Kirkenes (norweg. [çɪrkənɛs]) ass eng Stad an der Gemeng Sør-Varanger, ganz am Oste vun der Provënz Finnmark an Nord-Norwegen.

Foussgängerzon zu Kirkenes am Februar 2005

D'Stad ass de Verwaltungssëtz vun der Gemeng Sør-Varanger. Si läit um Varangerfjord an huet 4.900 Awunner. Kirkenes läit um selwechte Längtegrad wéi Sankt Péitersbuerg a Kairo. Zirka 15% vun den Awunner kommen aus dem Ausland. D'Distanz zur Grenz mat Russland bedréit ongeféier 10 km, déi zu Finnland ongeféier 35 km.

Wirtschaft a Verkéier änneren

Kirkenes ass als Verschëffungshafe fir Eisenäerz entstanen. Bis zum Joer 1996 hunn déi meescht Awunner vum Ofbau vun de räichhaltegen Eisenäerzer gelieft. Haut ass d'Fëscherei an den Déngschtleeschtungssecteur d'Haaptakommesquell vun den Awunner vu Kirkenes.

Zanter 1908 ass d'Stad d'nërdlech Endstatioun vun de Schëffer vun der Hurtigruten. Well den Hafe wäit bannenan am Varangerfjord läit, do wou dem Golfstroum net hikënnt, muss den zougefruerene Fjord dacks vun Äisbriecher fräigemaach ginn.

De Fluchhafen zu Høybuktmoen gëtt pro Joer vun ongeféier 150.000 Passagéier benotzt.

Geschicht änneren

Kirkenes war am Zweete Weltkrich mat engem Total vun 320 Loftattacken eng vun de meeschte bombardéierte Stied an Norwegen. An der Uertschaft waren ongeféier 30.000 däitsch Zaldoten stationéiert. Si war wichteg fir d'Verdeedegung vun de Minièren an dem Zougang zum Hafe Murmansk, den eenzegen Hafen am europäeschen Deel vun der deemoleger Sowjetunioun, deen net vun den Däitschen Truppe kontrolléiert gouf. Am Zweete Weltkrich gouf Kirkenes souzesoe ganz zerstéiert. Nëmmen ongeféier 20 Haiser si stoe bliwwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Kirkenes – Biller, Videoen oder Audiodateien