Rue de Chiny (Märel)
D'Rue de Chiny war bis 2013 eng Strooss am Quartier Märel vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch tëscht der Rue Béatrix de Bourbon an der Rue Guillaume de Machault an huet d'Rue Charles Quint mam Boulevard Marcel Cahen verbonnen[1].
Numm | fr: Rue de Chiny |
---|---|
Bemierkung | D'Strooss besteet net méi! |
Längt | ca. 75 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Märel |
Koordinaten |
49° 36’ 14.4’’ N 06° 06’ 09’’ O |
Genannt no | Chiny |
Westlech vun der Rue de Chiny war de Foussballsterrain vun der Luxlait an ëstlech dovun d'Place Joseph Thorn, op där eng Parkplaz war. Duerch den Neibau an d'Vergréisserung vun der Place Joseph Thorn ass dës Strooss awer verschwonnen.
D'Strooss war no der belscher Stad Chiny benannt, déi am Mëttelalter Zentrum vun enger Grofschaft mam selwechten Numm war an déi 1364 un den Herzog Wenzel I. vu Lëtzebuerg verkaf gouf.
Biller
ännerenKuckt och
ännerenDéi nei Rue de Chiny am Garer Quartier vun der Stad.
Um Spaweck
änneren- Déi fréier Rue de Chiny op geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Evy Friedrich, 1980. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 5: 30-31