Charles Arendt

lëtzebuergeschen Architekt

De Jean Charles Wenzeslas Arendt[1], gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November 1910 zu Lëtzebuerg, war Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Theemen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean-Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt.

Charles Arendt
Gebuer 15. Mäerz 1825
Veianen
Gestuerwen 21. November 1910
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Kanner Ernest Arendt
Buerg Veianen.
Zeechnung Frantz Clément
De Groussherzogleche Palais an der Stad
Dat neogotescht Veianer Bildchen
Dem Charles Arendt säi Graf um Kierfecht um Fetschenhaff

De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu Bréissel a München studéiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir Gréiwemaacher an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat déi leschtgenannt Funktioun bis zu senger Pensioun, 1898[2].

De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diözese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten[2].

Och eng sëllege Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Gräinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär[2].

De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen, bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen[2].

Hie war President vum Verschéinerungsveräi vu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes iwwer seng Heemechtsstad publizéiert[2].

Bauwierker (Auswiel) änneren

Profan Gebaier änneren

Kierchen änneren

Kapellen änneren

Nom Charles Arendt genannt änneren

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Arendt, C., 1884. Monographie du château de Vianden. Impr. de la Cour, Luxembourg.
  • Arendt, K., 1895. Die ehemalige Schlossburg der Grafen u. Herzoge von Luxemburg auf dem Bockfelsen daselbst. 62 S., J. Beffort. [1]
  • Arendt, K., 1901. Monographie der Burg Falkenstein. Ons Hémecht Jg. 7. Luxemburg: P. Worré-Mertens. [27 S.]
  • Arendt, K., 1903. Das Luxemburger Land in seinen kunstgeschichtlichen Denkmälern: summarisch in Wort und Bild geschildert. 60 S., P. Worré-Mertens, Luxembourg.
  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1904-1910. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes von ihren Anfängen bis zur Neuzeit: mit biographischen Notizen. Luxemburg: M. Huss.
  • Arendt, K., 1905. Diekirch und seine alte Pfarrkirche. Hémecht 11.
  • Arendt, K., 1906. St. Quirin und die hl. drei Jungfrauen: eine kunstarchäologische Skizze. 16 S., St. Paulus-Ges., Luxemburg.
  • Arendt, K., 1908. Das römische Mosaik von Nennig. Bull. Soc. Nat. luxemb. 18: 371-378].[2]
  • Arendt, K., 1910. Kleine Welten. Bull. Soc. Nat. luxemb. 20: 166-177.[3]

Gielercher änneren

Literatur änneren

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 157
  • Philippart, R., 2007. Charles Arendt (1825-1910). S. 83 in: Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Arendt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. sou steet den Numm op der Grafplack
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 "Karl Arendt †." Luxemburger Wort 22. November 1910, S.2. op www.eluxemburgensia.lu
  3. Cf. Gédéon Bordiau op der franséischer Wikipedia. Kuckt och d'Internetsäit iwwer d'Geschicht vum Palais op monarchie.lu;
  4. Cf. d'Internetsäit iwwer d'Salle Charles-Arendt um Internetsite vum Veianer Schlass
  5. Mémorial A N° 12 vum 18. Februar 1882 Säit 1 Lëscht vu Leit déi 1882 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
  6. Nouvelles locales. L'indépendance luxembourgeoise. eluxemburgensia.lu (5. September 1884). Gekuckt de(n) 2023-01-23.