Der Graf von Luxemburg ass eng Operett an dräi Akte vum Franz Lehár. D'Libretto ass vum Robert Bodanzky an dem Alfred Maria Willner. Se gouf den 12. November 1909 eng éischt Kéier am Theater an der Wien zu Wien opgefouert.

Affiche vun enger Opféierung zu Maribor, Neijooschdag 1931

D'Operett gouf bei hirer Première stiermesch applaudéiert an duerno méi wéi 300-mol hannereneen am Theater an der Wien gespillt.

D'Persounen änneren

  • René, Grof vu Lëtzebuerg (Tenor)
  • Prënz Basil Basilowitsch (Kom.)
  • Armand Brissard, Moler (Tenor)
  • Angèle Didier, Sängerin un der grousser Oper zu Paräis (Sopran)
  • Juliette Vermont (Sopran)

Ëm wat geet et? änneren

De Prënz Basil Basilowitsch ass onstierflech an d'Sängerin Angèle Didier verléift. E sicht verzweifelt no engem Wee fir se ze bestueden, wat en am Fong net däerft, well si net adeleg ass.

Hie mécht Bekanntschaft mam Grof René vu Lëtzebuerg, engem veraarmte Bon-vivant a proposéiert him en Handel: Fir eng hallef Millioun géif de René d'Sängerin pro forma bestueden, a sech no dräi Méint nees vun hir scheeden. Doduerch géif d'Angèle adeleg, sou datt de Basil sech da selwer mat hir bestuede kéint.

De Grof René ass d'accord, hie bestit d'Angèle, ouni et awer ze gesinn ze kréien. Duerch Zoufall begéint hien him no zwéin an engem hallwe Mount a verléift sech an hatt, an och d'Angèle fënnt de "Barong vu Reval", als deen e sech virstellt, méi wéi just sympathesch. Wéi d'Angèle him erzielt, wéi et vun deem Grof vu Lëtzebuerg ugeschmiert gi wier, an dee sech net méi géif weisen, seet de René, wien hien ass, mä hie stéing nun emol beim Prënz am Wuert.

Mä wéi et sou geet: de Basil muss op Uerder vum Zar eng ural Gräfin bestueden, an de René huet säi beschlagnaamt Verméigen erëmkritt.

Kuckt och änneren