Laacher-Séi-Ausbroch

grousse Vulkanausbroch ëm 11000 v.C. um Laacher Séi an Däitschland

De Laacher Séi-Ausbroch war e Vulkanausbroch dee virun 13.000 Joer an der Äifel war. Et war dee jéngsten Ausbroch vun der Äerdgeschicht a Mëtteleuropa. Deen Inferno huet zwar just e puer Deeg gedauert, huet d'Landschaft awer komplett verännert.

De Laacher Séi

An enger riseger Magmakummer, just e puer Kilometer ënner der Äerduewerfläch, huet sech joerdausendelaang e gas- a mineralräicht Magma gebilt. Dat Magma huet sech virun 13.000 Joer no uewe gedréckt a mat Iwwerschallvitesse goufen Äschen, Bims an anert Gestengs an enger 40 Kilometer héijer Eruptiounssail erausgeschleidert.

Déi schlëmmst Auswierkunge waren déi 600° Celsius gliddeg Glouslawinnen an d'Äschen. Si si mat grousse Vitessen iwwer d'Land geschoss an hunn eng moer Moundlandschaft hannerloss. D'Äschen hu sech verfestegt an hu sech duerch de Kontakt mam Waasser zu Tuff entwéckelt.

Kuckt och änneren