Jupiter (Planéit)

fënnefte Planéit vum Sonnesystem

De Jupiter (planetarescht Symbol: ♃), benannt no dem réimesche Gott Jupiter, ass de fënneften a gréisste Planéit an eisem Sonnesystem. An der Astronomie ass säin Zeechen: ♃. Vun de Babylonier gouf hie Gad genannt.

Gréisstenënnerscheed Äerd a Jupiter

Allgemenges änneren

De Jupiter zielt zu de Gasrisen, déi no him als déi jupiterähnlech (iovianesch) Planéite bezeechent ginn. Seng Bunn läit op der baussenzeger Grenz vun der Haaptasteroidenceinture op enger bal kreesfërmeger Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,0489 ëm d'Sonn. Sai sonnennächste Punkt, de Perihel, läit bei 4,95 AE a säi wäitste Punkt vun der Sonn, den Aphel, bei 5,459 AE. Seng Ëmlafbunn steet mat 1,305° liicht schréi zur Ekliptik. Fir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch de Jupiter 11 Joer, 315 Deeg an 3 Stonnen.

De Jupiter ass nuets vun der Äerd aus mat bloussem A ze gesinn. A senger maximaler Hellegkeet ass de Jupiter no der Sonn, dem Mound an der Venus dee véiert hellste Kierper um Himmel. Dofir war hien och schonn an der Antike bekannt. Eng vun deenen éischte Persounen, déi de Jupiter mat engem Teleskop observéiert hunn, war am Joer 1610 de Galileo Galilei. Dobäi huet hien déi véier gréisst Jupitermounde Ganymed, Kallisto, Io an den Europa entdeckt. Déi 4 Mounde ginn och haut nach als déi Galilei'sch Mounde bezeechent. De Galilei huet als Éischte gesinn, datt sech aner Himmelskierper net nëmmen ëm d'Äerd beweegen. Et war ënner anerem dës Entdeckung, déi zu senger Ënnerstëtzung vum heliozentresche Weltbild gefouert huet, an hien a Konflikter mat der Inquisitioun bruecht huet.

De Jupiter ass dee masseräichste Planéit an eisem Sonnesystem. Hien huet zweeanenhalleftmol souvill Mass wéi all déi siwen aner Planéiten zesummen. Seng Mass reecht souguer aus, d'Sonn an d'Schleideren ze bréngen: De Schwéierpunkt vu Jupiter a Sonn läit ronn 1,068 Sonneradie bausse vum Sonnenzentrum.

De Jupiter ass awer net nëmmen de schwéiersten, awer mat engem Duerchmiesser vu ronn 143.000 km och de gréisste Planéit an eisem Sonnesystem. Hien huet mat 1,326 g/cm³ wéi all Gasris eng kleng Mëttel-Dicht. De Jupiter huet bal d'Maximalausdehnung vun engem „kalen“ aus Waasserstoff bestoende Kierper. „Kal“ heescht an dësem Zesummenhang een Himmelskierper, deen net wéi e Stär Waasserstoff zu Helium verbrennt. Kierper aus Waasserstoff mat méi Masse wéi de Jupiter hunn op Grond vun hirer erhéichte Gravitatioun e méi klengt Volumen. Sou Objeten soubal se méi wéi 13 Jupitermassen hunn, nennt ee brong Zwergen. D'Iwwergäng tëscht Stären, Brong Zwergen a Planéite si fléissend. Fir e Stär misst de Jupiter awer ronn 70-mol méi schwéier sinn.

 
De roude Fleck op dem Jupiter,Foto vum Voyager 1

Trotz senger enormer Gréisst ass de Jupiter an eisem Sonnesystem dee Planéit, dee sech am séiersten dréit. Hie mécht eng Rotatiounsperiod a manner wéi 10 Stonnen, wat wéinst der Zentripetalkraaft eng Ofplattung op de Polen an e Bauch um Equator als Resultat huet. D'Ofplattung ka liicht mat engem Amateurteleskop observéiert ginn. De Jupiter rotéiert och net wéi ee rigide Kierper. D'Equatorregioune brauche fir eng Rotatioun 9 h 50 m 30 s an d'Polregiounen 9 h 55 m 41 s. D'Equatorregioune ginn als System I an d'Polregiounen als System II bezeechent. Seng Rotatiounsachs steet dobäi nëmme knapps 3,13° schréi zu senger Ëmlafbunn. De Jupiter huet doduerch am Géigesaz zu anere Planéite keng markant Joreszäiten.

De Jupiter huet eng wichteg Funktioun an eisem Sonnesystem. Well hie méi schwéier ass wéi all déi aner Planéiten zesummen, ass hien eng wichteg Komponent vum Massegläichgewiicht vun eisem Sonnesystem. Hie stabiliséiert duerch säi Gewiicht d'Haaptasteroidenceinture. Ouni de Jupiter géif statistesch gesinn all 100.000 Joer een Asteroid op d'Äerd opschloen an domat d'Liewen onméiglech maachen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Jupiter – Biller, Videoen oder Audiodateien