James Joyce
Den James Augustine Joyce, gebuer den 2. Februar 1882 zu Rathgar a gestuerwen den 13. Januar 1941 zu Zürich, war en iresche Schrëftsteller.
James Joyce | |
---|---|
Gebuertsnumm | James Augustine Aloysius Joyce |
Gebuer |
2. Februar 1882 Rathgar |
Gestuerwen |
13. Januar 1941 Zürich |
Doudesursaach | Bauchfellentzündung |
Nationalitéit | Irland |
Educatioun | University College Dublin |
Aktivitéit | Dichter, Romancier, Enseignant, Auteur, Schrëftsteller, Journalist, Literaturkritiker, Prosaist |
Hie gouf bekannt fir seng Wierker Dubliner, Ulysses a Finnegans Wake. Hie gëlt als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der literarescher Modern.
Den James Joyce huet virun allem zu Dublin, Triest, Paräis an Zürich gewunnt.
Liewen
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Den Joyce zu Lëtzebuerg
ännerenVum 16. bis den 22. August 1934 waren den Joyce a seng Fra Nora am Stater Grand Hôtel Brasseur als Touristen zu Gaascht. Hie schrouf iwwer d'Stad: "This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe."[1]
Literaresch Auswierkungen op dës kuerz Presenz sinn a sengen Notebooks ze fannen (haut: Bibliothéik vun der University at Buffalo aus dem Staat New York), wou e sech d'Nimm vu Lëtzebuerger Flëss ("R. Sûre Sauer, R. Wiltz, Our, Attert, Alzette Black White Ernz Semois") notéiert hat, déi dann zum Deel a Finnegan's Wake opdauchen - als "that Luxuumburgher evec cettehis Alzette (...)".[2]
Wierk
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um Spaweck
ännerenCommons: James Joyce – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Exposition: ‘This is a lovely quiet rose-growing part of dirty old Europe’. James Joyce à Luxembourg. Communiqué op bnl.public.lu, 22/03/2022.
- ↑ Marc Thill: "1934 war er in Luxemburg: Was James Joyce alles aus Luxemburg mitgenommen haben könnte." wort.lu [w+], 24.06.2022.