John-Cockerill Monument (Bréissel)

D'John-Cockerill Monument am Quartier Léopold zu Ixelles an der Haaptstadregioun Bréissel steet op der Place du Luxembourg virum fréiere Gebai vun der Gare de Bruxelles-Luxembourg

John-Cockerill Monument

D'Monument zu Éiere vum John Cockerill ass aus de Joren 1870-1871 a gouf vum franséische Sculpteur Armand Cattier geschaf. Et gouf 1872 ageweit.

Déi véier kleng Skulpturen déi ronderëm de Sockel stinn stellen e Schmadd (oder e Glasbléiser)[1], e Mecanicien, e Kuelegrouwenaarbechter an e Puddler duer. Et sinn nieft de Skulpture vum Monument zu Seraing déi éischt realistesch Skulpture vun Aarbechter aus der Eisenindustrie an der Belsch.

Um Sockel si véier eidel Medaillonen, déi héchswahrscheinlech fir Portraite vum John Cockerill sengen enke Mataarbechter geduecht waren. D'Nimm dovu stinn ënner de Medaillonen.

Opschrëften:

Face 1: Érigé par W. Rau [2]; A John Cockerill le père des ouvriers.

Face 2: G. Pastor [3], M. Poncelet; Intelligence

Face 3: H. Memminger, H.L. Alexander; 1790-1840

Face 4: P. Wery. H.Brialmont; Travail


Den 1. Februar 2024 gouf bei enger Manifestatioun vu Baueren d'Statu vandaliséiert an déi vum Mecanicien Beaufort vum Sockel gerappt an deelweis zerstéiert.[4]

Um Spaweck änneren

Commons: John-Cockerill Monument (Bréissel) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Jee no Quell gëtt et verschidden Interpretatiounen
    [Bemierkung vum Auteur vun dësem Artikel: Et kann ee sech d'Fro stelle firwat e Glasbléiser. Den John Cockerill hat mat Glasbléiserei näischt um Hutt. Wann déi Skulptur och net genee d'selwecht ausgesäit wéi déi zu Seraing, sou ass déi vu Seraing eendäiteg e Schmadd. D'Nimm vun de Leit déi fir déi véier Skulpturen um Sockel, Modell waren, sinn souguer bekannt.].
  2. De Willem Rau war de Géisser deen d'Skulpture gegoss huet
  3. De Conrad (Gustave) Pastor war en Industriellen an de Koseng vum John an James Cockerill hire Fraen der Frédérique a Caroline Pastor
  4. "Deel monument John Cockerill van sokkel gehaald." bruzz.be, 2024-02-01.