Parc Heintz (rue de Hollerich)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Park vun Heintz Van Landewyck am Garer Quartier. Fir de Skulpturepark vun der BIL zu Hollerech, kuckt wgl. Parc Heintz (Escher Strooss). |
De Parc Heintz, oder Heentze Park, wéi en och nach op Lëtzebuergesch genannt gëtt, ass e private Park am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. De Park huet eng Fläch vun ongeféier 1,3 Hektar a läit beim Sëtz vun Heintz Van Landewyck, tëscht der Hollerecher Strooss an der Rue de l'Industrie.
Am Heentze Park | |
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Garer Quartier |
Koordinaten | 49°35'51,94"N, 6°7'35,08"O |
Bauhär | Joseph Heintz |
Genannt no | Joseph Heintz |
Fläch | 1,3 ha |
De Park huet den Numm vum Joseph Heintz, Industriellen a Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, deen de Park nieft der Tubaksfabréck uleeë gelooss hat, fir datt d'Mataarbechter sech do erhuele kéinten. D'Piscine am Park ass net nëmme fir d'Erhuele geduecht, mä späichert och Läschwaasser fir de Fall vun engem Feier.
De Park ass net ëffentlech zougänglech, e ka just am Kader vun enger Visite guidée besicht ginn.
Am westlechen Eck vum Park stinn d'Arkade vun der Haaptwuecht, engem Gebai dat an der Festungszäit op der Plëss stoung. Et war sengerzäit en eestäckegt Gebai, an deem d'zentral Garde vun der Festung etabléiert war. Virun der Wuecht waren Arkaden a do virdrun eng Terrass, déi mat Placke beluecht war a vu massive stenge Borne bewaacht gouf, déi mat décke Kette verbonne waren. Wéi 1902 d'Garde ofgerappt gouf, fir dem neie Cercle Plaz ze maachen, huet de Joseph Heintz d'Gestengs ofkaaft an d'Arkaden erëm a sengem Park opbaue gelooss.
2018 gouf bekannt gemaach, datt e grousse Wunnengsbau-Projet um Site geplangt ass. Am PAG, deen d'Gemeng Lëtzebuerg zeréckbehalen huet, ginn de Park, d'Haaptwuecht an aner historesch Gebaier an de Projet integréiert[1]. De Park a verschidden Objeten dra goufen den 3. Mee 2019 als nationaalt Monument klasséiert[2].
Skulpturen am Park
ännerenAm Park steet d'Skulptur Biche vum Auguste Trémont, déi deen 1937 fir de Lëtzebuerger Pavillon op der internationaler Ausstellung zu Paräis sculptéiert hat.
Biller
änneren-
Am Park vun Heintz Van Landewyck.
-
D'Waasser aus der Piscine kann als Läschwaasser benotzt ginn.
-
E Gebai am Park.
-
D'Arkade vun der fréierer Haaptwuecht.
Literatur
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Parc Heintz (rue de Hollerich) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Parc Heintz van Landewyck - De leschte grousse private Park, deen et nach an der Stad gëtt, Artikel mat Video op rtl.lu den 23. September 2018, fir d'lescht gekuckt de 7. Oktober 2018.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ "De Parc Heintz van Landewyck - De leschte grousse private Park, deen et nach an der Stad gëtt." rtl.lu 23. September 2018.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).