Li Tore (Le dompteur de taureau) ass eng Skulptur vum belsche Sculpteur Léon Mignon déi 1880 um Paräisser Salon eng Goldmedail krut. Si steet haut op den Terrassen tëscht dem Pont Albert Ier an der Avenue Rogier nieft dem Parc d'Avroy am Zentrum vu Léck.

Li Tore
Typ Skulptur
Land Belsch
Gemeng Léck
Koordinaten 50°37'48"N, 5°34'12"O

Well den Dompteur plakeg war, huet dat e Skandal, a schaarf Kriticke vun der kathoulescher Press vu Léck ausgeléist.

Dat war de Furri vun de Lécker Studenten, déi doropshin de Stéier als hiert Maskottchen ugesinn hunn. Am Zweete Weltkrich gouf en an de Kellere vun der Universitéit vu Léck verstoppt.

De Stéier spillt haut nach ëmmer eng Roll beim Kleeserchesdag vun de Studenten a bei der Saint-Toré. Bei deene Geleeënheete maachen d'Studente sech all Joer de Spaass fir dem Stéier seng Jicke rout unzesträichen.

Um Spaweck änneren