Ararat
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bierg Ararat. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ararat (Homonymie). |
De Bierg Ararat, och Groussen Ararat genannt, op assyresch Urartu; Kurdesch Çiyayê Agirî / Shaxi Ararat, Tierkesch Büyük Ağrı Dağı, Armeenesch Մասիս (Masis) oder Արարատ (Ararat), ass en net méi aktive Vulkan am Oste vun Anatolien, no bei der Grenz mat Armenien a mam Iran, a mat 5.137 Meter iwwert dem Mieresspigel den héchste Bierg an der Tierkei.
Lokalisatioun | |
---|---|
Land | Tierkei |
Koordinaten | 39°42'0"N, 44°18'0"O |
Héicht | 5.137 m |
Den Nopeschbierg, de Klengen Ararat (Tierkesch: Küçük Ağrı Dağı, Armeenesch Սիս), ass 3.896 m héich. Déi zwéi Bierger gehéieren zanter 2004 zu engem Nationalpark.
Mythos
ännerenDer Legend no soll d'Arch vum Noé no der Sintflut op deem Bierg hänke bliwwe sinn (Gen. 8.4).
Et ass d'Nationalsymbol vun den Armeenier, déi bis zum Vëlkermuerd un den Armeenier 1915 haaptsächlesch ronderëm de Bierg Ararat gelieft hunn. E war am Wope vun der Armeenescher SSR an ass och am Wope vun Armenien dran. Zu Sowjetzäiten hat d'Tierkei dogéint protestéiert, datt am Wopen e Bierg wier, deen op tierkeschem Territoire wier. De sowjeteschen Ausseminister Gromyko huet doropshi g'äntwert; d'Tierken hätte jo och d'Moundséchel an hirem Fändel, obwuel weeder de Mound nach Deeler dovun der Tierkei gehéiere géifen.
-
Bléck iwwer Chor Virap op den Ararat
-
Vun Doğubeyazıt (Tierkei) aus gesinn
-
vu Westen hier
-
D'armeenesch Haaptstad Jerewan mam Ararat am Hannergrond
-
De Groussen an de Klengen Ararat vun Osten hier
Um Spaweck
ännerenCommons: Ararat – Biller, Videoen oder Audiodateien |