Limes Luxemburgensis

Serie vu stenge Maarken am Bambësch zu Lëtzebuerg

De Limes Luxemburgensis (LL) war eng Grenzlinn am Bambësch, déi d'Limitt vun der Stad Lëtzebuerg markéiert huet. Se bestoung aus enger Serie vu 94 stenge Maarken, déi am September an Oktober 1772 ënnert der Maria Theresia vun Éisträich, déi och Herzogin vu Lëtzebuerg war, vum Festungsingenieur Nicolas de Jamez opgestallt goufen.

D'Maark 54 um Biergerkräiz
Kaart vu 1772 mam Verlaf vum LL an der Positioun vun de Maarken
« Dräi Häre Maarken »: vu riets no lénks: LL – Dräilännereck – Stroossen – SM

Beschreiwung änneren

Op all Maark war eng Opschrëft: eng fortlafent Nummer (vun 1 bis 94), drënner d'Buschtawen LL an d'Joreszuel 1772. D'Maarke goufen sou opgestallt, datt d'Opschrëft a Richtung vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt huet. Vun den ursprénglech 94 Maarke bestinn der nach 63. Déi meescht Maarke sti laanscht engem Wee a si liicht ze gesinn. Déi, déi net direkt bei engem Wee mä am Bësch stinn, si geleeëntlech méi schwéier accessibel, absënns wéinst der dichter Vegetatioun.

Haaptsächlech déi éischt (Nummer 1 bis 16) an déi lescht (Nummer 89 bis 94) Maarke vum LL feelen, sief et well Stroossen an Haiser gebaut goufen (Reckendall an zum Deel d'Autobunn A6) oder well d'Landschaft ugepasst gouf am Beräich vum Tipp (Centre régional pour déchets inertes) um Schleedbierg.

De Limes Luxemburgensis ass keen zouene Krees, well et kee Sënn gemaach huet de Rollengergronn a Richtung Stad ze delimitéieren. D'Maarke goufen an der Moyenne all 84 Meter placéiert, d'Distanz variéiert awer tëscht 41 an 220 Meter. Déi ganz Längt vum LL – vun der éischter bis bei déi lescht Maark – beleeft sech op 9.098,52 Meter oder 4.668,3 Toisen, déi al franséisch Moosseenheet, déi op der Kaart gebraucht gouf, déi och 1772 opgestallt gouf. Dobäi kommen nach zirka 1.600 m vum Deel am Rollengergronn deen net demarkéiert ass, sou datt de Limes Luxemburgensis op eng Längt vun am Ganze ronn 10.700 m kënnt.

Dräi Häre Maarken änneren

Um Punkt am Bambësch, wou d'Grenzen vun der haiteger Gemeng Lëtzebuerg an de Gemenge Stroossen a Koplescht openee stousse stinn déi sougenannt « Dräi Häre Maarken »: der LL-Kaart vu 1772 no, handelt sech ëm en administrativen « Dräilännereck » wou d'Bëscher vun der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Stroossen an dee vun « Hirer Majestéit » Maria Theresia (SM « Sa Majesté ») openee gestouss sinn. Hei sti véier Maarken: eng dräieckeg (Dräilännereck) an eng fir all administrativ Sektioun. Just d'Nummer 40 gehéiert zum LL.

LL-Kaart änneren

Déi ursprénglech 94 Maarke sinn an enger Kaart agedroen déi 1772 an zwéin Exemplaire gezeechent gouf. Op dëser « Carte particulière des limites et sépartation du Bambusch bois appartenant à la Ville de Luxembourg avec les abornements qui ont été faits aux mois de septembre et octobre 1772 », déi op de 25. Oktober 1772 datéiert a vun ë. a. dem Nicolas de Jamez ënnerschriwwen ass, sinn d'LL-Maarken 1-94 grad wéi d'Rollengergrënnesch Maarken 43-46 agezeechent.

D'Kardinalpunkten sinn op der Kaart mat den ale franséischen Nimm Septentrion (Norden), Midi (Süden), Orient (Osten) an Occident (Westen) uginn, woubäi de Westen an den Oste vertosch goufen!

Lëscht vun de Maarken änneren

Lëscht vun de Maarke vum Limes Luxemburgensis
Nr = Nummer | m = Distanz (Meter) bis bei de nächst Maark | t = Distanz (Toise) bis bei de nächst Maark (1 t = 1,949 m)
Nr m t Koordinaten[1] Foto Maark Foto Ëmgéigend Bemierkung
1 141 72,2 Besteet net méi
2 112 57,3 Besteet net méi
3 136 70,0 Besteet net méi
4 139 71,4 Besteet net méi
5 199 102,2 Besteet net méi
6 183 94,0 Besteet net méi
7 209 107,0 Besteet net méi
8 141 72,2 Besteet net méi
9 191 98,0 Besteet net méi
10 220 113,0 Besteet net méi
11 178 91,3 Besteet net méi
12 135 69,3 Besteet net méi
13 197 101,0 Besteet net méi
14 175 90,0 Besteet net méi
15 51 26,2 Besteet net méi
16 80 41,3 Besteet net méi
17 143 73,2 Besteet net méi
18 170 87,0
 
 
19 174 89,2
 
 
20 86 44,2
 
 
21 92 47,2
 
 
Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt)
22 82 42,0
 
 
23 71 36,3
 
 
24 105 54,0
 
 
25 104 53,3
 
 
26 80 41,0
 
 
27 72 37,0
 
 
Net direkt beim Wee; Accès problematesch
28 82 42,0
 
 
Net direkt beim Wee; Accès problematesch
29 68 35,0
 
 
Net direkt beim Wee; Accès problematesch
30 96 49,2
 
 
Net direkt beim Wee; Accès problematesch
31 79 40,3
 
 
32 82 42,0
 
 
33 84 43,3
 
 
D'Opschrëft kuckt an déi falsch Richtung. Et ass unzehuelen, datt d'Maark am Laf vun de Joren op déi lénks Säit vum Wee geréckelt an hannevir opgeriicht gouf
34 101 52,0
 
 
35 67 34,3
 
 
Eng Kopie vun der Maark steet um Devashaff
36 70 36,0
 
 
37 58 30,0
 
 
38 62 32,0
 
 
39 77 39,3
 
 
Ronn 40 m nieft dem Wee, Accès problematesch
40 62 32,0
 
 
« Dräi Häre Maarken »: der LL-Kaart vu 1772 no, handelt sech ëm en administrativen « Dräilännereck » wou d'Bëscher vun der Stad Lëtzebuerg, der Gemeng Stroossen an dee vun « Hirer Majestéit » Maria Theresia (SM « sa Majesté ») openee gestouss sinn. Hei sti véier Maarken: eng dräieckeg (Dräilännereck) an eng fir all administrativ Sektioun. Just d'Nummer 40 gehéiert zum LL
41 43 22,0
 
 
D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad
42 88 45,0
 
 
D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad
43 94 48,0
 
 
D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad
44 76 39,0
 
 
D'Maark steet 20–30 m nieft dem Pad
45 76 39,0
 
 
46 82 42,3
 
 
47 84 43,0
 
 
Nieft dem Wee, an der Vegetatioun verstoppt
48 88 45,0
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
49 90 46,0
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
50 84 43,0
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
51 86 44,3
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
52 82 42,0
 
Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt)
53 90 46,2
 
 
54 86 44,3
 
 
55 96 49,0
 
 
56 80 41,3
 
Net ze gesinn (an der Vegetatioun verstoppt)
57 109 56,0
 
 
Opschrëft net méi liesbar
58 67 34,3
 
 
59 74 38,0
 
 
Zousätzlech Opschrëft: « CC 1997 ». D'Maark gesäit sech rezent un, sou datt se warscheinlech 1997 ersat gouf
60 92 47,0
 
 
Zousätzlech Opschrëft: « CC 1997 ». D'Maark gesäit sech rezent un, sou datt se warscheinlech 1997 ersat gouf
61 92 47,0
 
Besteet net méi
62 96 49,0
 
 
63 69 35,3
 
 
64 63 32,2
 
 
65 53 27,0
 
 
66 97 50,0
 
Besteet net méi
67 82 42,2
 
 
68 66 34,0
 
Besteet net méi
69 66 34,1
 
 
70 88 45,0
 
 
D'Maark ass ëm e puer Meter verréckelt ginn
71 55 28,0
 
 
72 41 21,0
 
 
D'Maark ass deelweis vergruewen an d'Opschrëft ass net ze gesinn
73 92 47,0
 
 
74 72 36,9
 
 
75 84 43,0
 
 
76 70 36,0
 
 
77 69 35,3
 
 
78 74 38,0
 
 
79 133 68,0
 
 
80 62 32,0
 
 
Opschrëft net méi liesbar
81 51 26,2
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
82 77 39,3
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
83 82 42,0
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
84 78 40,2
 
 
D'Maark steet ronn 20 m nieft dem Pad
85 63 32,3 An engem zouenen Haff; betseet se nach?
86 66 34,0
 
 
D'Maark steet an engem Gruef. Warscheinlech stoung se ursprénglech nieft dem Wee a gouf verréckelt fir e Buer ze bauen, deen haut net méi besteet
87 92 47,4
 
 
88 86 44,0
 
 
Kopie mat der zousätzlecher Opschrëft: « CC 1997 ». Déi original Maark ass am Depot vum Lëtzebuerg City Museum
89 99 51,0 Besteet net méi
90 207 106,0 Besteet net méi
91 142 73,0 Besteet net méi
92 142 73,0 Besteet net méi
93 70 36,0 Besteet net méi
94 113 58,1 Besteet net méi

Um Spaweck änneren

Commons: Limes Luxemburgensis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Koordinate si momentan net uginn, well se nach net definitiv ermëttelt goufen