D'Donauversinkung (oder Donauversickerung) ass en natierleche Phenomeen, bei deem am Flossbett vun der Donau am Naturpark Obere Donau tëscht Immendingen a Möhringen a bei Fridingen (Landkrees Tuttlingen) op verschiddene Plazen d'Waasser vum Floss am Bett an de Buedem leeft.

Plaze wou d'Donau bei Immendingen am Buedem verschwënnt
Schema

D'Waasser leeft do am Buedem an e Karstwaassersystem, ënnerierdesch Splécken an Hielen, vum wäisse Jura (ox2) a kënnt eng 12 km méi südlech beim Aachtopf nees un d'Uewerfläch. Domat fléisst deemno en Deel vum Donauwaasser an de Baseng vum Rhäin. Et ass vu Joer zu Joer ënnerschiddlech, wéi dacks d'Donau ganz am Buedem verschwënnt, mä zanter dem 19. Joerhonnert kënnt et ëmmer méi heefeg vir. Et ass dofir dovun auszegoen, datt längerfristeg déi iewescht Donau ganz zum Flosssystem vum Rhäin gehéiere wäert, soudatt Niewebaache vun der Donau, déi haut relativ onbedeitend sinn, de Krähenbach zu Möhringen an d'Elta zu Tuttlingen, déi nei Quellflëss vun der Donau wäerte ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Donauversickerung – Biller, Videoen oder Audiodateien