Dësen Artikel beschäftegt sech mat den Zwillingen am Allgemengen. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Zwilling (Homonymie).

Zwillingen (lat.: gemini) sinn, medezinesch genee formuléiert, zwee Kanner vun enger Mamm an engem Papp, déi de selwechten Dag prokreéiert (a meeschtens och gebuer) goufen. D'Wuert "Zwilling", ass vun zwee ofgeleet an heescht ursprénglech "wat et zweemol gëtt", "wat duebel ass".

Déi zwou bekanntst Forme vun Zwillinge sinn:

  • Eeneeëg Zwillingen (monozygotesch), déi aus enger befruchter Eezell (Zygote) entstane sinn, déi sech am Laf vun der Entwécklung an zwéin Embryonen entwéckelt huet. Eeeneeëg Zwillingen hunn deemno dat selwecht geneetescht Ierfmaterial a gläiche sech dacks vill.
  • Zweeeeëg Zwillingen (dizygotesch), déi aus zwou Eezellen, déi an engem Zyklus zeideg goufen, entstane sinn, an déi vun zwéi Spermie befrucht goufen. Zweeeeëg Zwillingen hunn net méi Glach ënnerenee wéi soss Gesëschter.

Wa bei eeneeëgen Zwillingen d'Eezell sech eréischt nom 13. Dag vun der Befruchtung deelt, kann dës Deelung net méi komplett sinn; an deem Fall kënnt et zu sougenannte Siameeseschen Zwillingen.

An der Moyenne ass all 40. Gebuert op der Welt eng Zwillingsgebuert. Dobäi gëtt et grouss regional Ënnerscheeder: Bei de Yoruba ass et zum Beispill all 6. Gebuert, iwwerdeems et a Japan nëmmen all 100. ass. An Europa gëtt et am Norde méi dacks Zwillinge wéi am Süden.

D'Heefegkeet tëscht eeneeëgen an zweeeeëgen Zwillinge läit, jee no Regioun a Joer, tëscht 1:4 an 1:1. A räiche Länner kënnt et an de leschte Jore méi dacks zu zweeeeëgen Zwillingsgebuerten, wat op hormonal Traitementer vu Fraen, déi Problemer haten, nach Kanner ze kréien, zeréckzeféieren ass: Déi Traitementer hunn d'Ovulatioun vu méi wéi enger Eezell pro Zyklus provozéiert.

Bekannt Zwillingen änneren

Mythologie änneren

Reell Persounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zwillingen – Biller, Videoen oder Audiodateien