Saarland
Saarland | |
Fändel | Wopen |
---|---|
![]() |
![]() |
Basisdaten | |
Haaptstad: | Saarbrécken |
Fläch: | 2.568,70 km² |
Awunner: | 1.038.500 (30. September 2007) |
Bevëlkerungsdicht: | 404 Awunner/km² |
Politik | |
Stëmmen am Bundesrat: | 3 |
Ministerpresident: | Tobias Hans (CDU) |
Parteien an der Regierung: | CDU, SPD |
Sëtzverdeelung am Landtag (51 Sëtz): |
CDU 24 SPD 17 Die Linke 7 AfD 3 |
Lokalisatioun | |
![]() |
D'Saarland (Ofkierzung: DE-SL) ass e Bundesland am Südweste vun der Bundesrepublik Däitschland. Et grenzt u Rheinland-Pfalz, un Museldepartement an der franséischer Regioun Grand Est an u Lëtzebuerg. Zesumme mat der fréierer franséischer Regioun Loutrengen, Rheinland-Pfalz, der belscher Regioun Wallounien a Lëtzebuerg bilt d'Saarland d'Groussregioun Saar-Lor-Lux.
Saarbrécken ass d'Landeshaaptstad vum Saarland.
GeographieÄnneren
D'Saarland erstreckt sech vum südlechen Deel vum Honsréck am Norde bis op de Warndt an an de Bliesdall am Süden, a vum Museldall am Westen bis op d'westleche Ausleefer vum Pfälzer Wald.
Déi héchst Bierger am Saarland si mat enger Héicht vu 694 Meter den Dollberg bei Nonnweiler a mat 694 m de Schimmelkopf bei Weiskirchen. Eng aner héich Kopp ass de Schaumberg bei Tholey.
HydrographieÄnneren
Déi gréisst Flëss sinn d'Musel, d'Saar an d'Blies wovun d'Blies de längsten um Gebitt vum Land ass. Aner gréisser Waaserleef sinn d'Prims, d'Nied, d'Nahe an d'Rossel.
Et gëtt gëtt och en ettlech Séien am Saarland wouvun déi gréisst de Bostalsee, den Dillinger See an de Stauséi vun der Primstalspär sinn.
PolitikÄnneren
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen. |
D'Chrëschtlech Demokratesch Unioun (CDU) huet no de Wale vum 30. August 2009 déi éischt Jamaika-Koalitioun an engem däitsche Bundesland mat der Fräier Demokratescher Partei (FDP) an deene Gréng gegrënnt. Ministerpresident war bis am August 2011 de Peter Müller (CDU), duerno d'Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU).
Landkresser am SaarlandÄnneren
GeschichtÄnnerenHaaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vum Saarland D'Saarland sou wéi et haut als Bundesland besteet gouf fir d'éischt 1919 ëmrass wéi beim Traité vu Versailles bei deem fir 15. Joer déi südlech Deeler vun der preisescher Rhäinprovënz, déi westlech Deeler vun der bayrescher Pfalz souwéi e klenge Wutz vum Fürstentum Birkenfeld als Saargebitt ënner Momperschaft vum Vëlkerbond koumen, a seng Kuelegrouwe vu Frankräich als Ersatz fir Krichsschued exploitéiert goufen. 1935 hunn iwwer 90 Prozent vun de Wieler fir den Uschloss un Däitschland gestëmmt a sou koum et nees bei d'Däitscht Räich. Dat war anengems dem Hitler säin éischte groussen aussepoliteschen Erfolleg. D'Saarland am Drëtte RäichÄnnerenD'Saarland an an nom Zweete WeltkrichÄnnerenAm Zweete Weltkrich gouf d'Saarland, well vill Industrie do war, schwéier zerstéiert an nom Krich war et bis Enn 1956 en Deel vun der franséischer Besatzungszon, déi Kéier op engem Territoire deen e bësselche méi grouss war wéi dee vun 1920. D'Amerikaner haten direkt nom Krich eng Zivilverwaltung a Form vun engem Regierungspresidium installéiert. Wéi am Juli 1945 franzéisch Truppen déi amerikanesch ofgeléist hunn, huet sech séier erausgeschielt, datt Frankräich dat Industriegebitt méi staark an de Grëff wollt kréien, a sech mat Annexiounsgedanke gedroen huet. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Saarland (1947 bis 1956). D'Saarland no 1957ÄnnerenDen 1. Januar 1957 gouf d'Saarland e Land vun der Bundesrepublik Däitschland. National OfzeechenÄnnerenD'National Ofzeeche sinn am Saarlänneschen Hoheitsgesetz vum 7. November 2001 definéiert. WopenÄnnerenDe Landeswope vum Saarland besteet aus dem Léiw vun Nassau, dem Kräiz vun Tréier, de loutrengeschen Adleren an dem Léiw vun der Pfalz. De Wopen erënnert sou un déi véier gréisst fréier Fürstentemer, aus deene Gebidder geholl goufe, fir schliisslech d'Saarland ze bilden:
FändelÄnnerenStandartÄnnerenSigelÄnnerenSchoulenÄnnerenSaarbrécken ass déi eenzeg Universitéitsstad vum Land. D'Stad huet eng Universitéit, véier Fachhéichschoulen, eng Héichschoul fir Konscht an eng fir Musek an Theater. LiteraturÄnneren
Um SpaweckÄnneren
|