Economic template.svg Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Steiwer ass e fréiert Mënzstéck (hl. stuiver, fr. sol) mat engem Wäert vun 1/20 Gulden. Dës Wäerteenheet besteet zanter der Aféierung vum Carolus-Gulden an dem Steiwer duerch de Keeser Karl V. am Joer 1521.

Lëtzebuergesche Steiwer aus der Zäit vun der Maria Theresia, 1775
Lëtzebuergesche Steiwer aus der Zäit vum Joseph II., 1786

D'Herzogtum Lëtzebuerg huet an där Zäit zu de Burgundeschen Nidderlanden (1482–1548), Spueneschen Nidderlanden (1549–1713) an Éisträicheschen Nidderlanden (1581–1795) gehéiert, an domat war de Steiwer och do verbreet.

Vum Enn vum 17. Joerhonnert u kann een ëmrechnen: 1 Steiwer gëtt 8 Dubbelen (fr. liards), 7 Steiwer maachen 1 Schellek (dt. Schilling, fr. escalins), 8 Schellécke sinn 1 Wäissdaler (dt. Reichstaler, fr. écus blancs)[1],[2].

Et ass ganz schwéier de Wäert vun engem Steiwer op haut ëmzerechnen. 1820 hat 1 Steiwer de Géigewäert vun 8,23 franséischen Zantimm[3], 2020 hätt 1 Steiwer dem Béierpräis no wuel de Géigewäert vun eppes tëscht 2 an 3 Euro[4].

An Holland gëtt den Ausdrock haut nach geleeëntlech fir d'5-Eurocent-Mënz virugebraucht.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Stuiver – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Luxemburger Wörterbuch
  2. Notes du Ministre d'État honoraire Édouard Thilges relatives à la valeur des monnaies, aux prix et aux mesures, in: Hémecht, 1998, Heft 1, S. 87
  3. Die Münzen, welche im 16. 17. und 18. Jahrhundert im Luxemburger Lande im Umlauf waren, nach deren Werth in Franken und Centimes berechnet (Schluss.), in: Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg, 30. September 1874
  4. Wann eng Wiertschaft "Um leschte Steiwer" houch, da muss ee mat 1 Steiwer op d'mannst 1 Béier kritt hunn.