Den Teide oder Pico del Teide ass e Vulkan op der Kanareninsel Teneriffa. Mat 3.715 (oder 3.718) Meter ass seng Spëtzt net nëmmen deen héchste Punkt vun der Insel, mee och vun allen Atlantikinselen a vu ganz Spuenien.

Nordostsäit.
De Pico del Teide mat vir dem Roque Cinchado.

D'Wuert Teide gëtt op echeide zeréckgefouert, dat an der Guanche-Sprooch "Hell" oder awer "Schnéi-Bierg" heescht.

Den Teide steet op enger Caldeira, der Caldeira de las Cañadas, op ronn 2.000 Meter. Et kann ee vun do mat enger Seelebunn bis op 3.555 eropfueren, an dann nach zu Fouss weider erop bis bei de Krater trëppelen, deen en Duerchméisser vu 70 Meter huet, a 45 Meter déif ass. Déi bis ewell lescht Eruptioun war tëscht dem 18. an dem 27. November 1909, woubäi en neie Kegel, den Chinyero, entstanen ass.

Den Teide läit am Teide-Nationalpark, deen op der UNESCO-Lëscht vun den Natur-Weltierwen agedroen ass.

2016 hunn iwwer 4 Millioune Leit den Teide besicht.

Um Spaweck änneren

Commons: Teide – Biller, Videoen oder Audiodateien