus dem Inneministère, dem CGDIS, der Police, der Arméi, der CREOS an dem staatleche Wiederdéngscht MeteoLux.

Se kënnt ënner der Presidence vum Minister Dan Kersch, als Vertriedung vun der Inneministech Taina Bofferding zesummen.

Bilan änneren

19 Persoune goufe beim Tornado blesséiert, dovun zwou schwéier.

De Materialschued beleeft sech Schätzungen no op ronn 100 Milliounen Euro.[8]

Am Ganze goufe Schied un 314 Gebaier op lëtzebuergescher Säit verbucht.[9] Hei goufe gréisstendeels Daachzille lass gerappt oder d'Diech komplett ofgedeckt. Des Weideren huet sech duerch déi enorm Wandvitessen eng Projektilwollek gebilt, wouduerch Trümmer a Fassade stieche bliwwe sinn.

Sou goufen zu Péiteng ronn 30 Haiser komplett ofgedeckt, a bei weidere 50 goufen d'Diech schwéier beschiedegt. Zu Nidderkäerjeng goufen iwwer 100 Haiser beschiedegt, dovunner eng 30 mat Schied um Daach.

Beem goufen entwuerzelt, a Stroummasten ëmgeknéckt.

Autoen a Camionette goufen ëmgeheit an deplacéiert oder duerch Géigestänn, déi fortgeblosen oder ofgerappt goufen, beschiedegt. Den Zuchverkéier tëscht Péiteng an der Stad huet missen ënnerbrach ginn.

Iwwer 200 Pompjeeën a Leit vun de Rettungsdéngschter, a ronn 40 Polizisten waren direkt dono am Asaz. Den 112 krut eng Dausend Uriff dowéinst.[10]

Um Spaweck änneren

Videoen änneren

Fotoen änneren

National Press änneren

International Press änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. report final TORNADO IN SOUTH-WESTERN LUXEMBOURG ON 9 AUGUST 2019
  2. Des dégâts matériels après la tornade sur le bassin de Longwy
  3. Tornade à Longwy (Meurthe-et-Moselle) et à Bascharage (Grand-Duché du Luxembourg) le 9 août 2019 - Tornade EF2 en région Grand Est - Tornade F2 en France
  4. report final
  5. Starke Gewitter im Anzug: Meteolux erhöht Warnstufe. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2019-08-09). Gekuckt de(n) 2021-06-05.
  6. Belgien, Blitz vom 09.08.2019, 16:05:27 Uhr (starker Knaller). Kachelmannwetter - Jetzt Lesezeichen setzen. Gekuckt de(n) 2021-06-05.
  7. RadarHD-Stormtracking vom 09.08.2019, 17:35 Uhr - Meuse. Kachelmannwetter - Jetzt Lesezeichen setzen. Gekuckt de(n) 2021-06-05.
  8. Nach Tornado: 100 Millionen Euro Schaden. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2019-08-14). Gekuckt de(n) 2021-06-05.
  9. Tornade ayant frappé les communes de Käerjeng et Pétange le 9 août 2019. 112.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-05.
  10. "Erst Panik, dann Ratlosigkeit." wort.lu, 10/08.2019.