De Pafendaller Viaduc ass ee vun de véier Eisebunnsviaducen um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg. E mécht d'Grenz tëscht de Quartiere Clausen a Pafendall an ass no dësem Stater Quartier genannt.

Pafendaller Viaduc
Viaduc de Pfaffenthal
De Pafendaller Viaduc (2008)
Geographie
Land Lëtzebuerg
Plaz Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 46’’ N
      06° 08’ 21.3’’ O
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck
Benotzt vun Nordstreck
Féiert iwwer Uelzechtdall
Technesch Detailer
Bréckentyp Boubréck
Totallängt ca. 260 m
Héicht 32 m
Material Steen
Bemierkungen
Opgaangen 1862
Architekt(en)
Konzeptioun
Waring Brothers
D'Bréck iwwer d'Montée de Clausen (2013)

Iwwer de Viaduc leeft d'Nordstreck, déi vum Clausener Viaduc hierkënnt an am Pafendall parallel zur rue Vauban an iwwer de Viaduc Dräi Eechelen weiderféiert. De Pafendaller Viaduc ass mam Clausener Viaduc duerch eng Bréck iwwer d'Montée de Clausen verbonnen.

D'Bréck ass tëscht 1859[1] an 186? vun der brittescher Entreprise Waring Brothers gebaut ginn[2].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pafendaller Viaduc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Waring Brothers op industrie.lu, fir d'lescht gekuckt den 21. Januar 2019
  2. John Marshall, 2018, #LuxUKLinks: Luxembourg - United Kingdom Links; LuxUKLinks 3, British Embassy & Les Amis de l'Histoire, erausgi vum Jean-Claude Muller, ISBN 978-2-919884-56-8