Mineralwaasserquell Bel-Val

Quell um Belval

D'Mineralwaasserquell Bel-Val entspréngt um haitege Site vu Belval, an der Gemeng Suessem, op enger Héicht vun 304 m iwwer dem Mier.

Mineralwaasserquell Bel-Val
D'"Halle de soutirage" ufanks vum 20. Joerhonnert.
Land Lëtzebuerg
Plaz Belval
Koordinaten 49° 30’ 13.4’’ N
      05° 56’ 24.8’’ O
Datum vum Bau 1893
Ofgerappt oder zerstéiert 1935

1885 huet de Joseph Steichen-Mongenast den Haff "Ernshof" am Südoste vu Bieles geierft. Well zu där Zäit Bieles nach keng Waasserleitung hat, huet de Steichen an enger Supp, déi eng 250 m vum Haff ewech war, e Pëtz buere gelooss. 1887 huet en e Laboratoire ugestallt, d'Waasser z'ënnersichen. Dobäi koum eraus, datt d'Waasser propper a räich u Mineraler, dorënner och Eisen a Kalzium, war. Duerch d'Filtere gouf Eisen a Kalzium och zu Pëlle veraarbecht, déi an Apdikte verkaaft goufen[1].

1888 gouf ugefaange mat bueren an d'Quell gouf entdeckt. D'Waasser hat stänneg eng Temperatur vun 10 ° Celsius an d'Quell hat en Debit vun 300.000 Liter am Dag.

1891 gouf d'Quell gefaasst.

1893 gouf d'Mineralwaasser an de Commerce bruecht. Um Ufank ass et a stenge Kréi verkaaft ginn. Eréischt 1902 gouf et a gréng oder wäiss Glasfläsche vun engem oder engem hallwe Liter gezaapt.

1902 gouf d'Société Anonyme Générale des eaux minérales de Bel-Val gegrënnt. D'Waasser gouf net nëmmen zu Lëtzebuerg verkaaft, mä och an Europa, an Nord- a Südamerika, Afrika an a China exportéiert, eng zwou Millioune Fläschen am Joer[1].

1910 waren eng 50 Aarbechter ugestallt, haaptsächlech Fraen.

1935 gouf mat der Produktioun opgehalen.

1937 gouf d'Fabréck un Arbed-Belval verkaaft an d'Fabréckshale stoungen eidel, d'Haiser blouwen awer bewunnt.

1942 koumen déi éischt sowjetesch Krichsgefaangen, déi op Arbed-Belval agesat goufen an d'Fabréckshale goufe vun der Wehrmacht als bewaacht Lager ëmfunktionéiert. No der Befreiung gouf dëst Lager fir d'Internéierung vu Gielemännercher benotzt.

1958 goufen d'Reschter vun der Fabrick an der Villa ofgerappt.

2002 gouf déi al Quellefaassung mat alle Réier "erëm" entdeckt, a Bëtong gefaast an en Deckel drop gemaach.

Fir de Projet Kulturhaaptstad Esch 2022 hat d'Gemeng Suessem wëlles, ronderëm d'Quell zwéi Pavillonen opzebauen, déi ë. a. iwwer d'Geschicht vun der Quell informéiere sollten. Architekte waren den David Richiuso an den Dominique Bouche vum Kollektiv BeBunch.[2][3]

Op d'parlamentaresch Fro vum Georges Mischo a Marc Spautz zu enger eventueller Nei-Notzung vun der Quell Bel-Val huet d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring am Oktober 2022 geäntwert, datt d'Quell wuel kaum méi genotzt wäert ginn well d'Garantie vun der Drénkwaasserqualitéit op engem Site vun enger fréierer Schwéierindustrie mat enger aktueller staarker urbaner Entwécklung net realistesch wier.[4],[5]

Literatur änneren

  • Wagner, M., 2019. De Betonsdeckel op der Source-Belval. Lieserbréif am Luxemburger Wort vum 14. August 2019, S. 23. [De Marcel Wagner ass den Enkel vum Dominik Wagner, éischte Quellemeeschter op der Source-Belval (bis 1914)].
  • Wolff, L., 2020. Die verschollene Quelle. Pavillon im Park Belval soll an Geschichte des einst dort vertriebenen Mineralwassers erinnern. Luxemburger Wort vum 4. Dezember 2020, S. 31.

Um Spaweck änneren

Commons: Mineralwaasserquell Bel-Val – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Inna Ganschow, Als Bel-Val für Mineralwasser stand op wort.lu vum 11.3.2018 an Die vergessene Quelle von Belval, Luxemburger Wort, 8. Mäerz 2018, Seite 21.
  2. "Pavillon soll an Quelle Bel-Val erinnern." wort.lu, 3. Dez. 2020.
  3. Agora.lu, Le Pavillon Source Bel-Val : comme si l'eau de source pouvait parler Gearchiveerd op 2022-12-21. Gekuckt de(n) 21. Dezember 2022.
  4. Question Parlementaire N°6691, Source Bel-Val. Gekuckt de(n) 8. Oktober 2022.
  5. Glenn Schwaller: "Warum die Wasserquelle in Belval nicht wieder angezapft wird." wort.lu, 07.10.2022, och als: "Wasserquelle Bel-Val erhält wohl kein zweites Leben." Luxemburger Wort, 8. Oktober 2022, S. 22.