An der griichescher Mythologie waren d'Musen (gr. Μουσαι) déi néng Gëttinne vun der Konscht an der Wëssenschaft.

Dräi Musen - Néng Musen änneren

Nom Hesiod senger Theogonie ware si d'Duechtere vum Zeus an der Mnemosyne, der Gëttin vum Gediechtnes.

Hie war et och, deen Zuel vun de Musen op néng erhéicht huet. An der Ilias an an der Odyssee vum Homer gëtt einfach eng Mus ouni Numm ugebiet. Kuerz drop gouf et dräi Musen: d'Melete (Nodenken), d'Mneme (Gediechtnes) an d'Aoede (Gesang a Musek). Hautdesdaags sinn et dem Hesiod seng néng Musen, déi een am Kapp huet, wa vun hinne rieds geet:

Geographie änneren

Mä net nëmme bei den Nimm oder der Zuel ginn d'Sourcen auserneen, och wou dës Musen ze fanne sinn, ass vun Auteur zu Auteur ënnerschiddlech.

Déi Musen déi zum Apollo gehéieren, sollen um Bierg Helikon bei der Quell Hippokren wunnen, déi duerch de Pegasus fräigeluecht gouf. Aner Quelle behaapten, d'Muse wieren um Bierg Parnass ze fannen. Dëse Bierg ass dem Apollo geweit.

Kult änneren

Wéi de Pythagoras zu Kroton ukomm ass, war säin éischte Rot un d'Awunner, e Schräin fir d'Musen ze bauen, fir d'Harmonie an d'Léieren ze fërderen.

Lokal Musekulter waren dacks mat Quellen associéiert.

Speziell a Böotien waren d'Musen extreem beléift, an zu Delphi. D'Bibliothéik vun Alexandria gouf ronderëm e Museschräin, mousaion - Museum, opgebaut.

Um Spaweck änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Muses – Biller, Videoen oder Audiodateien