D'Schnëssen-App ass eng App, déi vum Institut de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni Lëtzebuerg entwéckelt gouf, fir Toundokumenter ze sammelen iwwer de Vokabular an d'Aussprooch vu verschiddene Wierder an Ausdréck am Lëtzebuergeschen. [1]

Logo

Et handelt sech ëm e Crowdsourcing-Projet, bei deem d'Daten aus der Bevëlkerung vun de Leit selwer gesammelt ginn. D'App erméiglecht et jidderengem, unhand vu Froen oder Biller opzehuelen, wéi ee fir eppes seet. Well d'Leit déi matmaachen, och d'Plaz uginn, wou se wunnen oder opgewuess sinn, zu wat fir enger Alterskategorie se gehéieren, ob se Mammesproochler sinn, asw. ass et méiglech, Sproochwandel, dialektal oder geographesch Ënnerscheeder erauszeschaffen. D'Zil ass et, d'Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d'Fuerschung ze dokumentéieren.[1]

Laangfristeg soll awer och en neie Lëtzebuerger Sproochatlas entstoen, woubäi déi aktuell Date mat deene vum Ufank vum 20. Joerhonnert verglach kënne ginn. Op dës Manéier gëtt et méiglech d'Entwécklung vun der Sprooch aus de leschten honnert Joer nozevollzéien.[1]

D'App kann ee sech an deene gängegen App-Platformen eroflueden.

Literatur änneren

  • Nathalie Entringer, Peter Gilles, Sara Martin, Christoph Purschke (2019): "Schnëssen. Surveying language dynamics in Luxembourgish with a mobile research app." In: Linguistics Vanguard, vol. 7, no. s1, 2021, pp. 20190031. Online op degruyter.com (gekuckt: 2021-08-25).

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Wat ass d'Schnëssen-App? op infolux.uni.lu, gekuckt 2021-08-25.