Bradypus variegatus ass eng Déierenaart aus der Familll vun den Dräifanger-Lidderhanessen (Bradypodidae). E kënnt a groussen Deeler vu Süd- a Mëttelamerika vir a lieft virun allem an Tropesche Reebëscher. E verbréngt säi Liewen an de Beem an erniert sech vu Blieder, woubäi eenzel Exemplairen op bestëmmt Planzenaarte spezialiséiert sinn. D'Aart lieft als Eenzelgänger, ausser fir sech wärend der Reeperiod ze verkoppelen, woubäi dann een eenzelt Jonkt gebuer gëtt.

Bradypus variegatus
Bradypus variegatus

Bradypus variegatus
Bradypus variegatus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Xenarthra
Uerdnung: Pilosa
Ënneruerdnung: Folivora
Famill: Bradypodidae (Lidderhanessen)
Gattung: Bradypus
Wëssenschaftlechen Numm
Bradypus variegatus
(Schinz, 1825)
Verbreedung

De bronge Fleck um viischten Hals an déi däischter Sträife laanscht d'Ae si charakteristesch fir dës Aart.

De Bradypus variegatus gëtt 40 bis 80 cm, grouss, woubäi säi Schnwanz just 2,5 bis 9 cm kleng ass. E gëtt eng 2,3 bis 5,5 kg schwéier; Männercher a Fräche gesinn net vill anescht aus. Um klenge, ronne Kapp sëtzen 1 bis 1,5 cm laang Oueren, déi ënnert dem Pelz verstoppt sinn. Dëse besteet aus enger dichter, kuerzer Ënnerwoll a laangen Hoer, déi driwwer leien. An dësen Hoer, déi dacks queesch opfegbrach sinn, sëtze gär Algen, déi dodra symbiotesch liewen. Doduerch glënnert de Plez, jee no Luucht, gréngelzeg, a mécht dem Déier eng gutt Tarnung viru Friessfeinden. De Scheet vum Pelz ass um Bauch, sou datt Reewaasser besser ofdrëpse kann. D'Äerm sinn däitlech méi laang wéi d'Been. Un de viischten an den hënneschte Patte sinn dräi funktional Zéiwen, un deen 5 bis 8 cm laang Kralle sinn, déi wéi Kreep ausgesinn.

E verbréngt 15 bis 18 Stonnen am Dag domat, ze schlofen. Soss beweegt e sech, fir Friessen ze sichen, ganz lues duerch d'Geäscht vun de Beem. Si klamme ronn all aacht Deeg vun de Beem erof, fir hiren Daarm eidel ze maachen. Dofir mécht e mam Schwanz eng kleng Kaul, an déi e säi Schissi leet, a schäert déi dono mat Laf zou. Um Buede kënne se just krauchen, ma am Waasser sinn et gutt Schwëmmer.

Déi gréisste Friessfeind vum Bradypus variegatus ass d'Harpyie an de Jaguar.

Et gëtt siwen Ënneraarten:

  • B. v. boliviensis (Gray, 1871; am südwestlechen Amazonasbaseng vu Bolivien a Brasilien
  • B. v. brasiliensis Henri Marie Ducrotay de Blainville, 1840; südëstlecht Brasilien
  • B. v. ephippiger Rudolph Amandus Philippi, 1870; nërdlecht Kolumbien bis nordwestleche Venezuela, westlech vun den Anden bis Ecuador, ëstlechet Panama
  • B. v. gorgon Oldfield Thomas, 1926; Kolumbien, op der Insel Gorgona
  • B. v. infuscatus Johann Georg Wagler, 1831, Kolumbien a Venezuela ëstlech vun den Anden, ëstleche Peru an Ecuador, westlecht Brasilien,
  • B. v. trivittatus Emilio Cornalia, 1849; Brasilien, am ënneschten Amazonasbaseng, südlech vum Floss
  • B. v. variegatus Heinrich Rudolf Schinz, 1825; Brasilien, vum südëstlechen Amazonas bis op d'Atlantikküst

Literatur änneren

  • D. P. Gilmore, C. P. Da Costa, D. P. F. Duarte: Sloth biology: an update on their physiological ecology, behavior and role as vectors of arthropods and arboviruses. In: Brazilian Journal of Medical and Biological Research. 34 (1), 2001, S. 9–25.
  • Virginia Hayssen: Bradypus variegatus (Pilosa: Bradypodidae). In: Mammalian Species. 42, (1), 2010, S. 19–32.
  • Jonathan N. Pauli: Bradypodidae (Three-toed sloths). In: Don E. Wilson, Russell A. Mittermeier (Hrsg.): Handbook of the Mammals of the World. Volume 8: Insectivores, Sloths and Colugos. Lynx Edicions, Barcelona 2018, S. 118–132 (S. 130–131) ISBN 978-84-16728-08-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Bradypus variegatus – Biller, Videoen oder Audiodateien