Den Albert Elter, gebuer den 10. Februar 1890 a gestuerwen de 25. Mee 1959[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Albert Elter
Gebuer 10. Februar 1890
Gestuerwen 25. Mee 1959
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Famill
Geschwëster Robert Elter

Genee wéi säi méi jonke Brudder Robert huet hien och bei der Spora gespillt.

Den 29. Oktober 1911 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Frankräich gespillt an an deem Match och den eenzege Gol fir Lëtzebuerg geschoss.[3] Et war dëst deen éischten offizielle Match vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp an engem Lännermatch, an deemno deen éischte Gol iwwerhaapt zu Gonschte vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 146 (26.05.1959), p. 7. Digitised by the National Library of Luxembourg.
  2. Den Albert Elter op der Websäit Weltfussball.de
  3. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Albert Elter op der Websäit vun European Football
  4. Albert Elter. In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 149 (29.05.1959), p. 10. Digitised by the National Library of Luxembourg.