Sauer
![]() |
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie). |
D'Sauer ass e Floss an der Belsch, zu Lëtzebuerg an an Däitschland, et ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.
![]() D'Sauer bei Maartel | |
An anere Sproochen |
fr: Sûre de: Sauer |
---|---|
Längt | 206 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Fläch vum Baseng | 4.259 km² |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Vaux-lez-Rosières |
Héicht | 510 m |
Koordinaten |
49° 55’ 3.76’’ N 5° 30’ 48.49’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Musel |
Plaz | Waasserbëlleg |
Héicht | 129 m |
Koordinaten |
49° 42’ 48.4’’ N 06° 30’ 24’’ O |
Haaptnieweflëss |
Wolz (Wiltz), Uelzecht, Wäiss Iernz, Our, Schwaarz Iernz |
Geographie | |
Land |
![]() ![]() ![]() |
Uertschaften |
Martelange, Esch-Sauer, Ettelbréck, Dikrech, Reisduerf, Iechternach, Waasserbëlleg |
![]() | |
GeographieÄnneren
Si entspréngt beim Haff Planchipont[1] an der Sektioun Vaux-lez-Rosières vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, am Südoste vun der Belsch.
Vu Roumecht un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.
Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.
D'Sauer ass 206 km laang, dovu sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire. Se zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt iwwer 70 km² hunn[2].
Uertschaften op der SauerÄnneren
BelschÄnneren
LëtzebuergÄnneren
- Roumecht
- Sir
- Bauschelt (Millen)
- Bungeref (Millen)
- Ënsber
- Lëlz
- Esch-Sauer
- Heischtergronn
- Giewelsmillen
- Schlënnermanescht
- Buerschter Millen
- Méchela
- Ierpeldeng
- Ettelbréck
- Angelduerf
- Dikrech
- Gilsdref
- Bleesbréck
- Bettenduerf
- Méischtref
- Reisduerf
- Wallenduerfer Bréck
- Déiljen
- Grondhaff
- Bollenduerfer Bréck
- Iechternach
- Steenem
- Rouspert
- Hénkel
- Bur
- Méischdref
- Waasserbëlleg
DäitschlandÄnneren
- Wallendorf
- Bollendorf
- Weilerbach
- Echternacherbrück
- Mennen (de: Minden)
- Edingen
- Godendorf
- Wintersdorf
- Metzdorf
- Laser (de: Langsur)
- Bëllegerbréck (de:Wasserbilligerbrück)
Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)Änneren
An der BelschÄnneren
- Ruisseau du Wé (riets)
- Ruisseau du Bultai (riets)
- Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
- Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
- Geronne (riets)
- Moyémont (riets)
- Chiehet (riets)
- Ruisseau de Lipré (lénks)
- Strange lénks
- Ruisseau de Geronval (riets)
- Ruisseau de Savipré (lénks)
- Ruisseau de Tranquebois (riets)
- Wissbich (riets)
- Kleppelbaach (riets)
- Molscht (lénks)
Zu LëtzebuergÄnneren
- Froumicht
- Syrbaach
- Bëllerbaach
- Schwärzerbaach
- Bauschelbaach
- Braaschter Flass
- Hämichterbaach
- Béiwener Baach
- Ningser Baach
- Dirbech
- Fënsterbaach
- Rackebaach
- Pëtzbech
- Schlirbech
- Heesbech
- Woschenterbaach
- Toodler Baach
- Boukelsser Baach
- Haarderbaach
- Rensbaach
- Rannerbaach
- Wolz (Wiltz)
- Wëlzerbaach
- Dideschbaach
- Schlënner
- Kuelebaach
- Uelbech
- Wëlschterbaach
- Heemicht
- Doudeslach
- Holzbaach
- Méchelbaach
- Uelzecht
- Tirelbaach
- Blees
- Wäiss Iernz
- Our
- Kuerbaach
- Schwaarz Iernz
- Äsbech
- Lauterbuererbaach
- Aleferbaach
- Girsterbaach
- Kauzebaach
- Sernigerbaach
An DäitschlandÄnneren
BillerÄnneren
D'Sauer bei Wallenduerf…
Kuckt ochÄnneren
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ WalOnMap. geoportail.wallonie.be. Gekuckt de(n) 2021-06-27.
- ↑ www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie