Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl
Den Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl oder Lycée germano-luxembourgeois Schengen de Perl ass eng Secondaire-Ganzdagsschoul, déi vum Ministerium für Bildung, Kultur und Wissenschaft vum Saarland an dem lëtzebuergeschen Educatiounsministère zesummen entworf a bedriwwe gëtt. D'Gebai vun der Schoul steet zu Perl. Responsabel fir d'Infrastrukturen an den technesche Fonctionnement ass de Landkreis Merzig-Wadern. Den Direktor ass den Dirk Dillschneider.
(SLP) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, ëffentlech Schoul |
Land | Däitschland |
Uertschaft | Perl |
Leedung | Dirk Dillschneider |
Schülerzuel | 903 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung a Kultur, Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend |
Gegrënnt | 2006 |
Koordinaten | 49°28'43,0"N, 6°23'11,4"O |
Um Spaweck | http://www.schengenlyzeum.eu/ |
Geschicht
ännerenOp der 7. Saar-Lor-Lux Gipfelkonferenz den 30. Juni 2003 huet eng Kommissioun ënner dem Virsëtz vum Jacques Santer d'Zukunftsbild 2020 fir d'Groussregioun entworf. Doran gëtt och en neie groussregionale Schoultyp verlaangt, deen en europäescht Bewosstsinn vermëttelt an d'Schüler fir en international ausgeriichten Aarbechtsmaart qualifizéiert. Lëtzebuerg an d'Saarland hu sech doropshi gëeenegt, eng gemeinsam Schoul opzemaachen. Eng Expertegrupp huet a kuerzer Zäit e Konzept an déi néideg Konventiounen entwéckelt. De 24. Mee 2005 huet d'Grupp vun Experte sech fir d'éischt getraff.
Den 30. Juni 2006 huet déi Lëtzebuerger Regierung dem Ofkommes zougestëmmt an den 10. Juli huet och de Kreistag Merzig-Wadern dem Ofkommes zougestëmmt. Déi Saarlännesch Landesregierung huet den 11. Juli hiren Accord ginn an den 13. September huet déi däitsch Bundesregierung zougestëmmt.
De 4. Dezember 2006 ass d'Ofkommes tëscht der lëtzebuergescher an der saarlännescher Regierung fir de Bau vun enger binationaler Schoul ënnerschriwwe ginn. De selwechten Dag gouf nach en zweet Ofkommes iwwer bestoend Gebaier vum Lycée an d'Finanzement vun zukünftege Gebaier ënneschriwwen. Signatairë vun den Dokumenter waren de Premierminister Jean-Claude Juncker, de Ministerpresident Peter Müller an d'Landrätin vum Kreis Merzig-Wadern, Daniela Schlegel-Friedrich, d'Educatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres an de Minister für Bildung, Kultur und Wissenschaft Jürgen Schreier. Béid Dokumenter goufe mam Gesetz vum 11. Juli 2007 offiziell ugeholl[1].
De Lycée gouf de 27. August 2007 offiziell, a Presenz vun ënner anerem dem Jean-Claude Juncker, ageweit an huet deen Dag och d'Diere fir déi éischt 130 Schüler opgemaach. Am Ufank gouf am Gebai vun der fréierer Erweiterter Realschule Schoul gehalen.
De 25. Juni 2008 gouf d'Baugeneemegung fir den Neibau um selwechten Terrain erdeelt an den 11. August 2008 ass mam Bau ugefaange ginn.
Den 12. Januar 2009 gouf de Grondstee vun de Gebaier geluecht[2], déi 25 Milliounen € kascht hunn, vun deene Lëtzebuerg d'Hallschent bezilt. Am Schouljoer 2008/09 hat d'Schoul 267 Schüler.
Den 12. Abrëll 2010 war den éischten Deel vum Bau fäerdeg gestallt an den 1. Juli 2011 gouf dat neit Schoulgebai ageweit. D'Gebai huet op 14.000 m² Fläch 56 Klassesäll, vill Spezial- a Kollektivsäll, en Auditorium, eng Mediathéik an eng Kantin.
Am Schouljoer 2012/13 ware 720 Schüler am Schengener Lycée.
Fir d'Schouljoer 2014/15 hate sech 844 Schüler ageschriwwen, woumat scho bal déi maximal Capacitéit vun 850-900 Schüler erreecht war. Ongeféier d'Hallschent vun de Schüler koum vu Lëtzebuerg, déi aner Hallschent aus Däitschland, nëmmen 3 % vun de Schüler koumen aus Frankräich[3].
Fir d'Rentrée 2022/23 waren 903 Schüler ugemellt[4].
De 5. November 2014 gouf de Lycée vum däitsche Bundespresident Joachim Gauck am Kader vu senger offizieller Staatsvisitt zu Lëtzebuerg besicht[5]
Stonnen an der Woch
änneren- Fir all Klassenniveaue gi 36 Wochestonnen zu jee 45 Minutte gehalen.
- Méindes, mëttwochs a freides daueren d'Course bis zirka véier Auer
- Dënschdes an donneschdes bis zirka eng Auer
- Samschdes ass fräi
Literatur
änneren- Luxemburger Wort, Jrg 164, Nr. 200, 28. August 2012, S. 19: Vielfalt als Chance
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Loi du 11 juillet 2007 portant a) approbation de l'Accord entre le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg et le Gouvernement de la Sarre concernant la création d'un établissement d'enseignement secondaire germano-luxembourgeois, signé à Perl, le 4 décembre 2006; b) approbation du Protocole entre le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg et le «Landkreis Merzig-Wadern» sur les immeubles existants et sur le financement des projets immobiliers ainsi que des dépenses courantes du «Deutsch-Luxemburgisches Schengen-Lyzeum Perl», signé à Perl, le 4 décembre 2006. legilux.lu (11.07.2007). Gekuckt de(n) 19.09.2022.
- ↑ Wort.lu: Grundsteinlegung am Schengen-Lyzeum
- ↑ Irina Figut: Wo Europa Schule macht - Schengen-Lyzeum im achten Jahr des Bestehens, Luxemburger Wort vum 24. September 2014, S. 33
- ↑ Les chiffres de la rentrée 2022/2023. men.public.lu (12.09.2022). Gekuckt de(n) 19.09.2022.
- ↑ Abschluss einer freundschaftlichen Begegnung op wort.lu