Kachbuch
Buch, an deem Rezepter stinn
(Virugeleet vu(n) Kachbicher)
Dësen Artikel iwwer d'Theema Gastronomie ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Kachbuch ass e Buch, an deem Rezepter stinn, fir bestëmmt Platen ze kachen oder ze preparéieren.
Kachbicher kënne variéiere vun einfachen, niichteren Texter bis hin zu opwänneg illustréierten Exemplairen, an deenen niewent Rezepter och nach Texter iwwer d'Kultur, d'Geschicht oder soss Sujete stinn, déi mam Iessen ze dinn hunn.
Déi grouss Klassiker
änneren- Antonin Carême, L'art de la cuisine française du XIXe siècle, éischt Editioun 1832, 550 Säiten.
- Alexandre Dumas, Le grand dictionnaire de cuisine.
- Jules Gouffé, Le Livre de cuisine, éischt Editioun 1867.
- Ali-Bab, Gastronomie pratique, éischt Editioun 1928, Flammarion, 1300 Säiten, 5000 Rezepter.
- Auguste Escoffier, Ma cuisine, Flammarion, 1934,
- Henri-Paul Pellaprat, L'art culinaire moderne, éischt Editioun 1935, 800 Säiten, 3500 Kachrezepter.
- E. de Saint-Ange, La bonne cuisine de Mme E. de Saint-Ange, Larousse, 1927.
Déi modern klassesch Kachbicher
änneren- Raymond Oliver, La cuisine, sa technique, ses secrets, Bordas, 1971 vum éischten Tëlee-Kach.
- Paul Bocuse, La cuisine du marché en hommage à Alfred Guérot, Flammarion, 1976. De Grondstee vun der Nouvelle cuisine française.
- Th.Gringoire et L. Saulnier, Le Répertoire de la cuisine, Flammarion.
- Arne Krüger an Annette Wolter, Kochen heute, Gräfe und Unzer, München.
- Klassische Küche am Burda-Verlag.
- Das beste Dr. Oetker Backbuch am CERES- Verlag.
- MENU das grosse moderne Kochlexikon, Bertelsmann-Verlag.
Lëtzebuerger Kachbicher (Auswiel)
änneren- Oscar Schieb, Handbuch der gepflegten Familienküche, 1954, Dréckerei Bourg-Bourger, 178 Säiten, 468 "ausgewielt" Rezepter. Ënner dem Copyright vun der Société Nestlé (Zitat:" Copyright by Société Nestlé (Belgique), Société Anonyme, Bruxelles") huet den elsässesche "Kichechef a kulinaresche Konferenzler bei Radio-Lëtzebuerg" e Bichelchen erausginn, an deem hien net vergësst geleeëntlech drun z'erënneren e puer Drëpse Maggi an d'Iessen ze maachen. De Schieb war Chef-Kach am Hotel Staar.
- Ketty Thull, "Haushaltungsléierin" huet 19xx "de" Klassiker vun de Lëtzebuerger Kachbicher geschriwwen. Luxemburger Koch- Back- und Dessertbuch, 600 Säiten, 1300 "bewäerte" Rezepter. Villerlee Editiounen. D'Copyright ass hin an hier verkaaft ginn.
- Mein Kochbuch erausgi vun der Haushaltungsschoul vun Ettelbréck, 1969, (Sankt Paulus Dréckerei).
- Pol Tousch, Das Kochbuch aus Luxemburg erausgi vum Hölker Verlag (1980), 143 Säiten, klassesch Lëtzebuerger Rezepter.
- Tun Nosbusch, Kachen a Brachen - Aus der Luxemburger Küche, Fotoe vum Jochen Herling, 1983, Éditions Guy Binsfeld, 144 S. ISBN 3-88957-024-0
- La cuisine luxembourgeoise, 1996, Éditions Guy Binsfeld, 145 S. ISBN 2-87954-010-0
- Lydie Muller-Philippy, Natierlech genéissen: 123 vegetarische Vollwertrezepte - von einfach bis raffiniert, 2003, Oeko-Fonds, Impr. St. Paul ISBN 2-9599987-5-8
- Bibi Wintersdorf, Kachen, 2009, Éditions Schortgen, 128 S., ISBN 978-2-87953-080-2
- Sylvie Bisdorff, Meng Kichen, 2009, Éditions Guy Binsfeld, 165 S., ISBN 978-287954-215-7
- René Kertz, Tom Marson, Ben Weber, Lëtzebuerger Kascht: modern opgedëscht, 2009, St. Paul, 111 S. ISBN 978-2-87963-759-4
- Max Kuborn, Kache bei all Wieder, 2010, Éditions Guy Binsfeld, 155 S., ISBN 978-2-87954-231-7
- Carlo Sauber, Ketty Tull, le grand classique de la tradition culinaire luxembourgeoise, 2011, 2012, Éditions Schortgen, 292 S. ISBN 978-2-87953-114-4 ISBN 978-2-87953-155-7
- EHTL, The Schengen Lounge – Recipe Book – Livre de recettes, 2021, erausginn am Kader vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung Dubai 2020[1]
Kucht och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kachbicher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)ETHL, L'EHTL publie “The Schengen Lounge – Recipe Book – Livre de recettes” | École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg. www.ehtl.lu. Gekuckt de(n) 29.12.2021.