Rumänien

Staat a Südosteuropa
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Rumänien (rumänesch: România) ass eng Republik am südëstlechen Europa, am Nordoste vun der Balkanhallefinsel. Rumänien grenzt am Norden un d'Ukrain, am Osten u Moldawien, am Südosten un d'Schwaarzt Mier, am Süden u Bulgarien, am Südwesten u Serbien an am Westen un Ungarn. D'Donau mécht am Süden eng natierlech Grenz mat Bulgarien a Serbien.

România

Rumänesche Fändel

Rumänescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Rumänesch
Haaptstad: Bukarest
Staatsform: Republik
 • President: Klaus Iohannis
 • Premierminister: Nicolae Ciucă
Fläch: 238 391[1] km²
Bevëlkerung: 21 673 328[2]
 • Bevëlkerungsdicht: 91/km²
Onofhängegkeet: 9. Mee 1877
Nationalfeierdag: 1. Dezember
Nationalhymn: Deşteaptă-te, române!
Lauschteren
Wärung: Leu (RON)
Zäitzon: UTC +2
UTC +3 vu Mäerz bis Oktober
Internet TLD: .ro
Internationalen
Telefonsprefix
:
+40

D'Haaptstad an anengems och déi gréisst Stad vum Land ass Bukarest.
Sibiu (dt. Hermannstadt), a Siwebiergen, wou zanter dem Mëttelalter och eng däitschsproocheg Minoritéit mat deelweis lëtzebuergesche Wuerzele lieft, war 2007 zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa.

Rumänien ass den 29. Mäerz 2004 der NATO bäigetrueden an ass zanter dem 1. Januar 2007 Member vun der Europäescher Unioun. Vum 31. Mäerz 2024 un ass et partielle Member vum Schengen-Raum (Schëff- a Fluchverkéier).

Referenzen an Notten änneren

  1. UNO 2004
  2. Populatioun fir den 1. Juli 2005. Quell: UNO 2005
    Beim leschten Zensus, den 18. Mäerz 2002, goufen 21 680 974 Leit gezielt. Quell: Institutul National de Statistica (August 2007)

Um Spaweck änneren

Commons: Rumänien – Biller, Videoen oder Audiodateien