Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.

Barcelona
Vue iwwer Barcelona
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft
Katalounien
Provënz Barcelona
Awunner 1.595.110 (INE 2007)
Fläch 100,40
Koordinaten 41° 24’ 00’’ N
      02° 10’ 00’’ O
Telefonszon 93
Postcode 08001–08042
Websäit https://www.barcelona.cat


Barcelona am Joer 1929
De Museu d'Art de Catalyuna

Geographie änneren

Barcelona läit um Mëttelmier am Nordoste vu Spuenien, ongeféier 160 km südlech vun de Pyrenäen an der Grenz mat Frankräich. Et ass déi zweetgréisst Stad a Spuenien an déi gréisst a Katalounien. Mat de Faubourge liewen do ronn 3 Mio. Leit.

Distrikter änneren

 
D'Distrikter vu Barcelona

Barcelona ass an 10 Distrikter agedeelt:

Klima änneren

Barcelona huet e Mëttelmierklima. An alle Joreszäite sinn d'Temperaturen agreabel mat meeschtens sonnegen Deeg. Den August ass de wäermste Mount mat ëm déi 30 Grad, tëscht dem November an dem Februar leien d'Temperaturen am Duerchschnëtt bei 12 Grad.

Geschicht änneren

D'Geschicht vu Barcelona huet virun 2000 Joer mat der ibeerescher Uertschaft Barkeno ugefaangen. Déi Uertschaft louch op engem Küstenofschnëtt tëscht dem Collserola-Kamm an dem Mëttelmier um Wee vun Zentraleuropa bis op d'Ibeeresch Hallefinsel.

Kultur a Kuckeswäertes änneren

Barcelona huet eng laang Geschicht, an et fënnt ee vill Bauwierker aus der Romanik, Gotik, Renaissance oder souguer nach méi al Epochen. Ëm d'Joerhonnertwenn war Barcelona en Zentrum vum modernistesche Stil, an et war haaptsächlech den Antoni Gaudí, deen zesumme mat aneren der Stad en neit Gesiicht ginn huet. Déi bekanntst Gebaier sinn d'Sagrada Familia, d'Casa Milà, de Park Güell oder nach d'Casa Batlló. Kuckeswäert ass och dat typescht Spuenescht Duerf, dat zu Barcelona nogebaut gouf.

Muséeën änneren

Déi grouss Auswiel vu Muséeën zu Barcelona bitt Informatioune vun zäitgenëssescher Konscht bis hin zu romanesche Fresken.

1985 hunn d'Renovatiounsaarbechten un alle stättesche Muséeën ugefaangen an déi meescht si mëttlerweil erëm fir déi Intresséiert op. Déi wichtegst Musséeë sinn:

  • de Museu Frederic Marès mat enger bedeitender Skulpturesammlung vu Spuenien
  • de Museu Picasso, dee meescht besichtene Musée mat Wierker vum moderne Kënschtler aus senger Ufängerzäit
  • d'Fundació Joan Miró, vum Miró selwer gegrënnt, fënnt een hei Wierker vun him, vu sengen éischten Zeechnungen am Joer 1901 bis zu senge leschte Monumentalbiller
  • de Museu d'Art de Catalyna, mat weltwäit eenzegaartege romanesche Konschtwierker
  • de Centre de Cultura Contemporània, den Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht
  • de Museu d'Història de la Ciutat, de Stadmusée an de Katakombe mat katalounescher Geschicht
  • de Museu Castell de Montjuïc & Museu Militar, eng fréier Festungsanlag mat enger Ausstellung vu Waffen an Uniformen, a vun deem aus een eng Vue iwwer ganz Barcelona huet.
 
Vue iwwer Barcelona vum Nationalmusée aus

Kulturierwen änneren

Evenementer änneren

Educatioun änneren

Partnerstied änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren


Commons: Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien