James Stewart
Den James Stewart gebuer als James Maitland Stewart den 20. Mee 1908 zu Indiana, Pennsylvania a gestuerwen den 2. Juli 1997 zu Beverly Hills, Kalifornien war en US-amerikanesche Schauspiller.
James Stewart | |
---|---|
Gebuertsnumm | James Maitland Stewart |
Gebuer | 20. Mee 1908 |
Gestuerwen |
2. Juli 1997 Beverly Hills |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Offizéier, Pilot, Charakterschauspiller, Televisiounsregisseur, Dréibuchauteur, Militär, Theaterschauspiller, Dichter, Synchronspriecher, Filmregisseur, Schauspiller |
Partei | Republican Party |
Den James Stewart huet op der Mercersburg Academy an duerno op der Princeton Universitéit studéiert.
No der Universitéit huet hie sech enger Theatergrupp ugeschloss, de Falmouth Players, déi vum Regisseur Joshua Logan (1908-1988), engem Frënd aus senger Studentenzäit aus Princeton, geleet gouf
Säin Duerchbroch am Kino hat hie mat de Frank Capra Filmer You Can't Take It With You (1938) a Mr. Smith Goes To Washington (1939). Am Joer 1939 hat hie säin éischten Optrëtt an engem Western an zwar an Destry Rides Again vum George Marshall zesumme mat der Marlene Dietrich.
Am Zweete Weltkrich war hie Pilot an de United States Army Air Forces. Nom Krich gouf hie Reserveoffizéier an huet an den 1960er Jore seng Carrrière an der Arméi als Major General ofgeschloss.
Säin éischten Erfolleg am Kino nom Krich hat hien am Joer 1948 am Film Call Northside 777 vum Henry Hathaway.Am selwechte Joer huet hien eng Haaptroll am Film Rope vum Alfred Hitchcock iwwerholl. Den Alfred Hitchcock huet hien duerno nach an dräi Filmer agesat sou am Joer 1954 am Krimi Rear Window mat der Grace Kelly als Partnerin. Duerno 1956 am Film The Man Who Knew Too Much mat der Doris Day. Säi leschte Film mam Hitchcock aus dem Joer 1958 de melodramatesche ThrillerVertigo zesumme mat der Kim Novak hat net vill Erfolleg am Kino. Vun der Kritik gouf de Film da spéider rehabilitéiert a gëtt haut als geniaalt Meeschterwierk ugesinn an dem den Hitchcock seng perséinlech Obsessiounen thematiséiert.
An den 1950er Joren ass de Stewart dacks als Westernduersteller opgetrueden an dat besonnesch a Filmer vum Regisseur Anthony Mann wéi Winchester '73, Bend of the River, The Naked Spur an The Man from Laramie.
Hien huet 1957 ënner der Regie vum Billy Wilder am Film The Spirit of St. Louis, deen dem Charles Lindbergh säi berüümte Fluch iwwer den Atlantik erzielt, de Personnage vum Lindbergh gespillt.
Nieft dem John Wayne an dem Lee Marvin war den James Stewart 1962 am Western The Man Who Shot Liberty Valance ze gesinn. De Film gëtt haut zu de grousse Klassiker vum Genre gezielt.
Den James Stewart koum 1965 nach eng Kéier grouss eraus mam Abenteuerdrama The Flight of the Phoenix vum Robert Aldrich an deem hien de Pilot vun engem Fliger, deen an enger Wüste erofgefall ass, spillt.
Filmographie
ännerenKino
ännerenvun 1935 bis 1939
änneren- 1935: The Murder Man vum Tim Whelan mam Spencer Tracy
- 1936: Rose-Marie vum W.S. Van Dyke mam Jeanette MacDonald an Nelson Eddy
- 1936: Next Time We Love vum Edward H. Griffith mam Margaret Sullavan a Ray Milland
- 1936: Wife vs. Secretary vum Clarence Brown mam Clark Gable an Jean Harlow
- 1936: Small Town Girl vum William A. Wellman mam Janet Gaynor a Robert Taylor
- 1936: Speed vum Edwin L. Marin
- 1936: The Gorgeous Hussy, vum Clarence Brown mam Joan Crawford a Robert Taylor
- 1936: Born to Dance vum Roy Del Ruth mam Eleanor Powell
- 1936: After the thin Man vum W.S. Van Dyke mam William Powell a Myrna Loy
- 1937: Seventh Heaven vum Henry King mam Simone Simon
- 1937: The Last Gangster vum Edouard Ludwig mam Edward G. Robinson
- 1937: Navy Blue and Gold vum Sam Wood mam Robert Young
- 1938: Of Human Hearts vum Clarence Brown mam Walter Huston a Beulah Bondi
- 1938: Vivacious Lady vum George Stevens mam Ginger Rogers a Beulah Bondi
- 1938: The Shopworn Angel vum H.C. Potter mam Margaret Sullavan a Walter Pidgeon
- 1938: You Can't Take It with You vum Frank Capra mam Jean Arthur a Lionel Barrymore
- 1939: Made for Each Other vum John Cromwell mam Carole Lombard a Charles Coburn
- 1939: Ice Follies of 1939 vum Reinhold Schünzel mam Joan Crawford a Lew Ayres
- 1939: It's a Wonderful World vum W.S. Van Dyke mam Claudette Colbert
- 1939: Mr. Smith Goes to Washington vum Frank Capra mam Jean Arthur a Claude Rains
- 1939: Destry Rides Again vum George Marshall mam Marlene Dietrich a Mischa Auer
vun 1940 bis 1949
änneren- 1940: The Shop Around the Corner vum Ernst Lubitsch mam Margaret Sullavan
- 1940: The Mortal Storm vum Frank Borzage mam Margaret Sullavan
- 1940: No Time for Comedy vum William Keighley mam Rosalind Russell
- 1940: The Philadelphia Story vum George Cukor mam Cary Grant a Katharine Hepburn
- 1941: Come Live with Me vum Clarence Brown mam Hedy Lamarr
- 1941: Pot o' Gold vum George Marshall mam Paulette Goddard
- 1941: Ziegfeld Girl vum Robert Z. Leonard mam Judy Garland a Lana Turner
- 1946: American Creed vum Robert Stevenson mam Ingrid Bergman an Jennifer Jones (Kuerzfilm)
- 1946: It's a Wonderful Life vum Frank Capra mam Donna Reed a Lionel Barrymore
- 1947: Magic Town vum William A. Wellman mam Jane Wyman
- 1948: Call Northside 777 vum Henry Hathaway mam Richard Conte a Lee J. Cobb
- 1948: On Our Merry Way vum Leslie Fenton a King Vidor mam Paulette Goddard an Henry Fonda
- 1948: Rope, vum Alfred Hitchcock mam Farley Granger an John Dall
- 1948: You Gotta Stay Happy, vum H.C. Potter mam Joan Fontaine an Eddie Albert
- 1949: The Stratton Story, vum Sam Wood mam June Allyson
- 1949: Malaya vum Richard Thorpe mam Spencer Tracy a Valentina Cortese
vun 1950 bis 1959
änneren- 1950: Winchester '73 vum Anthony Mann mam Shelley Winters an Dan Duryea
- 1950: Broken Arrow vum Delmer Daves mam Jeff Chandler an Debra Paget
- 1950: Harvey vum Henry Koster mam Josephine Hull
- 1950: The Jackpot vum Walter Lang mam Barbara Hale
- 1951: No Highway vum Henry Koster mam Marlene Dietrich a Glynis Johns
- 1952: The Greatest Show on Earth vum Cecil B. DeMille mam Betty Hutton, Cornel Wilde, Charlton Heston an Dorothy Lamour
- 1952: Bend of the River vum Anthony Mann mam Rock Hudson an Julie Adams
- 1952: Carbine Williams vum Richard Thorpe mam Jean Hagen a Wendell Corey
- 1953: The Naked Spur vum Anthony Mann mam Janet Leigh a Robert Ryan
- 1953: Thunder Bay vum Anthony Mann mam Joanne Dru a Gilbert Roland
- 1953: The Glenn Miller Story vum Anthony Mann mam June Allyson
- 1954: Rear Window vum Alfred Hitchcock mam Grace Kelly a Raymond Burr
- 1954: The Naked Spur vum Anthony Mann mam Ruth Roman a Corinne Calvet
- 1955: Strategic Air Command , vum Anthony Mann mam June Allyson
- 1955: The Man from Laramie vum Anthony Mann mam Arthur Kennedy a Cathy O'Donnell
- 1956: The Man Who Knew Too Much vum Alfred Hitchcock mam Doris Day an Daniel Gélin
- 1957: The Spirit of St. Louis vum Billy Wilder mam Murray Hamilton
- 1957: Night Passage vum James Neilson mam Audie Murphy an Dan Duryea
- 1958: Vertigo vum Alfred Hitchcock mam Kim Novak a Barbara Bel Geddes
- 1958: Bell Book and Candle vum Richard Quine mam Kim Novak an Jack Lemmon
- 1959: Anatomy of a Murder vum Otto Preminger mam Lee Remick, Ben Gazzara an George C. Scott
- 1959: The FBI Story vum Mervyn LeRoy mam Vera Miles a Murray Hamilton
vun 1960 bis 1969
änneren- 1960: The Mountain Road vum Daniel Mann mam Glenn Corbett
- 1961: Two Rode Together vum John Ford mam Richard Widmark a Shirley Jones
- 1962: The Man Who Shot Liberty Valance vum John Ford mam John Wayne, Vera Miles a Lee Marvin
- 1962: Mr. Hobbs Takes a Vacation vum Henry Koster mam Maureen O'Hara a Fabian
- 1962: How the West Was Won vum John Ford, Henry Hathaway an George Marshall mam Carroll Baker, Gregory Peck, Henry Fonda an Debbie Reynolds
- 1963: Take Her, She's Mine vum Henry Koster mam Sandra Dee a Robert Morley
- 1964: Cheyenne Autumn vum John Ford mam Richard Widmark a Carroll Baker
- 1965: Dear Brigitte vum Henry Koster mam Glynis Johns a Brigitte Bardot
- 1965: Shenandoah vum Andrew V. McLaglen mam Doug McClure a Rosemary Forsyth
- 1965: The Flight of the Phoenix vum Robert Aldrich mam Richard Attenborough, Peter Finch, Hardy Krüger an Ernest Borgnine
- 1966: The Rare Breed vum Andrew V. McLaglen mam Maureen O'Hara an Juliet Mills
- 1968: Firecreek vum Vincent McEveety mam Henry Fonda an Inger Stevens
- 1968: Bandolero! vum Andrew V. McLaglen mam Dean Martin a Raquel Welch
vun 1970 bis 1991
änneren- 1970: The Cheyenne Social Club vum Gene Kelly mam Henry Fonda a Shirley Jones
- 1971: Fools' Parade vum Andrew V. McLaglen mam George Kennedy an Anne Baxter
- 1976: The Shootist vum Don Siegel mam John Wayne a Lauren Bacall
- 1977: Airport '77 vum Jerry Jameson mam Jack Lemmon an Joseph Cotten
- 1978: The Big Sleep vum Michael Winner mam Robert Mitchum a Sarah Miles
- 1978: The Magic of Lassie vum Don Chaffey mam Mickey Rooney
- 1981: Afurika monogatari (A Tale of Africa) vum Susumu Hani
Auszeechnungen
änneren- 1941: Oscar als beschte Schauspiller an The Philadelphia Story
- 1985: Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk
Literatur
änneren- Donald Dewey: James Stewart. A Biography.
- Tony Thomas: A Wonderful Life. The Films and Career of James Stewart. Citadel Press, Secaucus (N.J.) 1988.
- Howard Thompson: James Stewart. Seine Filme - sein Leben. Heyne, München 1988.
- Starr Smith: Jimmy Stewart, Bomber Pilot. St. Paul, Minnesota: Zenith Press, 2005.
Um Spaweck
ännerenCommons: James Stewart – Biller, Videoen oder Audiodateien |