Richard Brookins Gedenkplack Wolz

Gedenkplack zu Wolz

‬ D'Richard Brookins Gedenkplack zu Wolz erënnert un de Richard (Dick) Brookins (1922-2018), deen am Zweete Weltkrich G.I. an der 28th Infantry Division war.

Richard Brookins Gedenkplack Wolz
Gedenkplack zu Wolz
Typ Monument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Wolz
Plaz Wolz
Koordinaten 49° 57’ 59.90’’ N
      05° 56’ 14.79’’ O
Zu Éiere vun Richard Brookins

Hien huet am Dezember 1944 fir d'Kanner vu Wolz, wou e stationéiert war, de Kleesche gespillt, a sou e bësse Freed bruecht. Spéiderhi gouf hien zum Éierebierger vun der Stad Wolz an zum Éieremember vun der Oeuvre Saint-Nicolas ernannt.

Den 28. November 2009 huet de Comité vun der Oeuvre Saint-Nicolas eng Gedenkplack, net wäit ewech vum Monument fir d'28th Infantry Division virun der Entrée vum d'Schlass, opriichte gelooss.

De Richard Brookins war nom Krich e puermol op Lëtzebuerg zeréckkomm, fir d'Lescht am Dezember 2014 um 70. Anniversaire vu sengem Optrëtt an der Roll vum Kleeschen[1].

De Richard Brookins ass den 12. Oktober 2018 am Alter vu 96 Joer gestuerwen[1],[2].

Literatur änneren

Peter Lion, 2015 an 2019. American St. Nick. The TRUE story of how a handful of American soldiers brought Christmas back to a small war-torn-town during the darkest days of WWII. Xi+165 S. TFE Publishing, USA.´Net iwwersat.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 (mr), 2018. American St-Nick stirbt im Alter von 96 Jahren. Luxemburger Wort vum 15. Oktober 2018, S. 36.
  2. De Richard (Dick) Brookins ass am Alter vu 96 Joer gestuerwen op rtl.lu den 13. Oktober 2018