Plankton
Plankton (altgr. πλαγκτόν „Wat hin an hier geet“) ginn Organisme genannt, déi am Waasser liewen an do vun der Stréimung virudgesriwwe ginn. Déi Organismen, déi och géint d'Stréimung schwamme kënnen, ginn Nekton genannt.
De Plankton am Séisswaasser gëtt Limnoplankton, deen am Mierwaasser Haliplankton genannt.
Jee no Gréisst kann ee Plankton a Pikoplankton (ënner 4 µm) an Nanoplankton (4 µm bis 40 µm) andeelen.
Weider gëtt ennërscheet tëscht:
- Bakterioplankton (bakterielle Plankton): z. B. Kokken s Stäbercher (Bacillus, Escherichia, Vibrionen)
- Phytoplankton (planzleche Plankton): Algen-Gattunge wéi Bacillariophyta, Chlorophyceae, Dinoflagellata, etc.
- Zooplankton (Déieren-Plankton): verschidde Protozoen (Acantharia, Foraminiferen), Rotatorien, (Chaetognatha, Polychaeta, Fëschaarten, vill Kriibsdéieren an hir Larven (dorënner Krill), verschidden Insektelarven, Echinodermata-Larven (ë. a. Séistären), Muschellarven, Tunicaten an hir Laren, asw.
All Plankton-Organismen, déi keng Photosynthes maachen, ma sech vun aneren Organismen ernieren, ginn zum Zooplankton gezielt. Dobäi gëtt tëscht herbivoren a carnivoren Aarten ënnerscheet, je nodeems, ob se sech direkt vum Phytoplankton ernieren oder vun anerem Zooplankton.
Zooplankton ass eng essenziell Narungsquell fir Fësch a vill aner Liewewiesen am Mier.
Déi riiseg Bartenwale wéi de Blowal oder de Finnwal erniere sech exklusiv dovun, andeems se d'Mierwaasser filteren. Och de Walhai, den Atlanteschen Hierk, d'Sardinn, d'Moule oder de Flamingo liewe vun Zooplankton.
== Literatur ==
- Jörg Ott: Meereskunde. Zweite Auflage. UTB, Stuttgart 1996, ISBN 3-8252-1450-8.
- Ökologie. dtv-Atlas 1998
- Christian Sardet: Plankton: Wonders of the Drifting World. The University of Chicago Press, 2015. ISBN 978-0-226-18871-3 (Print); ISBN 978-0-226-26534-6 (eBook)
Um Spaweck
ännerenCommons: Plankton – Biller, Videoen oder Audiodateien |