Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg)

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg

De Garer Quartier, oder kuerz d'Gare, ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Zentrum vun der Haaptstad. Den Numm huet e vun der Stater Gare, déi do läit.

Garer Quartier
Vue op de Garer Quartier (2019)
An anere Sproochen fr: Quartier de la Gare
de: Bahnhofsviertel
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 11.895
  31.12.2022
Fläch 105,25 ha
Koordinaten 49° 36’ 06’’ N
      06° 07’ 54’’ O

D'Al an d'Nei Avenue verbannen e mat der Uewerstad vun der Stad.

Geographie änneren

De Quartier ass 105,25 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 250,3 an 295,6 m. E grenzt am Norden un d'Uewerstad an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Quartiere Gronn, Bouneweg-Nord/Verluerekascht, Bouneweg-Süd, Gaasperech an Hollerech.

Am Nordwesten an Norde mécht d'Péitruss d'Grenz mat den Nopeschquartieren.

Awunner änneren

Enn 2015 hunn am Garer Quartier 9.930 Leit gewunnt, dovu 15,78 % Lëtzebuerger a 84,22 % Auslänner. Op den 31.12.2022 waren et 11.895 Leit. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 16,44 % géintiwwer 83,56 % Auslänner. Déi am meescht representéiert Nationalitéit sinn d'Fransousen; d'Lëtzebuerger kommen eréischt op der zweeter Positioun. Et ass och den eenzege Stater Quartier wou d'Lëtzebuerger Bevëlkerung net op der éischter Plaz ass[1].

Garer no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 11 895 100,00
1   Frankräich 2 437 20,49
2   Lëtzebuerg 1 956 16,44
3   Portugal 1 776 14,93
4   Italien 1 012 8,51
5   Spuenien 445 3,74
6   Belsch 398 3,35
7   Rumänien 354 2,98
8   Däitschland 297 2,50
9   Indien 251 2,11
10   Griicheland 212 1,78
Top 10 9 138 76,82
Aner Nationalitéiten 2 6757 23,18

Galerie änneren

Literatur änneren

  • Anen, Nicolas, 2012. Interview mit Historiker Robert L. Philippart über die Entwicklung des städtischen Bahnhofsviertel. Das Bahnhofsviertel ist ein Durchgangsort. Luxemburger Wort vum 27. September 2012, Bäilag Semaine nationale du logement 2012, S. 14-15.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Garer Quartier (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Stad Lëtzebuerg, La ville en chiffres - État de la population au 31.12.2022.