Louis François Armand de Vignerot du Plessis

De Maréchal Louis François Armand de Vignerot du Plessis, Herzog vu Fronsac a spéider Herzog vu Richelieu (1715), Prënz vu Mortagne, Marquis vum Pont-Courlay, Grof vu Cosnac, Baron vu Barbezieux, Coze a Saugeon, Pair de France, ass den 13. Mäerz 1696 zu Paräis op d'Welt komm an den 8. August 1788 gestuerwen.

De Maréchal-Duc de Richelieu, Portrait vum Jean-Marc Nattier, London.

Aus der Famill vum grousse Kardinol Richelieu war de Louis François Armand de Vignerot du Plessis e Bouf vum Louis XIV. an der Herzogin vun der Bourgogne. Hie war dräimol bestuet. Fir d'éischt hat hie sech den 12. Februar 1711 mat der Anne de Noailles (†1716) bestuet. De 7. Abrëll 1734 huet hie sech mat der Élisabeth vu Loutrengen-Harcourt (†1740) bestuet, mat där hien zwee Kanner hat:

  1. Louis Antoine Sophie de Vignerot du Plessis (1736-1791), Herzog vu Fronsac ;
  2. Jeanne Sophie Elisabeth Louise Armande Septimanie de Vignerot du Plessis (1740-1769) (Gräfin Casimir Pignatelli).

Am Alter vu 84 Joer huet hie sech 1780 fir d'drëtt bestuet, mat der Jeanne de Lavaulx.

De "franséischen Alkibiades" huet sech en Numm duerch seng amouréis Aventuren a seng Dueller gemaach, duerch déi hie 14 Méint an der Bastille verbruecht huet, wéi e jonk war. Duerno hat hien nach e puer Kuerzopenthalter am Paräisser Prisong, eemol wéinst engem Duell am Joer 1716 an eng aner Kéier den 20. Mäerz 1719 duerch d'Verschwörung vum Cellamare. D'Ukloe géint hie waren dermoosse schwéier, datt de Regent Philippe vun Orléans deklaréiert huet: « Si M. de Richelieu avait quatre têtes, j'aurais dans ma poche de quoi les faire couper toutes les quatre... ». Op d'Biede vu senger Duechter, der Mlle de Valois, déi an de Maréchal verléift war, huet de Regent hien nees fräi gelooss, mä seng Duechter huet him misse verspriechen, hien net ze bestueden.

Zu senge ville weiblechen Eruewerungen zielt ënner anerem d'Marquise du Châtelet am Joer 1733.

Duerch d'Protektioun vun der Marquise de Prie, gouf de Maréchal Richelieu Ambassadeur zu Wien (1725-1729) an duerno zu Dresden. Hei konnt hie sech als gudden Diplomat beweisen.

Am Joer 1743 gouf hien zum Premier gentilhomme de la Chambre ernannt, an am Joer 1755 Gouverneur vun der Guyenne wou hien d'Wäiner vu Bordeaux kennen a schätze geléiert huet.

Als muddege Krichsmann huet hie sech a ville Campagnen tëscht 1733 a 1758 ausgezeechent, an huet eng decisif Roll an der Schluecht vu Fontenoy gespillt (1745). 1748 gouf hie Maréchal de France.

Als brillante Courtisan hat hien e groussen Afloss op de Louis XV. bis zu der Madame de Pompadour, déi hie vum Kinnek ewechkritt, ouni en awer ganz ze diskreditéieren.

Als Mäzen war hien e Frënd vum Voltaire, deen hien dacks zu Besuch hat, zu Paräis, Versailles a Fontainebleau.

Och wann hie kaum d'franséisch Orthographie beherrscht huet, gouf hien de 25. November 1720 an d'Académie française gewielt. Hien huet säin Discours vum Fontenelle, Campistron an Destouches schreiwe gelooss. Hien hat e groussen Afloss an der Académie a gouf 1731 och membre honoraire vun der Académie des Sciences.

Den 1. Januar 1729 gouf hien an den Ordre du Saint-Esprit opgeholl.

Literatur zum Theema

änneren
  • Jacques Levron, Le maréchal de Richelieu, un libertin fastueux, Paris, Perrin, 1971

Um Spaweck

änneren