Wallenborn ass eng kleng Uertschaft an der Vulkanäifel am Landkrees Daun a Rheinland-Pfalz. Si läit ongeféier eng 12 Kilometer vun Daun ewech.

Wallenborn
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Krees Vulkanäifel
Gemeng Daun
Awunner 419 (31. Dezember 2022)
Fläch 832 ha
Héicht 425 m
Koordinaten 50° 09’ 22’’ N
      06° 43’ 20’’ O
Telefonszon 06599
Postcode 54570
Websäit http://www.wallenborn-eifel.de


Wallenborn
De Brubbel a rouegem Zustand
De Brubbel an Aktioun

Kuckeswäertes änneren

Zu Wallenborn gëtt et deen eenzegen "natierlechen" Kalwaassergeysir aus Däitschland. E gëtt "Wallender Born", "Wallenborn"[1] oder, am Volleksmond, "Brubbel"[2] genannt. Ongeféier all 35 Minutte fänkt d'Quell un ze spruddelen a verbreet dann an der Géigend e Geroch vu faulen Eeër.

Als Familljennumm zu Lëtzebuerg änneren

Vun der Uertschaft Wallenborn kënnt de Familljennumm "Wallenborn", deen et 1880 zéngmol zu Lëtzebuerg gouf.[3] 1930 hunn 20 Leit sou zu Lëtzebuerg geheescht; déi meescht hunn zu Groussbus (7) a Biergem (6) gewunnt, anerer um Lampertsbierg (3), zu Konsdref (1), Dikrech (1), Heeschpelt (1) a Walfer (1).[4] 1984 ass den Numm 38-mol am Land notéiert ginn.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. W. Spielmann, 2003. Geologische Streifzüge durch die Eifel. Rhein-Mosel-Verlag, Alf/Mosel, S. 38.
  2. Die oder der Brubbel, jee no den Auteuren: cf. Rudolf Mehler, 1988: Die "Brubbel" [1]; Wallenborn, das schöne Dorf am Brubbel. [2] — Op dem Informatiounspanneau op der Plaz gëtt "der Brubbel" gesot.
  3. 3,0 3,1 Statec, 1984. Die Luxemburger und ihre Familiennamen. Luxemburg, RTL Edition, S. 194.
  4. Institut Grand-Ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie, 1989. Geographie der Luxemburger Familiennamen (nach der Volkszählung von 1930). Luxembourg, S. 393.