Internationale Fraendag
Den Internationale Fraendag, Weltfraendag, Fraekampfdag, Internationale Fraekampfdag oder Fraendag ass e Weltdag, deen all Joer den 8. Mäerz gefeiert gëtt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/0a/Frauentag_1914_Heraus_mit_dem_Frauenwahlrecht.jpg/220px-Frauentag_1914_Heraus_mit_dem_Frauenwahlrecht.jpg)
En ass an der Zäit vum éischte Weltkrich op Initiativ vu sozialisteschen Organisatiounen am Kader vum Kampf ëm d'Gläichberechtegung, dem Fraewalrecht an der Emanzipatioun vun den Aarbechterinnen, entstanen.
Mat enger UNO-Resolutioun aus dem Joer 1977 gëtt den Internationale Fraendag all Joer als offiziellen UNO-Feierdag gefeiert, fir un den historesche Kampf fir d'Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Fraen z'erënneren[1].
Den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg
änneren- Den 23. Mäerz 1929 gouf den Internationale Fraendag fir d'éischt zu Lëtzebuerg gefeiert, d'Organisatioun Foyer de la femme hat dozou opgeruff dee Kampfdag ze feieren an op e grousse Fraenowend am Festsall vun der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht agelueden[2].
- Ënnert dem Kierzel JIF (Journée internationale des femmes) koordinéiert de CID/Fraen an Gender eng Aktiounsplattform mat zirka 20 Veräiner, Gewerkschaften an Organisatiounen[3]. Dës organiséiert zanter 2020 e Fraestreik um Fraendag (oder kuerz virdrun).
- D'A.s.b.l Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé (fréier CID-femmes) gouf den 8. Mäerz 1992 um Weltfraendag gegrënnt.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Internationale Fraendag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Internationale Fraendag um Site vum CID/Fraen an Gender
- International Women’s Day UNO (en)
- Rues-au-feminin.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Kuerz Geschicht vum Fraendag op der Websäit vun der Uni Wien
- ↑ Bäilag am Tageblatt vum 20. Mäerz 1929 (Nr. 11), zitéiert op http://fraendag.lu/geschichte/1920-1930/
- ↑ CID/Fraen an Gender - Internationaler Frauentag