D'Insel Irland ass ronn 450 km laang a ronn 260 km breet a läit am Atlantik. Si huet eng Fläch vu 84.421 km², an ass domat déi drëttgréisst Insel an Europa an déi zwanzegstgréisst vun der Welt.

Irland (Insel)
Geographie
Kontinent Europa
Land Irland, Vereenegt Kinnekräich
Läit an/am Atlanteschen Ozean, Irescht Mier
Gehéiert zu Brittesch Inselen
Koordinaten 53°21'4"N, 7°55'16"W
Fläch 84.421 km²
Küstelängt 2.797 km
Längt 450 km
Breet 260 km
Héchste Punkt (1.041 m)
Verwaltung
Demographie
Awunner 6.572.728
Awunnerdatum 2016
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC±0

Op der Insel leien d'Republik Irland an am Nordosten Nordirland, dat Deel vum Vereenegte Kinnekräich ass.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Irland an am Artikel Nordirland

Nimm änneren

Den engleschen Numm vun der Insel ass Ireland, op Iresch heescht se Éire. De klasseschen laténgeschen Numm war Hibernia, nach virdrun Ivernia. Do dernieft hunn d'Réimer entweeder e Gebitt am Nordoste vun Irland oder och déi ganz Insel Scotia genannt. Dësen Numm gouf am Mëttelalter op den Norde vu Groussbritannien iwwerdroen a bezeechent zanterhier dat haitegt Schottland. Do dernieft gouf et och d'Bezeechnung Britannia minor, also „Klengbritannien“ (an Oppositioun zu Groussbritannien).

Irland gëtt och alt „déi Gréng Insel“ genannt.

Geographie änneren

D'Bierger si virun allem laanscht d'Küst, bannen am Land sinn zentrale Ebenen. De Carrauntuohill am County Kerry ass mat 1.041 Meter deen héchste Bierg. De Shannon deelt d'Insel an zwee, an ass, mat ronn 370 km, dee längste Floss.

Flora a Fauna änneren

Am Allgemenge gëtt et op Irland manner Aarte wéi um europäesche Festland oder op der Nopeschinsel Groussbritannien. Dat läit virun allem doru well Irland no der leschter Äiszäit, wéi de Mieresspigel relativ séier geklommen ass, isoléiert gouf. Et gëtt just 31 Mamendéieraarten, déi op Irland doheem sinn. Op Irland gëtt et keng Schlaangen, an och just eng Reptilienaart, d'Bëscheidechs.

Haut gëtt et och bal keng grouss Bëscher méi op Irland, déi goufen am 17. Joerhonnert wéinst dem Oliver Cromwell senger zerstéierescher Politik ëmgehaen. Am 20. Joerhonnert ass d'Fläch vu Bëscher vun ufanks 1% op 5 % 1997 geklommen, net zulescht duerch Fonge vun der EU. 2002 war s'op 10% eropgaangen; dat meescht sinn Nolebeem.

Um Spaweck änneren

Commons: Irland – Biller, Videoen oder Audiodateien