Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin

Den Nobelpräis fir Physilogie oder Medezin ass no dem Testament vum Alfred Nobel geduecht fir Persounen aus dem Medezinberäich oder aus der Recherche an der Biologie z'éiren, deenen hir Aarbechten e grousse Fortschrëtt am Wëssen oder an den Technike vun deene Wëssensgebidder mat sech bruecht hunn.

De Präis gëtt attribuéiert vun enger Jury vu Professere vum Karolinska-Institut, déi de Präisdréier aus engem Choix vu ronn fofzeg Kandidaten erausichen, déi den Nobel-Komittee proposéiert.

Nodeem de Präisdréier uganks Oktober bekannt gemaach gëtt, kritt hien d'Medail an den Diplom vun der Fondatioun, vum schweedesche Kinnek offiziell den 10. Dezember, um Joresdag vum Doud vum Alfred Nobel iwwerreecht.

Zanter 2001 huet de Geldpräis deen domat verbonnen ass, de Wäert vun zéng Millioune schweedesch Krounen, wat eppes Klengs weider ass wéi eng Millioun Euro.

Fir eng Lëscht vun de Präisdréier kuckt wgl. Lëscht vun den Nobelpräisdréier fir Physiologie oder Medezin

Um Spaweck änneren

Commons: Nobel laureates in Physiology or Medicine – Biller, Videoen oder Audiodateien