Simmerschmelz
Lieu-dit a Lëtzebuerg
Simmerschmelz ass e Lieu-dit an der Gemeng Habscht. E läit op enger Héicht vun ongeféier 256 m (NG-L), um CR104 südwestlech vun der Simmerfarm, um rietsen Uwänner vun der Äisch.
Simmerschmelz | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Simmerschmelz de: Simmerschmelz |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Serge Hoffmann |
Awunner | 12[1] (Jan. 2018) |
Koordinaten |
49° 41’ 42’’ N 05° 59’ 14’’ O |
Den Numm kënnt vun der fréierer Schmelz där hiren Urspronk op de 5. Oktober 1624 zréckgeet. Se läit am Äischdall do wou eng kleng Baach, déi vum Olmesbur kënnt an déi fréier d'Schmelzeweiere gefiddert huet, an d'Äisch leeft.
Direkt niewendrun läit de Lieu-dit Simmerfarm, wou fréier eng Ziichterei fir Heelplanze war.
Bis Enn 2017 louch Simmerschmelz an der Gemeng Simmer. Op den 1. Januar 2018 ass dës mat der Gemeng Habscht fusionéiert.
BillerÄnneren
LiteraturÄnneren
- Jacques Dollar: La Simmerschmelz et les Forges d'Ansembourg.
Kuckt ochÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ "La commune se présente" op hobscheid.lu.