Autobunn A13 (Lëtzebuerg)


A13
Collectrice du Sud, Saarautobunn

Zeechen Verdeeler
Biff (Rond-point André Siebenbour)
1 Péiteng
2 Suessem
3 Déifferdeng
Tunnel Aessen
Tranchée couverte Éilereng
4 Éilereng
A4 Kräiz Lankelz
5 Esch-Uelzecht
A4 Verdeeler Esch
6 Schëffleng
7 Keel
8 Biereng
A3 Beetebuerger Kräiz
9 Helleng
10 Fréiseng
Tranchée couverte Fréiseng
11 Altwis
Viaduc vun Altwis
Tranchée couverte Munneref
12 Munneref
Tunnel Markusbierg
13 Schengen
Viaduc vu Schengen;
Däitsch Grenz

D'Autobunn A13, westlech vum Beetebuerger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dovun Saarautobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantone Capellen, Esch-Uelzecht an Réimech. Se fänkt zu Käerjeng op der Biff un (fréier Bifurcatioun vun den Nationalstroossen N5 an der fréierer N6).

D'Opfaart zu Fréiseng, 2003 gebaut a bis 2022 wéinst kontestéierte Besëtzverhältnisser gespaart.

Se féiert dann duerch de Minettsbaseng laanscht Suessem, Zolwer, Éilereng, an Esch-Uelzecht.

Tëscht der Ausfaart Lankelz an der Ofzweigung fir op Diddeleng leeft s'e Stéck iwwer d'A4 op enger Längt vun ongeféier 2 km.

Kuerz viru Féiz dréint se an den Uelzechtdall a geet op der Héicht vu Schëffleng iwwer dee Floss. Duerno leeft se duerch en Deel vun der Keeler Gemeng weider op Diddeleng a Beetebuerg.

Nodeem se iwwer d'Kräiz vu Beetebuerg ewech ass, wou se och Uschloss un d'A3 huet, dréint se an den Dall vun der Gander deem se noleeft bis op Munneref. Op deem Deel ass se op den Terraine vun den Uertschaften Helleng, Fréiseng, wou s'ënnert der N3 erduerch leeft, Uespelt an Altwis.

Si leeft weider laanscht Elveng, a Biermereng wou se duerch den Tunnel Markusbierg geet fir an de Museldall ze kommen.

Iwwer d'Musel geet se mam Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz fir op déi däitsch A8 ze kommen.

D'A13 ass 42,7 km laang. De westlechen Deel war 1994 fäerdeggestallt ginn, den ëstlechen eréischt 2004. Dobäi gouf et bis 2016 bei der Ausfaart Helleng e kuerzt Stéck, dat gefeelt huet, an dat duerch e Bypass ersat huet misse ginn: Bis 2013 huet eng Geriichtsaffär, an där d'Enteegnung vum Terrain, iwwer deen d'Autobunn sollt goen, kontestéiert gouf, verhënnert, datt s'op e puer honnert Meter fäerdeg gebaut konnt ginn[1]. Den 10. Juni 2014 huet d'Chamber dann eestëmmeg de Budget fir déi Aarbechten (maximal 34,2 Milliounen Euro) votéiert. Am Fréijoer 2015 hunn d'Aarbechten ugefaangen[2], déi bis September 2016 gedauert hunn[3]. Den 28. Juli 2017 waren och d'Aarbechten un der Ausfaart, mam Uschloss un d'N13, fäerdeg[4].

D'Opfaart zu Fréiseng an Direktioun Schengen blouf souguer, wéinst enger anerer Geriichtsaffär, bis de 6. Juni 2022 gespaart[5],[6]

Soss änneren

De Film Autobahnraser gouf op der Saarautobunn gedréint, ier déi fir den normale Verkéier opgemaach gouf. Dofir gouf se kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert'.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Autobunn A13 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. "Staat kritt Terrainen: Saarautobunn ka fäerdeg gebaut ginn." RTL.lu - 10.05.2013, 15:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.05.2013, 16:22.
  2. "Bypass Hellingen: Der Knoten platzt." wort.lu, 10. Juli 2014, 11:00.
  3. "Dès lundi 5 septembre 2016: Fini le bypass d'Hellange, l'A13 file tout droit sur deux voies." wort.lu/fr, 31 août 2016 à 19:08.
  4. "Opfaart an Offaart Helleng ass op." rtl.lu, 29.07.2017, 19:47:59.
  5. "Nach fast 20 Jahren: Autobahnauffahrt in Frisingen soll im Sommer öffnen." wort.lu, 28.04.2022.
  6. "20 Joer méi spéit: Saarautobunn - D'Opfaart zu Fréiseng ass fir den Trafic op." rtl.lu, 06.06.2022.